De
Joseph-Emile Muller
, gebuer den
20. Maerz
1911
zu
Kielen
a gestuerwen den
31. Dezember
1999
zu
Berbuerg
, war e
letzebuergesche
Konschtkritiker an Auteur. Hie war Konservator an der
section des beaux-arts
am
Nationalmusee
.
[1]
Hie war enner de
Pseudonymen
Ioseph-Emile, Bert Helmuth, Kurt Reinholdt, Helmut Gunter oder nach Helmut Kuno Beck bekannt.
No senger Premiere
1929
am
Athenee de Luxembourg
ass en an d'Assurancewiese schaffe gaangen. 1945 ass hie vum
Pierre Frieden
, deemolege Minister, zum Zoustannege fir de
service d'education esthetique
am
MNHA
ernannt ginn. Duerno war hien Direkter vum
service des beaux-arts
. Hien huet eng sellege Konferenze gehalen, enner anerem zu
Letzebuerg
,
Breissel
,
Antwerpen
,
Parais
a
Moskau
. En ass e puermol warend de Konferenzen zu Letzebuerg vum
Batty Weber
als Kommunist vernannt ginn, well hien dei deemoleg effentlech Uerdnung a Fro gestallt huet.
1977 huet hien d'
Association des Amis du Musee National d'Histoire et d'Art
nei gegrennt, dei am
zweete Weltkrich
verbuede gi war, a war och hire President bis 1991.
[2]
Hien huet och d'Organisatioun
Aica Luxembourg
gegrennt, dei letzebuergesch Sektioun vun der internationaler Associatioun vun de Konschtkritiker.
[3]
De Joseph-Emile Muller war e groussen Ennerstetzer vum
Joseph Kutter
an huet 1945, 1946, 1967 an 1981, am Ganze veier Monographien iwwer de Kutter erausginn.
1988
krut hien d'
Paul-Henkes-Medail
fir sain Engagement am Dengscht vun der Letzebuerger Kultur.
Seng lescht Joren huet hien am Hospiz vu Berbuerg verbruecht, wou e senger Sekretarin seng Biographie
Zuerst im Schatten, dann im Licht
dikteiert huet. Hien ass do den
31. Dezember
1999
gestuerwen.
- 1968.
Rembrandt. L’homme et son œuvre.
Paris: Aimery Somogy, 271 p. (Collection: Les plus grands 15). [id: Joseph-Emile Muller,
Rembrandt: Der Mench und sein Werk
, Bertelsmann Lesering, 272 S.]
- 1976.
Lucien Wercollier.
Collection: Les Maitres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Editions d'Art, Paris. 49 S. D'Fotoe si vum
Edouard Kutter
jr.,
Raymond Mehlen
,
Lex Reding
,
Pitt Schneider
a
Marcel Schroeder
.
ISBN 2-85067-038-3
.
- 1983.
Lucien Wercollier
. Publication de la
Section des arts et lettres
de l'
Institut grand-ducal
. Imprimerie Saint-Paul, Letzebuerg. 132 S.
- 1999.
Zuerst im Schatten, dann im Licht
. Editions des Cahiers luxembourgeois; Letzebuerg; 126 S.
- "Robert Thill: "Joseph-Emile Muller (1911-1999) ? Vom linksradikalen Literaten zum profilierten Kunstkenner. Sein Einsatz fur deutsche Exilliteratur und antifaschistische Autoren in den 1930er Jahren." In:
Aufbruche und Vermittlungen: Beitrage zur Luxemburger und europaischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et mediations: Contributions a l'histoire litteraire et culturelle au Luxembourg et en Europe.
Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, 2010, S.535-556.
- ↑
Romain Hilgert
:
Erinnerungen eines Intellektuellen und Kunstpapsts
,
d'Letzebuerger Land
, 4. Februar 2000
- ↑
www.amisdesmusees.lu
Archiveiert
de(n) 2012-01-27. Gekuckt de(n) 2010-01-24.
- ↑
www.aica-luxembourg.lu
Archiveiert
de(n) 2009-08-05. Gekuckt de(n) 2010-01-24.