Dijon
ass eng
franseisch
Stad an d'Prefecture vum
Departement Cote-d'Or
an de Chef-Lieu vun der Regioun
Bourgogne-Franche-Comte
. Si lait ronn 310 Kilometer sudestlech vu
Parais
an 190 Kilometer nerdlech vu
Lyon
.
Aktuell ass Dijon d'Gemeng mat de meeschten Awunner am Departement an an der Regioun. 2012 hunn an der Stad 152.071 Leit gewunnt. Dei war domat dei 17 bevelkerungsraichst Stad a Frankraich. D'Agglomeratioun "Grand Dijon", dei 2000 gegrennt ginn ass, hat 2011 245.697 Awunner.
Am
14.
an am
15. Joerhonnert
war Dijon d'Haaptstad vum
Herzogtum Bourgogne
; doweinst fennt een och haut nach e raiche geschichtlechen an architektonesche Patrimoine. Och weinst sengem gastronomesche Ruff ass Dijon eng touristesch attraktiv Stad ginn.
Wirtschaftlech spillt besonnesch den Dengschtleeschtungssecteur eng bedeitend Roll, ma och als agro-alimentairen Zentrum ass Dijon gutt etableiert. Sou huet Dijon dem bekannte
Moschter
der
Moutarde de Dijon
den Numm ginn an d'
Creme de Cassis
huet och hir Originnen do.
Zu de bekannte Symboler vun der Stad geheieren d'Skulptur vun enger
Echel
op der Flank vun enger Kapell vun der
Kierch Notre-Dame
an dei vun engem
Aisbier
den
Ours Pompon
am
Parc Darcy
, eng Replique vun enger Skulptur vum
Francois Pompon
vun dar d'Original vun 1922 am
Musee d'Orsay
steet.