Als
NATO
(
North Atlantic Treaty Organisation
, och:
Organisatioun vum Nordatlantik-Traite
, op Franseisch
l'Organisation du traite de l'Atlantique nord
an op Spuenesch
Organizacion del Tratado del Atlantico Norte
, ofgekierzt
OTAN
) gett d'Institutioun bezeechent, dei den Nordatlantikvertrag, eng
militarescht
Allianz vun
europaeschen
an
nordamerikanesche
Staaten, emsetzt.
Memberstaate vun der NATO an Europa
De Setz vum Nordatlantikrot, dem Haaptorgan vun der NATO, ass zanter 1967 zu
Breissel
.
Zu de Grennungsmemberen, dei zanter
1949
an der NATO sinn, zielen d'
Belsch
,
Danemark
,
Frankraich
,
Island
,
Italien
,
Kanada
,
Letzebuerg
,
Holland
,
Norwegen
,
Portugal
, d'
Vereenegt Staate vun Amerika
a
Groussbritannien
.
Am Joer
1952
sinn d'
Tierkei
a
Griicheland
der Organisatioun baigetrueden, an zanter
1955
ass d'
Bundesrepublik Daitschland
Member vun der NATO.
Spuenien
ass der Allianz
1982
baigetrueden an
1990
huet d'Ausbreedung vum NATO-Vertrag ganz
Daitschland
mat abezunn.
Am Zuch vun der
NATO-Osterweiderung
sinn
1999
d'
Tschechesch Republik
,
Polen
,
Ungarn
an
2004
nach
Estland
,
Lettland
,
Litauen
,
Bulgarien
,
Rumanien
, d'
Slowakei
, a
Slowenien
NATO-Membere ginn.
2009
koumen
Albanien
a
Kroatien
dobai,
2020
Nordmazedonien
.
2023
gouf
Finnland
Member an
2024
Schweden
.
Frankraich
war, am Kontext vun der
gaullistescher
Onofhangegkeetspolitik, vun
1966
bis
Maerz
2009
net mei an de Militarstrukture vun der NATO integreiert. Geneesou ware
Griicheland
an der Zait vun
1974
bis
1981
a
Spuenien
vun
1986
bis
1999
aus dese Strukture kuerzfristeg ausgescheet. E Sonnerfall ass
Island
, dat keng eegen Armei huet a sech dofir awer zu medezinescher Hellefsleeschtung verflicht huet.
Inhalt vum Nordatlantik-Traite
anneren
Den eigentlechen Nordatlantik-Traite gesait eng
Defensivallianz
ouni automatesch
militaresch
Baistandsflicht vun de Membere vir. Dei eischt Artikele vum Traite verflichten d'Memberen zur friddlecher Konfliktbaileeung a frendschaftlecher Gestaltung vun internationale Relatiounen. Och d'Erhale vun der westlech-liberaler Gesellschaftsuerdnung mat politescher, ekonomescher, sozialer a kultureller Zesummenaarbecht an Unerkennung vun demokratesche Prinzipien ass Bestanddeel dovun.
Fir de Fall vun engem bewaffenten Ugreff op ee vun den NATO-Staate verflicht den Traite dei aner Memberen zu der sougenannter kollektiver
Selbstverdeedegung
.
Fir d'Emsetze vun den duerch den Traite virgeschriwwene Mechanismen a Verflichtungen ass d'Grennung vun der Organisatioun vum Nordatlantik-Traite, aus dem Nordatlantikrot an den nogelagerte Stellen, virgesinn.
Nato-Sommet 2002.
D'NATO ass eng meistufeg a komplex Organisatioun, dei souwuel militaresch wei och zivil Verwaltungsstrukturen huet. All Entscheedunge bannent der Organisatioun ginn nom
Konsensprinzip
getraff.
Den ieweschte Gremium vun der NATO ass den
Nordatlantikrot
mat Setz zu
Breissel
, dei eenzeg Institutioun vun der NATO, dei explizit am Nordatlantik-Traite genannt gett. Dese befaasst sech mat alle Beraicher vun der Budnispolitik ? mat Ausnam vun der Verdeedegungsplanung an der Nuklearpolitik.
Den Nordatlantikrot kennt weinstens eemol pro Woch um Niveau vun de permanente Vertrieder, den
Ambassadeure
vun alle Member-Staaten zesummen, all halleft Joer um Niveau vun den
Aussen- a Verdeedegungsministeren
an all drai Joer um Niveau vun de
Staats- a Regierungsministeren
. Autoriteit an Entscheedungsbefugnisser sinn awer onofhangeg vum Niveau, an de Rot huet emmer de selwechte Stellewaert an dei selwecht Geltegkeet.
Leedent
Exekutivorgan
ass de
Generalsekretar
, dee vun de Regierunge vun de Member-Staaten ernannt gett. Hien ass President vum Nordatlantikrot a vun allen aneren heichrangege Comiteen, a verantwortlech fir d'Ferderung an d'Steiere vum
Konsultatiouns
- an Entscheedungsfindungsprozess an der Allianz. Aktuelle Generalsekretar ass zanter dem Januar Norweger
Jens Stoltenberg
.
Dei wichtegst Comitee sinn de
Verdeedegungsplanungscomite
an d'
Nuklear Planungsgrupp
, dei all halleft Joer um Niveau vun de
Verdeedegungsministere
beienee kommen.
De
Militarausschoss
ass den ieweschte militaresche Gremium vun der NATO. En ennersteet dem Nordatlantikrot, dem Verdeedegungsplanungsausschoss souwei der Nuklearer Planungsgrupp a bereit dei a Froe vun der
Militarpolitik
a -strategie. En trefft sech eemol an der Woch um Niveau vun den nationale militaresche Vertrieder, souwei draimol d'Joer um Niveau vun den
Etat-majoren
.
D'Ziler dei am Nordatlantik-Traite formuleiert sinn, hu sech am Laf vum sengem Bestoen net geannert an den Traite u sech ass a sengem Wuertlaut zanter 1949 onverannert. Allerdengs goufen d'Aufgabe vun der NATO u verannert secherheetspolitesch Situatiounen ugepasst a ginn aktuell anescht interpreteiert.
Warend der Zait vum
Kale Krich
huet d'Haaptaufgab vun der NATO dora bestanen, d'Fraiheet an d'Secherheet vun de Member-Staaten duerch Ofschreckung,
Opreschtung
a stanneg Ofwierbereetschaft ze garanteieren.
D'
Vereenegung
vun Daitschland, den Zerfall vum
Warschauer Pakt
a vun der
UdSSR
grad ewei d'Demokratiseierung vun den
Ostblock
-Lanner waren d'Ausleiser vun enger grondleeender Annerung vum secherheetspoliteschen Emfeld an Europa.
D'Aufgabe vun der NATO goufen un dei nei Lag ugepasst a sou wei et am Nordatlantik-Traite virgesinn ass, sinn d'Ofschreckung a Verdeedegung zwar Haaptaufgabe bliwwen, an dach sinn s'eischter an den Hannergrond gereckelt. Et gouf mei op
Dialog
an Zesummenaarbecht mat den ‘ale Geigner’ gesat a verschidde Partnerschaftsprogrammer si schliisslech op d'
NATO-Osterweiderung
erauskomm.
Um
Washingtoner
Sommet de 24. Abrell 1999 gouf dat daerzaitegt strateegescht Konzept ugeholl. Et beschreift Ziler an Aufgaben, analyseiert d'secherheetspolitesch Lag a leet dovu strateegesch Perspektiven an Aufgaben of. Duerch d'Bestoen an Staerkung vun der transatlantescher Bindung soll eng meiglechst enk transatlantesch Bindung d'Secherheet vun Europa an Nordamerika verknappen. Mam Oprechterhalen a Weiderentwecklung vun effektive militaresche Faegkeete gett d'Verdeedegungsbereetschaft vun de Member-Staate sechergestallt. Wichtegst Annerung ass awer d'Feststellung, datt fir Konfliktverhennerung an d'Krisebewaltegung och militaresch Operatioune “baussent dem NATO-Gebitt” zur prophylaktescher Geforenofwier meiglech si sollen (soug. ?
Out-of-Area
-Asaz“). Des Weidere behalt sech d'NATO vir, och ouni
Mandat
vun der
UNO
a Krisegebidder ze interveneieren (soug.
Out-of-United-Nations
-Asaz“, kuckt
Kosovo
1998
).
NATO-Agreffer an international Konflikter, bei deene kee Member-Staat onmettelbar als Konfliktpartei bedeelegt ass, ginn iwwer den ursprengleche Verdeedegungsoptrag eraus a ginn dohier och dacks als ?
Out-of-defense
-Asaz” bezeechent.
Nom Enn vum
2. Weltkrich
goufe seier d'Geigesatz tescht de freieren
Allieierten
, der
UdSSR
op der enger an de westleche Gewennermuechte
Groussbritannien
an den
USA
, geneesou wei
Frankraich
op dar anerer Sait, offekenneg. Zanter dem
Breisseler Vertrag
vum 17. Maerz 1948 hu sech dei westeuropaesch Lanner wei
Frankraich
,
Groussbritannien
,
Holland
, d'
Belsch
a
Letzebuerg
zu enger Allianz fir wirtschaftlech, sozial a kulturell Zesummenaarbecht souwei fir d'kollektiv Eegeverdeedegung zesumme gedoen.
Nach warend deser Allianz, gouf mat der
Berliner Blockad
an dem
Prager Freijoer
d'Siicht op d'sowjetesch Expansioun geleet.
An der weiderer Entwecklung koum et amplaz zu enger eesaiteger Garantie vun den USA fir dei europaesch Allieiert aus dem Zweete Weltkrich zu engem wiesselsaitegen Ofkommes, dem Nordatlantik-Traite, deen de 4. Abrell 1949 vun de Grennungsmemberen ennerschriwwe gouf, an de 24. August dat selwecht Joer a Kraaft getrueden ass.
Entwecklung vun 1949 bis 1989
anneren
An den eischte Jore steet d'Gemeinschaft enner dem Androck vun der Berliner Blockad an dem
Koreakrich
; als Grondsaz gellt an deser Zait d'Ofwier vun engem Ugreff duerch d'
Rout Armei
meiglechst wait am Osten.
Duerch d'Ennerzeechnung vun de
Paraisser
Traiteen
am Joer 1954 gouf d'
Bundesrepublik Daitschland
zum Baitrett agelueden an de
6. Mee
1955 Member an der NATO.
Den 19. Mee 1955 gett weinst dem Baitrett vun der BRD an d'NATO de
Warschauer Traite
gegrennt.
Bei de Walen am Dezember 1965 gett a
Frankraich
de President
Charles de Gaulle
a sengem Amt bestategt an huet mat enger Annerung vu senger Verdeedegungspolitik ugefaangen. Mat der eischter franseischer Atomdetonatioun den 13. Februar 1960 ass d'Land an de Krees vun den Nuklearmuechte getrueden. Zanterhier war d'Selbstbewosstsinn vun der "
Grande Nation
" stanneg gewuess, dei zum Deel demutegend Behandlung duerch d'Allieiert warend dem
Zweete Weltkrich
erem an d'Erennerung zereckgeruff ginn. Sou huet den de Gaulle, deen dei undauernd Dominanz vun den USA an der NATO net akzepteiere wollt, verlaangt datt dei allieiert Truppen (US-Amerikaner a Kanadier), dei a Frankraich stationeiert waren, enner franseische Kommando komme sollten. Dat huet d'US Regierung awer aus dem bekannte Prinzip refuseiert. Doweinst huet de franseische President am Februar 1966 den Ofzuch vun den allieierten Truppen a vun den NATO-Haaptquarteiere gefuerdert, mat der Begrennung, ?Frankraich geif elo dei voll Ausubung vu senger Souveraniteit ustriewen, dei duerch d'Stationeiere vu frieme Straitkraften op sengem Buedem net garanteiert wier“, an huet glaichzaiteg de Reckzuch vu sengen Truppen aus der militarescher Integratioun vun der NATO erklaert. 30.000 friem Zaldoten hu Frankraich verloosse missen, de
SHAPE
gouf op
Casteau
an d'
Belsch
, d'
EUCOM
op
Stuttgart
an d'
AFCENT
op
Brunssum
an
Holland
verluecht. De 16. Oktober 1966 hunn d'Membere vum NATO-Rot op Drock vun den USA och eestemmeg d'Deplacement vun hirem ieweschte politeschen Organ op
Breissel
decideiert. Dat hat den de Gaulle net gefuerdert.
Bis 1966 gett d'Strategie vun der massiver Vergeltung verfollegt; als Reaktioun op den Ofbau vum sowjeteschen Atomwaffepotential gellt d'Premisse: Fir all ofgeschoss Sowjetesch-Rakeit antwert d'NATO mat villfachen eegenen Atomrakeiten, dei op d'
Sowjetunioun
ofgeschoss ginn.
Weinst dem
1967
vereffentlechten
Harmel
-Bericht
kennt d'Strategie vun der ofgestuufter Reaktioun (
Flexible Response
) zur Uwennung. Och fir d'Verrengerung vun nukleare Risike gellt net mei de Motto vun der massiver Vergeltung, ma d'NATO besennt sech op hir konventionell Straitkraften an dei nei entweckelt taktesch Nuklearwaffen. An de Joren duerno baut d'NATO en neit Selbstverstandnes op: D'Triade vu konventionellen, taktesch-nuklearen a strateegesch-nukleare Potentialer an d'Motto
Secherheet = Verdeedegung
an Entspanung, feieren zu neien Usatz tescht der NATO an dem Warschauer Pakt.
Den
1. August
1975 gouf de
KSZE
-Schlussakt ennerschriwwen, deen en eischte Schrett zu partnerschaftlecher a friddlecher Zesummenaarbecht an Europa duerstellt.
Den
NATO-Duebelbeschloss
aus dem Joer 1979 ass bis haut emstridden, well Noreschtung vu Mettelstreckerakeiten an Europa an dei glaichzaiteg Verhandlungsoffer un d'
UdSSR
feieren net direkt zur erhoffter Entspanung. Den Duebelbeschloss gouf vu Friddensaktivisten a ganz Europa warend den
Ouschtermarsch
schaarf kritiseiert. Op des erneit Wettreschten den Zesummebroch vum
Ostblock
matverursaacht huet oder op des Lanner och sou virum wirtschaftlechen
Kollaps
stoungen, ass bis haut emstridden.
Entwecklung vun 1990 bis 1999
anneren
Mat de friddleche ?Volleksrevolutiounen” um Gebitt vum
Warschauer Pakt
ass d'Haaptbedreeung fir d'NATO-Staaten ewechgefall. An der Iwwergangszait duerno sinn nei Iddien a Strukturen entstanen, wei zum Beispill d'
Partnerschaft fir de Fridden
. Mat desem Programm deen
1994
zu
Breissel
ausgehandelt gouf, huet d'NATO interesseierte mettel- an osteuropaesche Staaten Zesummenaarbecht a militareschen a secherheetspolitesche Froen an am Hibleck op eng Baitrettsperspektiv opgemaach. Doraus ass bei engem Sommet
1997
zu
Madrid
d'Invitatioun fir den NATO-Baitrett vu
Polen
,
Ungarn
an der
Tschechescher Republik
erfollegt.
1997 ass och zu
Parais
d'Grondakt mat Russland vereenbart ginn, dei en Enn vun der Geignerschaft vun NATO a Russland virgesinn huet. Intern gouf beschloss, d'NATO vun enger militarescher an eng mei politesch Organisatioun emzewandelen.
Zu den ?neien Iddien“ zielt och dei
1992
vun der NATO vereenbaart Bereetschaft dir d'?
Out-of-Area-
Asatz“. No der Ermachtegung vum UN-Secherheetsrot ware vun do un och Asatz baussent dem NATO-Territoire meiglech, zum Beispill a
Jugoslawien
oder an
Afghanistan
.
Fir seier kennen a Krisegebidder z'interveneieren, well d'Iddi vun de
bipolare
Bedreeungsgedanken net mei gi war, a well mei eng grouss Flexibiliteit neideg war, koum et zum Embau an de Feierungsniveauen an den institutionellen Opbaute vun der NATO an zu der Grennung vun enger Reaktiounstrupp (d'
NATO Response Force
, NRF) mat Land-, Loft- an Sei-Straitkrafte fir seier Asatz.
D'Folleg vun desem Beschloss waren dei aktiv Krichsasatz vun der NATO mat de Loftugreffer geint
Jugoslawien
warend dem
Kosovo-Krich
.
Konferenz vun de Verdeedegungsministeren zu Nice, 2005
Der Gefor duerch den internationalen Terrorismus zanter dem
11. September
2001
huet d'NATO nach weineg entgeintzesetze gehat. Traditionell huet sech d'Organisatioun als eng Allianz vu Staate geint d'Ugreffer vun anere Staate verstanen. Domat gouf et schweier desen Terrorugreff ? dee vu weinegen extremistesche Persounen ouni Krichserklarung vun engem ugraifende Land gemaach gouf ? anzeuerdnen.
Obwuel d'Memberen am Ugreff op den
World Trade Center
e bewaffenten Ugreff gesinn hunn, deen den Allianzfall ausgeleist huet, sou koum et zu deelweis ennerschiddlechen Aschatzungen, wat fir Konsequenzen ze zeie wieren.
D'
USA
a
Groussbritannien
hu vun de
Vereenten Natiounen
d'Ermachtegung fir en Ugreff op den Irak gefuerdert, ma dest gouf vun den aneren NATO-Memberstaaten (e.?a. Frankraich an Daitschland), dei am
UN-Secherheetsrot
vertruede waren, refuseiert.
Am Kader vun de Virbereedunge vun den Irak-Invasiounsplang vun den USA koum et dann an der NATO zu enger schweierer Kris:
Bei der Fro, ob der
Tierkei
preventiv Ofwiersystemer (daitsch Patriot-Loftofwierrakeiten) bereet gestallt solle ginn, datt se sech, am Fall vun engem Ugreff op den Irak, geint eventuell Geigen-Ugreffer verdeedege keint, hu
Frankraich
an d'
Belsch
e
Veto
ageluecht.
Daitschland
huet sech dem Veto speider ugeschloss (dest allerdengs ereischt no Fristoflaf, reng formell gesinn ass dese Veto dofir ongelteg, politesch war et allerdengs dofir net manner brisant). Dest huet zu enger Verstaerkung vun den transatlantesche Verstemmunge gefouert, dei et scho virdrun, tescht dese Lanner a
Russland
op der enger Sait an den
USA
a
Groussbritannien
op der anerer Sait gouf. Onkloer ass, wei sech dese Ress duerch d'Allianz op seng laangfristeg Perspektiv, als aus Siicht vun den USA relevant Militarallianz, auswierkt.
Den
2. Abrell
2004
sinn
Estland
,
Lettland
,
Litauen
, der
Slowakei
,
Slowenien
,
Bulgarien
a
Rumanien
der NATO baigetrueden.
Den
1. Abrell
2009
goufen
Albanien
a
Kroatien
Member.
De
27. Maerz
2020
gouf
Nordmazedonien
Member.
De
4. Abrell
2023
gouf
Finnland
Member.
De
7. Maerz
2024
gouf
Schwede
Member.
No der Ofschafung vum
obligatoresche Militardengscht
am Joer 1967, nodeem de “GTR” (
Groupement tactique regimentaire
, 1954-1959) an d'“Bataillon d'Artillerie” (1959-1967) an dei ”8. US-Infanterie Divisioun” dei zu
Baumholder
stationeiert war, integreiert ginn ass, ass doraus dat ”1. NATO Infanterie-Batailloun” entstanen. Dest Batailloun, dat vum CIM (
Centre d'Instruction Militaire
) opbruecht ginn ass, huet sech zesummegesat aus enger Kommando- a Service-Uniteit, zwou Infanterieskompanien an enger Opklarkompanie, d.?h. am Ganzen 366 Fraiwelleger a Kader. Zanter 1968 ass dest Batailloun en Deel vun der “ACE Mobile Force (LAND)” kuerz AMF(L) vun der NATO an huet am September 1969 fir d'eischt un engem Manover an
Danemark
deelgeholl. An de Joren duerno goufen emmer nees AMF-Manoveren an Danemark, an
Nordnorwegen
an der Geigend vum
Loftstetzpunkt Bardufoss
, an
Nordostgriicheland
an an der
Westtierkei
gemaach.
D'AMF (L) war eng multinational, konventionell a mobil Straitkraaft, dei direkt beim Optriede vu bewaffente Konfliktsymptomer an der bedreeter Regioun agesat konnt ginn. Des Straitkraaft huet dofir eischter eng, mat geziilt ofschreckender Wierkung, politesch Roll gespillt. Des Roll keint een als e “Show the Flag” bezeechnen. Am Joer
2002
huet d'AMF(L) sech opgeleist.
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
Militar-Transportfliger A400M
Zanter 1996 helt d'
Letzebuerger Armei
un ennerschiddlechen Operatioune vun der NATO deel, wei
SFOR
,
KFOR
oder
ISAF
. Letzebuerg bedeelegt sech och bei multinationale Programmer wei den
A400M
(Airbus Militar-Transportfliger).
D'Letzebuerger Armei ass reegelmeisseg mat Straitkraften un der Schnell-Reaktiouns Initiativ, dem Readiness Action Plan
RAP
vun der NATO, der NATO Response Force
NRF
an der neier Very High Readiness Joint Task Force
VJTF
bedeelegt.
[1]
D'
NSPA
, e logistesche Stetzpunkt vun der NATO, besteet zanter 1958 zu
Letzebuerg
mat Setz zu
Capellen
.
- Johannes Varwick / Wichard Woyke (Hg.),
Die Zukunft der NATO. Transatlantische Sicherheit im Wandel.
Opladen: Leske und Budrich 2000.
- Johannes Varwick (Hg.),
Die Beziehungen zwischen NATO und EU.
Leverkusen: Budrich 2005.