D'
Jeanne d'Arc
, gebuer de
6. Januar
1412
, gestuerwen den
30. Mee
1431
, och bekannt als
Pucelle de Lorraine
, ass eng Symbolfigur aus der
franseischer Geschicht
. D'Jeanne d'Arc gouf zu
Domremy
warend dem
Honnertjarege Krich
gebuer. Si war immens fromm an ass all samschdes zu
Bermont
, bei
Greux
an d'Kierch gaange fir ze bieden. Si huet dei franseisch Truppe geint den engleschen Eruewerer ugefouert. Ma als
Ketzerin
verklot, gouf dem Jeanne d'Arc de Prozess gemaach a si gouf op engem Holzkoup zu
Rouen
verbrannt.
D'Antwerten, dei si warend hirem Prozess ginn huet, a vun deem d'Minutten nach konserveiert sinn, weisen eng jonk Fra voller Mutt an Eierlechkeet, wat eng Erklarung ass, wei si d'Truppe konnt fir sech gewannen.
Kontext: Den Honnertjarege Krich
anneren
Warend engem Konflikt tescht
Frankraich
an
England
, deen als
Honnertjarege Krich
an d'Geschicht agaangen ass, hat d'franseisch Chevalerie eng schweier Neierlag an der
Schluecht vun Azincourt
am Joer
1415
geint d'Bouschetze vum
Henry V.
erlidden. D'Englanner haten de
Bou
perfektioneiert, a waren exzellent Bouschetzen. Si waren och mei disziplineiert wei d'Fransousen, wat si militaresch mei staark gemaach huet, quitt datt si an der Ennerzuel waren.
Eng grouss Partie vum franseischen Territoire, den Norde bis zu der
Loire
, war vun den Englanner besat.
Frankraich gouf zu dar Zait vum
Charles VI.
regeiert,
de Geckegen
. Hien hat e Jong, den
Dauphin
Charles
, Trounierwen deem seng Legitimiteit weinst den angeblechen Affare vu senger Mamm
Isabeau vu Bayern
kontesteiert gouf. De Charles VI. hat an engem Ufall vu Wansinn, wat mei dacks virkomm ass, sai Jong entierft, an de franseischen Troun den Englanner iwwerlooss.
Ausserdeem gouf et eng Rivaliteit tescht dem
Jean sans Peur
, Herzog vun der Bourgogne, an dem Dauphin Charles, dee vun der Famill
Armagnac
ennerstetzt gouf.
Bei enger Entrevue op der Breck vu
Montereau
den
10. September
1419
sollte sech den Dauphin an de Jean I. nees verdroen. Ma onglecklecherweis gouf de Jean I. vun engem Mann vum Dauphin, warscheinlech dem
Tanguy Duchatel
, erstach. De Jong vum Jean I., de
Philippe III. - de Gudden
, huet sech den Englanner ugeschloss, geneesou wei dei machteg
Paraisser
Universiteit.
D'Englanner hunn des Affar benotzt, fir de Fransousen den
Traite vun Troyes
opzezwengen, dee vun der
Isabeau vu Bayern
, Kinnigin vu Frankraich a Regente an dem
Henry V.
1420
ennerschriwwe gouf. Laut dem Traite sollt den Henry mat der
Catherine vu Valois
, Duechter vum Charles VI., bestuet ginn; nom Doud vum Charles sollt d'franseisch Kroun un hir Nofollger goen, a sou dei zwee Kinnekraicher vereenegen.
Desen Traite, deen dem Dauphin seng Ierfrechter geholl huet, gouf vum franseischen
Adel
net unerkannt. Nom Doud vum Charles VI. am Joer
1422
huet Frankraich
de facto
kee Kinnek dee
sacreiert
ass, an de franseischen Troun gouf vum mannerjaregen
Henry VI.
revendikeiert.
Vun Domremy op Chinon (1428 - Februar 1429)
anneren
Am Alter vun 13 Joer behaapt d'Jeanne, himmlesch Stemmen ze heieren, an zwar dei vun den hellege Catherine a Marguerite a vum Aerzengel Michel dei hir soen, si soll fromm sinn, a
Frankraich
vun den
Englanner
befreien, an domat dem Dauphin op den Troun hellefen. No villen Zweiwele mecht si sech am Alter vun nemme 16 Joer op de Wee. Am Nopeschduerf freet si fir kennen an d'Armei vum Dauphin opgeholl ze ginn. Hir Demande gett zweemol refuseiert.
Ee Joer mei speit kennt si nacheemol zereck an de
Robert vu Baudricourt
, Kapitan vu
Vaucouleurs
, akkzepteiert, him eng Eskort ze ginn, an domat d'Vollek roueg ze stellen. D'Jeanne hat sech an der Stad schonn en Numm gemaach, enner anerem wei si de kranken Herzog vu
Loutrengen
besiche war.
A Mannersaache gekleet, wat si bis zu hirem Doud maache waert, kennt si
inkognito
duerch de burgundeschen Territoire bis op
Chinon
, wou si endlech dem Dauphin begeine kann, nodeem de Baudricourt desem e Breif gescheckt hat. D'Anekdot erzielt datt si kapabel war den Dauphin Charles z'erkennen, dee sech einfach gekleet an der Mett vu senge Kurtisanen opgehalen huet. D'Jeanne gett am Tuerm vu Coudray ennerbruecht, de selwechten Tuerm an deem de Groussmeeschter vum Templeruerden,
Jacques de Molay
, agespaart war. D'Jeanne annonceiert kloer hir Aufgaben: d'Befreiung vun
Orleans
a sengem Herzog, d'
Kreinung
vum Kinnek zu
Reims
an d'Befreiung vu
Parais
. Nodeem si vun eklesiasteschen Autoriteiten zu
Poitiers
befrot gouf, a Matroune feststellen, datt si nach Joffer ass, gett de Charles sain Accord fir e Befreiungsplang vun Orleans, dat vun den Englanner
belagert
ass.
Jeanne, Krichschef (Abrell 1429 - Mee 1430)
anneren
D'Jeanne kritt eng Reschtung an e waisse Banner mam Zeeche vun der
Lilie
, op dei si
"Jesus Maria"
schreift, wat och d'Devis vun den Heeschenuerden ass. Um Wee vu
Blois
op
Orleans
geheit d'Jeanne d'Prostitueiert vun der Rettungsarmei eraus, oder brengt si dozou, sech ze bestueden. Hir ekklesiastesch Truppe marscheiere virop. Den
29. Abrell
1429
kennt si zu Orleans un, brengt Verstaerkung a begeint dem
Herzog vun Orleans
. Si gett mat Enthousiasmus vun der Bevelkerung begreisst, dee d'Krichskapitane sinn do mei reserveiert. Mat hirem Glawen an hirem Enthousiasmus gelengt et der Jeanne, de franseischen Zaldoten neie Mutt ze maachen, an d'Englanner si gezwongen hir Belagerung vun der Stad an der Nuecht vum
7.
op den
8. Mee
1429 opzeginn.
No dar Victoire, dei all Joer zu Orleans op deenen zwein Deeg gefeiert gett, kritt si de Bainumm
Pucelle d'Orleans
. Nodeem den Dall vun der
Loire
duerch eng Victoire zu
Patay
den
18. Juni
1429 (Schluecht un dar d'Jeanne net deelgeholl huet) geraumt ginn ass, iwwerzeegt si den Dauphin fir sech zu
Reims
kreinen ze loossen.
Fir op Reims ze kommen, mussen d'Truppen duerch Stied dei enner der Herrschaft vun der
Bourgogne
stinn, an dei kee Grond gesinn, hir Dieren opzemaachen, an dei och kee militaresch zwenge kann. Laut dem Dunois huet de Bluff zu
Troyes
zu der Soumissioun vun der Stad gefouert, souwei och vu
Chalon
a vu Reims. Domat ass de Wee secher.
De
17. Juli
1429 gett de Kinnek
Charles VII.
a Presenz vun der Jeanne d'Arc vum Regnault de Chartres gekreint. Den Herzog vun der Bourgogne, als
Pair vu Frankraich
, ass net mat dobai. D'Jeanne schreift him nach de selwechten Dag e Breif, fir hien em Fridden ze froen.
Desen Deel vun hirem Liewen ass meeschtens den eepeschen Deel vun der Geschicht vun der Jeanne d'Arc: d'Evenementer si voller Anekdoten, wou d'Zaitgenosse kleng Wonner gesinn hunn, an dei immens zu der Legend an der offizieller Geschicht vun der Jeanne d'Arc baigedroen hunn. D'mirakuleis Decouverte vum Schwaert vum ≪?
Charles Martel
?≫ enner dem Altor vu
Sainte-Catherine-de-Fierbois
ass nemmen ee Beispill.
Duerch dei ganz Victoiren animeiert, probeiert d'Jeanne d'Arc de Kinnek z'iwwerzeegen,
Parais
vun de Burgunder zereck z'erueweren, ma hien zeckt. D'Jeanne probeiert awer eng Attack op Parais,ma et ass en Desaster, an de Kinnek verbitt all nei Intervention. D'Suen an d'Liewensmettel ware knapps, an am Conseil vum Kinnek ware se sech net alleguer eens. De Reckzuch op d'Loire gouf forceiert, an d'Armei opgeleist.
D'Jeanne heiert awer net op de Kinnek an zitt mat hirer eegener Trupp weider duerch d'Land. Si representeiert net mei de Kinnek an naischt ennerscheet si vun aneren onofhangege Militarcheffen. Hir Truppe kampfe geint lokal Kapitanen ouni grousse Succes. Der Jeanne gett nogeluecht, am Schlass vum Tremouille zu
Sully-sur-Loire
ze bleiwen. Ma d'Jeanne kennt seier aus hirem gellene Prisong fir
Compiegne
ze hellefen, wat vun de Burgunder belagert gett. Schlussendlech gett si virun den Diere vu Compiegne den
23. Mee
1430
festgeholl. Si huet zweemol probeiert fortzelafen,ma ouni Succes. Si huet sech souguer selwer schweier blesseiert, wei si aus der Fenster sprange wollt. Si gett vun den Englanner fir 10 000 Pond opkaaft, an dem Beschof vu
Beauvais
, dem
Pierre Cauchon
, iwwerginn, dee mat den Englanner allieiert ass.
Prozess a Verurteelung (9. Januar 1431 - 30. Mee 1431)
anneren
D'Jeanne gett der
Ketzerei
beschellegt, an zu
Rouen
verheiert. Si gett am Schlass vum
Philippe Auguste
agespaart, vun deem hautdesdaags nemmen nach een Tuerm steet, deen den Numm
Tour Jeanne d'Arc
krut. De Prozess huet den
21. Februar
1431 ugefaangen. Obscho si enner kierchlech Juridictioun falt, bleift si an engem englesche Prisong, wat geint d'kanounescht Recht ass. Och wann hiren Openthalt am Prisong alles anescht wei agreabel war, sou gouf si awer net gefoltert.
- ≪?Sur l'amour ou la haine que Dieu porte aux Anglais, je n'en sais rien, mais je suis convaincue qu'ils seront boutes hors de France, exceptes ceux qui mourront sur cette terre.?≫
Jeanne d'Arc bei hirem Prozess (de
15. Maerz
1431)
D'Enqueteuren, ugefouert vum Beschof vu
Beauvais
, Mgr.
Cauchon
, kenne keng valabel Uklo zustan brengen: d'Jeanne schengt e gudde
Chrescht
ze sinn, iwwerzeegt vun hirer Missioun a verschidde vun de geweinleche Ketzer dei an engem Klima vu Rebellioun geint d'
Kierch
an dese schweieren Zaite liewen. D'Geriicht beschellegt si dofir nemmen, Maanskleeder unzedoen, hir Elteren ouni deenen hir Erlabnes verlooss ze hunn, a sech eischter der Verurteelung vu Gott wei dar vun der Kierch op der Aerd z'ennerwerfen. D'Riichter fannen och, datt d'Stemmen, op dei sech d'Jeanne konstant berifft, vun damoneschem Urspronk sinn. D'
Universiteit vu Parais
, Partisan vun de Burgunder, deelt hir Meenung mat: d'Jeanne ass schelleg schismatesch ze sinn,
apostatesch
, eng Ligenerin, eng Hellseeerin, verdachteg eng Ketzerin ze sinn, veriert am Glawen,
blasphemesch
vis-a-vis vu Gott an den Hellegen. D'Jeanne ass an Appell beim
Poopst
gaangen,ma dat gouf vun de Riichteren ignoreiert.
De
24. Mee
inszeneieren d'Riichteren eng Verbrennung op engem Holzkoup fir dem Jeanne Angscht ze maachen, a si ze zwengen, hir Feeler anzegesinn. D'Jeanne soll du mendlech (also net noweisbar) zougesot hunn, nodeem d'Geriicht hir versprach hat, datt si an e geeschtleche Prisong geif kommen. Si soll mam Zeeche vum Kraiz ennerschriwwen hunn, obscho si hiren Numm schreiwe konnt, datt si hir Feeler agesait, a sech der Autoriteit vun der Kierch ennerwerft. Si gett zereck an den englesche Prisong bruecht, a well si sech bedru fillt, huet se zwein Deeg mei speit alles widderruff, an huet nees Mannerkleeder un, dest an obskure Konditiounen, well d'Fro dei sech stellt ass, wei si am Prisong un dei Kleeder soll komm sinn.
Als
Relaps
, also nees an hir al Feeler verfall, deklareiert, gett d'Jeanne vum Geriicht zu der Verbrennung um Holzkoup verurteelt.
Den
30. Mee
1431 gouf d'Jeanne d'Arc lieweg op der Place du Vieux-Marche zu
Rouen
verbrannt. Eier si gestuerwen ass, huet si nach draimol
≪?Jesus?≫
geruff. Hir Asche goufen an der
Seine
verstreet. Et gett awer Reliquie vu Schanken, dei am Musee zu
Chinon
leien, an dei zur Zait ennersicht ginn.
De Rehabilitatiounsprozess (1455 - 1456)
anneren
Wei de
Charles VII.
Rouen
nees anhellt, kennt et zu engem zweete Prozess op d'Demande vun der Jeanne hirer Mamm an no engem Dekreet vum
Poopst
Kallixt III.
, deen am Joer
1456
dei eischt Verurteelung weinst ≪?
corruption, dol, calomnie, fraude et malice
?≫ widderrifft. Nodeem d'Depositioune vu villen Zaitgenosse vun der Jeanne enregistreiert goufen, seet dat neit Urteel datt d'Jugementer aus dem eischte Prozess ≪?
nuls, non avenus, sans valeur ni effet
?≫ wieren, a rehabiliteiert d'Jeanne an hir Famill. Et gett och eng ≪?
apposition [d'une] croix honnete pour la perpetuelle memoire de la defunte
?≫ op der Plaz, op dar d'Jeanne gestuerwen ass, festgehalen. E groussen Deel vun de Riichter aus dem eischte Prozess, dorenner de Beschof
Cauchon
, sinn an der Teschenzait gestuerwen.
D'Jeanne an hir Zait
anneren
D'Jeanne an hir Zaitgenossen
anneren
D'Jeanne d'Arc war zu Liefzaite ganz popular, de Wee bis op
Reims
mam Kinnek huet si och am Ausland bekannt gemaach. Si krut Breiwer mat Froen iwwer d'
Theologie
aus allen Ecke vum Land. Et gouf dacks mei op hir Meenung ginn, wei um
Poopst
seng. D'Jeanne hat och Relatioune mat de
Heeschenuerden
. Si war ee vun de ville Priedeger vun dar Epoch, dei behaapt hunn, si wieren direkt vu Gott gescheckt ginn. Och wann hiren Haaptprojet d'Kreinung vum Charles VII. an domat d'Restauratioun vum franseischen Troun war, sou war si awer bei theologeschen Debatten dobai. D'Interessekonflikter ronderem si gounge wait iwwer d'politesch Rivaliteit tescht
Frankraich
an
England
eraus.
Sou war si vun der
Universiteit vu Parais
,
≪?remplie des creatures du roi d'Angleterre?≫
net gar gesinn, am Geigesaz zu den Theologe vu
Poitiers
, dem Aerzbeschof vun
Embrun
, de Bescheef vu Poitiers, de Bescheef vu
Maguelonne
, dem
Jean Gerson
, dem Inquisitor vun Toulouse oder och nach dem
Jean Dupuy
, deen nemmen
≪?la restitution du roi a son royaume et l'expulsion ou l'ecrasement tres juste d'ennemis tres obstines?≫
gesinn huet. Dei Manner vun der Kierch hunn d'Jeanne ennerstetzt.
Fir d'eminent relieis Autoriteit dei deemools d'Sorbonne war, huet dat relieist Behuele vun der Jeanne, d'Eruewerung vum Kinnekraich bei waitem iwwerschratt, an d'Theologiesdokteren hunn an hir eng Gefor geint hir Autoriteit gesinn, besonnesch duerch d'Ennerstetzung dei si duerch d'Geigner vun der Universiteit krut.
Och um Haff hat d'Jeanne net nemme Frenn. De Parti vum La Tremouille (zu deem de
Gilles de Rais
geheiert huet), huet sech reegelmeisseg an Oppositioun geint d'Initiative vun der Jeanne gesat.
D'Roll vun der Jeanne d'Arc am Honnertjarege Krich
anneren
D'Jeanne d'Arc huet weeder eleng d'final Phas vum Krich beaflosst, deen
1453
op en Enn geet, et war och net wichteg fir d'taktesch a strateegesch Roll vu senger Campagne. Den Dunois schwatzt vun enger begabter Persoun mat engem gesonde Menscheverstand, dei kapabel war, d'Artillerie op de wichtege Punkten opzestellen. Och wa verschidde Schluechte sech duerch kurieis Anekdote geleist hunn, war si e charismatesche Chef.
Op
geopoliteschem
Plang war Frankraich 1429 net sou schlecht drun, wei een et dacks liest. Si haten zwar d'Territoire nerdlech vun der
Loire
verluer,ma haten awer mei Ressourcen, human a materiell, zur Verfugung wei hiren englesche Geigner, e Land mat veiermol manner Awunner wei Frankraich. D'Strategie vum
Charles V.
dei op Zait gespillt huet, a Schluechten eviteiert,ma dofir eenzel Stied belagert huet, huet d'Limite vun der englescher Invasioun gewisen.
Virun der Interventioun vun der Jeanne d'Arc haten d'Englanner awer e wichtege psychologesche Virdeel: hir Truppen haten de Ruff net geschloe kennen ze ginn, den Traite vun Troyes deen de Dauphin Charles vum Troun ausgeschloss huet, d'Resignatioun vun der Bevelkerung an d'Allianz mat der Bourgogne. An dar Tendenz huet d'Iwwerleenheet a punkto Zuele fir d'Fransouse keng grouss Roll gespillt. D'Englanner waren dynamesch, d'Fransouse phlegmatesch. D'Jeanne huet ouni Zweiwel zu der Verbesserung vun der Moral vun de franseischen Truppe baigedroen, an hinnen neie Mutt ginn. Si huet de Kinnek op sain Troun gesat, an d'Englanner geschloen. De
Charles VII.
hat duerno d'Initiativ, fir mat der Bourgogne ze verhandelen, eng wichteg Etapp fir
Parais
nees zereck z'erueweren. D'Jeanne selwer war net frou mat de Burgunder, si waren net wait vun hirem Duerf,
Domremy
ewech, an et koum secher mei wei eng Keier zu Iwwergreffer op d'Landbevelkerung.
Historiographie
anneren
De Problem vun de Sourcen
anneren
Dei zwou Haaptsource fir d'Geschicht vun der Jeanne d'Arc sinn hire Prozess vu 1431 an d'Rehabilitatioun vu
1455
-
56
. Als juristesch Akten hu si de Virdeel, trei Transkriptioune vun den originalen Depositioune vun den Zeien ze sinn. Ma et sinn net dei eenzeg Quellen, et goufen och Chroniken zu Liefzaite vun der Jeanne geschriwwen, wei zum Beispill d'
≪Geste des nobles Francois?≫
, d'
≪?Chronique de la Pucelle?≫
, d'
≪?Chronique?≫
vum Perceval de Cagny, oder och nach de
≪?Journal du siege d'Orleans et du voyage de Reims?≫
. Ausserdeem muss een dobai nach d'Rapporte vun den Diplomaten an aneren Informanten zielen.
De
Jules Quicherat
war deen eischten, deen all dei Texter tescht
1841
an
1849
gesammelt, an a 5 Bann erausbruecht huet. Tescht dem
15.
an dem
19. Joerhonnert
hate sech schonn eng Onmass vu Schreftsteller, Politiker a Relieiser mat der Jeanne beschaftegt. Et muss een dofir virsiichteg sinn, d'Manupilatioun vu Sourcen ass net onbekannt, an dei weinegst Wierker goufen zu der Zait vun der Jeanne d'Arc geschriwwen, an d'Interpretatioune sinn dacks aus der Vue an der Zait vum Auteur, an hunn net onbedengt eppes mat der Realiteit am
15. Joerhonnert
ze dinn.
D'Prozesser si juristesch Akten. Dei zwei Prozesser ware politesch beaflosst, an d'Zeie konnten nemmen op d'Froen antweren, dei hinne gestallt goufen, an net aner Detailer baidroen. De Prozess vu 1431 gouf ausserdeem op Latain neiergeschriwwen, obschonn d'Interrogatoiren op Franseisch waren.
De
Philippe Contamine
huet am Laf vu senge Recherchen eng Onmass vu Schrefte vu 1429 festgestallt, wat e
≪?formidable retentissement au niveau international?≫
markeiert. Hie seet ausserdeem, datt d'Jeanne d'Arc zimmlech seier e kontroverse Sujet vun hiren Zaitgenosse war. Vun Ufank u koum et zu Legenden zu hirer Persoun (
≪?des legendes coururent a son sujet, concernant son enfance, ses propheties, sa mission, les miracles ou les prodiges dont elle etait l'auteur. Au commencement etait le mythe?≫
).
Sou ass also keen Dokument virun enger Deformatioun duerch d'Imaginatioun vun der Bevelkerung - ausser d'Minutte vum Prozess - secher. Beim Rehabilitatiounsprozess erzielen d'Zeien d'Evenementer ereischt 26 Joer mei speit, wat och eng grouss Roll spillt.
Verschidden Theesen
anneren
No der Thees vun der Anthropologin
Margaret Murray
, Spezialistin fir Hexeprozesser a speziell fir de Fall vun der Jeanne d'Arc, war d'Jeanne eent vun den ausgewielten Affer wei de
William Rufus
oder den
Thomas Becket
. Mam Ennerscheed datt d'Jeanne op eng gewessen Aart a Weis eng
Mystifikatioun vun der Geschicht
war. Der Mme Murray no gouf eng onbekannt Fra an der Jeanne hirer Plaz verbrannt, an alles gouf aus politesche Grenn inszeneiert. D'Jeanne d'Arc wier Member vun engem Kult vun der
Diane
gewiescht, oder vun aneren anticke Rite vun der Fruchtbarkeet, an huet misse mat der Missioun, dei hir opgedroe gouf, averstane sinn. Nodeem si befrot a verurteelt gi wier, wier si vun der historescher Bildflach verschwonnen, hatt e gewesse
Sieur des Harmoises
, oder
Armoises
, bestuet, an e biergerlecht Liewe gefouert.
Dar Theorie no wier d'Jeanne also keen "einfacht Meedche vum Land" gewiescht, Analphabetin dei Stemmen heiert warend si op hir Schof oppasst. Hir Famill wier eng Handlerfamill gewiescht, dar et net schlecht gaangen ass, a si hatt eng normal Educatioun wei all d'Meedercher vun hirer Zait gehat.
Dei Hypothees gett awer vun haitegen Historiker verworf an als Fantasie ofgestempelt.
Unerkennung vun der Jeanne d'Arc
anneren
Virum
19. Joerhonnert
gouf d'Bild vun der Jeanne d'Arc an der
Literatur
zerrappt. Eenzeg d'Notiz vum
Edmont Richier
brengt en historesche Volet an d'Spill, deen awer voller Ongenauegkeeten ass. De
Voltaire
erzielt nemmen an anerhalwem Vers vu senger
Henriade
, Gesank VII eppes guddes iwwer d'Jeanne (
≪... Et vous, brave amazone, La honte des Anglais, et le soutien du trone.?≫
) fir si an den nachsten 20.000 Versen z'enteieren. Och de
Corneille
an de
Racine
hu weineg favorabel iwwer d'Jeanne erzielt.
D'
Pucelle
dei Frankraich gerett huet
anneren
Zanter dem
19. Joerhonnert
goufen d'Merite vun der Jeanne d'Arc fir politesch Zwecker benotzt, ouni op historesch Detailer opzepassen.
1817
gouf d'Jeanne d'Arc vum
Philippe-Alexandre Le Brun de Charmettes
a sengem Buch
Histoire de Jeanne d'Arc, surnommee la Pucelle d'Orleans, tiree de ses propres declarations, de cent quarante-quatre depositions de temoins oculaires, et des manuscrits de la bibliotheque du roi de la tour de Londres
rehabiliteiert.
D'Jeanne d'Arc als Inspiratioun
anneren
Literatur zum Theema
anneren
- Pierre Tisset,
Proces de condamnation de Jeanne d'Arc
, C. Klincksieck, Parais, 1960-1971, 3 Vol.
- Colette Beaune.
Jeanne d'Arc
. Perrin, Parais, 2004.
(
ISBN 2-262-01705-0
)
- Pierre Moinot,
Jeanne d'Arc. Die Macht und die Unschuld
. Societats-Verlag, Frankfurt/M. 1989.
(
ISBN 3-7973-0472-2
)
- Herbert Nette,
Jeanne d'Arc in Selbstzeugnissen und Bilddokumenten
. Rowohlt, Reinbek 2002.
(
ISBN 3-499-50253-4
)
- Ruth Schirmer-Imhoff (Ersg.),
Der Prozeß Jeanne d'Arc. Akten und Protokolle 1431?1456
. Dtv, Munchen 2001.
(
ISBN 3-423-30202-X
)
- Heinz Thomas,
Jeanne d'Arc. Jungfrau und Tochter Gottes
. Fest, Berlin 2000-
(
ISBN 3-8286-0065-4
)
?Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Bibliographie fir d'Jeanne d'Arc
.