De Francois Mitterrand huet zu Parais Droit studeiert an do a rietsnationalistesche Kreesser verkeiert (
Camelots du Roi
, z.?B.). Am
Zweete Weltkrich
war hien Enneroffizeier am
23. Kolonialregiment
op der
Maginot-Linn
bei
Montmedy
. Bei
der daitscher Invasioun 1940
gouf hie bei der Schluecht vu
Parey-Saint-Cesaire
blesseiert an als ee vun de weinegen Iwwerliewende vu sengem Regiment gefaange geholl. Hie konnt awer am Dezember 1941 aus dem
Stalag
fortlafen a sech an d'
Zone libre
duerchschloen, wou hie fir d'
Legion francaise des combattants
an duerno fir de
Commissariat aux reclassement des prisonniers de guerre
geschafft huet. A senger Zait zu
Vichy
gouf hien am Freijoer
1943
vum Marschall
Philippe Petain
fir seng Verdengschter mam Uerde vun der
Francisque
decoreiert, en Uerden deen een net sou ouni Weideres krut, ausser wann ee sech fir de Petain a fir deem seng Aktioun bekannt huet. Wei de Wand gedreint huet, ass de Mitterrand, enner dem Pseudonym
Morland
, bei d'Resistenz gaangen (Resistenzgrupp
RNPG
). Zu
Cluny
, am Sude vun der
Saone-et-Loire
, huet hien am Ennergrond seng zukunfteg Fra, d'
Daniele Gouze
, dar hir Famill eng Resistenzlerfamill war, kennegeleiert. 1943 ass d'
Gestapo
him op d'Spuer komm, an hien ass op
London
geflucht, wou e Kontakt mam
De Gaulle
senger
Exilregierung
opgeholl huet. 1944, no der Liberatioun vu Parais, gouf hie Member vun der provisorescher Regierung.
Vun 1946 bis 1958 war de Francois Mitterrand Deputeierten an der
Assemblee nationale
an hat tescht 1947 an 1957 verschidde Ministeschplazen an 11 verschiddene Regierungen. Hie war enner anerem Justizminister, a warend dem Algeriekrich huet hien eng ganz Rei vu Leit
guillotineiere
gelooss. Vun 1959 bis 1962 war e
Senateur
an duerno nees Deputeierten.
An den 1960er Jore war sai politescht Engagement virun allem geint de Generol De Gaulle, deem hien (sou den Titel vun engem Buch vun him), e
Coup d'Etat permanent
virgeworf huet. Zanter dem Ufank vun der
Fennefter Republik
war hien emmer erem Kandidat bei de Presidentewalen.
Den 10. Mee 1981 konnt hie sech schliisslech am zweeten Tour geint den amteierende President
Valery Giscard d'Estaing
duerchsetzen a gouf eischte sozialistesche President vun der Fennefter Republik. Hie gouf 1988 eremgewielt.
Et koum enner senger Presidence zu enger ganzer Retsch vu politeschen a gesellschaftlechen Annerungen (vun deenen der, op wirtschaftlechem Plang, en ettlech hu misse mei speit reckgangeg gemaach ginn).
No de Parlamentswalen 1986, dei vun der Droite gewonne goufen, ass de Mitterrand net wei erwaart zereckgetrueden, ma huet de
Jacques Chirac
zum Premierminister ernannt, wouduerch dei
Eischt Cohabitatioun
entstanen ass.
A sengen zwee Septenater huet de Mitterrand en ettlech prestigieis Gebaier zu Parais opriichte gelooss, dei
Grands Travaux
genannt goufen: d'
Grande Arche de la Defense
, d'Pyramid am Haff vum
Louvre
, d'
Opera Bastille
an d'
Nationalbibliotheik
, dei duerno no him genannt gouf.
De Mitterrand huet laang een duebelt Familljeliewe gefeiert. Nieft senger offizieller Fra, vun dar en zwei Jongen hat, hat e bis zum Schluss vu sengem Liewen e Verhaltnes mat der Konschthistorikerin
Anne Pingeot
, mat dar en ee Kand hat, d'
Mazarine Pingeot
(Philosophieprofessesch a Schreftstellerin). Obwuel vill Leit, besonnesch Journalisten a Politiker, Bescheed woussten, ass dei Affar quasi bis zum Schluss diskreet bis geheim gehale ginn.