Yvonne Useldinger

Vu Wikipedia
Yvonne Useldinger
Gebuertsnumm Yvonne Hostert
Gebuer 6. November 1921
Stengefort
Gestuerwen 11. Februar 2009
Esch-Uelzecht
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker , Resistenzler
Partei KPL
Famill
Bestuet mat Arthur Useldinger

D' Yvonne Useldinger , gebuer Yvonne Hostert de 6. November 1921 zu Stengefort a gestuerwen den 11. Februar 2009 [1] zu Esch-Uelzecht , war eng letzebuergesch Politikerin ( KPL ), Fraen-Aktivistin a Resistenzlerin .

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Yvonne Hostert ass zu Deifferdeng opgewuess a gouf 1937 Member vun der Sozialistescher Jugend. [2] 1938 ass si der Kommunistescher Partei Letzebuerg (KPL) baigetrueden. 1940 huet si sech mam Arthur Useldinger bestuet, engem vun den Haaptleit vun der KPL. 1941 gouf si eng eischt Keier vun der Gestapo verhaft, gouf awer nees fraigelooss, well hir naischt nogewise konnt ginn. Ee Joer drop - si huet an der Teschenzait e Puppelchen erwaart ? gouf si mat hiren Elteren Alfons a Katharina Hostert an hirem Brudder Walter openneis verhaft. Hir Duechter Fernande ass am Police-Prisong vun Treier op d'Welt komm. Enn Juni 1943 gouf si an d' KZ Ravensbruck verschleeft, wou se mei speit Member vun der illegaler Lagerorganisatioun gouf.

Hire Papp koum fir d'eischt an d' SS-Sonderlager Hinzert an dunn an d' KZ Mauthausen , hire Brudder an d' KZ Dachau . Just hir Mamm gouf nees fraigelooss an huet sech em de Puppelche gekemmert.

D'Yvonne Useldinger gouf am Dezember 1944 , vum KZ Ravensbruck an en Niewelager, dat vum Siemens -Konzern direkt niewendrun opgebaut gi war, iwwerfouert. Nodeem d' Rout Armei d'KZ Ravensbruck befreit hat, gouf se Enn Abrell 1945 vum schweedesche Roude Kraiz a Schweden evakueiert (Aktioun ? Bernadotte “). Kuerz drop koum se zereck op Letzebuerg.

1945 huet si d' Union des Femmes Luxembourgeoises (UFL) mat gegrennt, a gouf mei speit hir Presidentin.

Der Yvonne Useldinger hiert Tagebuch ass eent vun de weinegen Originaldokumenter, dei aus dem KZ Ravensbruck gerett konnte ginn.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. http://tageblatt.editpress.lu/news/117/ARTICLE/11268/2009-02-11.html "Yvonne Useldinger s'est eteint." tageblatt.lu .
  2. Desen Artikel ass eng Iwwersetzung vun deem mam selwechten Numm aus der daitschsproocheger Wikipedia