Woody Allen

Vu Wikipedia
Woody Allen
Gebuertsnumm Allan Stewart Konigsberg
Gebuer 30. November 1935
Bronx
Nationaliteit USA
Educatioun Tisch School of the Arts,
New York University
Aktiviteit Filmregisseur , Komiker , Filmschauspiller, Dreibuchauteur , Filmproduzent , Schreftsteller , Klarinettist, Dramatiker, Jazzmuseker, Charakterschauspiller, Journalist, Science-Fiction-Schreftsteller, Komponist , Regisseur , Schauspiller
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Liewenspartner(in) Diane Keaton , Mia Farrow
Kanner Moses Farrow

Den Heywood " Woody " Allen , gebuer den 1. Dezember 1935 als Allan Stewart Konigsberg , ass en US-amerikanesche Schauspiller , Regisseur , Komiker, Museker an Dreibuchauteur , deen zanter iwwer 60 Joer aktiv ass.

Hien huet an den 1950er als Auteur vu Sketcher fir d'Televisioun ugefaangen, an eng Retsch humoristesch Bicher mat Kuerzgeschichten, Theaterstecker a Parodie geschriwwen. An de freien 1960er Joren huet den Allen ugefaangen, als Stand-up-Comedian ze schaffen, an huet dunn dee Personnage entweckelt, deen een och dacks a senge Filmer eremfennt: en onsecheren, intellektuellen Tipp, dee probeiert sech mat Wuertwitz duerch d'Liewen ze schloen (an dee weineg mat senger richteger Personaliteit ze dinn huet).

An der Mett vun den 1960er Joren huet hien ugefaangen, Filmer ze dreinen. Bis haut sinn et der bal 50. Am Ufank waren dat Filmer fir ze laachen, mat vill Slapstick -Elementer dran, vun den 1970er u si seng Filmer mei eescht ginn, a sinn dacks vum Europaesche Kino ( Bergman , Fellini ,...) beaflosst. An deene meeschte vu senge Filmer huet hie selwer d'Dreibuch geschriwwen, a selwer an enger vun den Haaptrolle matgespillt. E Sujet, deen an deene mei eeschte Filmer dacks eremkennt, si Froen dono, wat fir en Afloss den Zoufall oder d'Schicksal op engem sai Liewe kann hunn.

Zu senge bekanntste Filmer zielen Annie Hall (1977), Manhattan (1979), Hannah and Her Sisters (1986), Match Point (2007), Midnight in Paris (2011) a Blue Jasmin (2012). Do dernieft spillt hien och vereenzelt a Filmer vun anere Regisseure mat.

De Woody Allen war 24-mol (Stand 2014) fir en Oscar nomineiert an huet e veiermol gewonnen dovun draimol fir dat bescht Dreibuch an eng Keier fir dei bescht Regie ( Annie Hall ). Den Allen spillt och Klarinett an trett reegelmeisseg zu Manhattan mat enger klenger Jazzband op.

Filmographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Kino [ anneren | Quelltext anneren ]

als Regisseur [ anneren | Quelltext anneren ]

vun 1969 bis 1979 [ anneren | Quelltext anneren ]

vun 1980 bis 1989 [ anneren | Quelltext anneren ]

vun 1990 bis 1999 [ anneren | Quelltext anneren ]

vun 2000 bis 2009 [ anneren | Quelltext anneren ]

vun 2010 bis 2020 [ anneren | Quelltext anneren ]

2015: Irrational Man - Haaptacteuren:

Auszeechnungen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1978: Oscar - Bescht Regie fir Annie Hall
  • 1978: Oscar - Bescht Originaldreibuch fir Annie Hall
  • 1987: Oscar - Bescht Originaldreibuch fir Hannah and her Sistsers
  • 2012: Oscar - Bescht Originaldreibuch fir Midnight in Paris

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Woody Allen ? Biller, Videoen oder Audiodateien