De
Will Battin
, gebuer den
19. Maerz
1909
zu
Daitsch-Oth
, a gestuerwen den
10. Januar
1991
zu
Wezembeek-Oppem
, war e letzebuergesche Geschaftsmann, Europabeamten an Auteur.
De Will Battin dee vun 1918 un zu
Esch
gewunnt huet, hie war e Klassekomerod vum
Rene Deltgen
, huet sai Secondaire an der
Escher Industrieschoul
gemaach. Duerno goung hien op
Leck
fir do um
Conservatoire
Piano ze studeieren. Aus Finanzgrenn huet en dee Studium ofgebrach an huet duerno eng Zait laang als Gerant vum Schonggeschaft
Bata
an der
Stad
geschafft.
1954
goung hie bei de Sproochendengscht vun der
CECA
schaffen, an ass op
Breissel
geplennert.
Vun 1948 bis 1950 war hien am Redaktiounscomite vun de
Cahiers luxembourgeois
.
An den
1930er
Joren huet hien haaptsachlech an de Schrefte vum
Escher Volksbildungsverein
, an der
Tribune
, am
Neuer Luxemburger Kalender
an an der
Neue Zeit
publizeiert.
Am Mettelpunkt vu sengen Erzielungen, dei zum Deel autobiographesch oder familljegeschichtlech waren, stoung d'Welt vun den einfache Leit an d'Fro no der sozialer Roll vum Kenschtler.
Mataarbecht bei Zeitungen oder Zaitschreften
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
- Les cahiers luxembourgeois
.
- D'Heemesch-La Patrie
, eraus gi vun der Unio'n vun de Letzeburger Freihetsorganisatio'nen (sic).
- Der Neue Luxemburger Kalender
, eng Publikatioun vum
Tony Jugblut
.
- Die neue Zeit
(1936-1940).
- Die Tribune
Wochenzaitschreft fir politescht a geeschtegt Liewen.