Wiktor Janukowytsch

Vu Wikipedia
Wiktor Janukowytsch
Gebuertsnumm В?ктор Федорович Янукович
Gebuer 9. Juli 1950
Nationaliteit Sowjetunioun , Ukrain , Russland
Aktiviteit Ingenieur, Ekonomist, Politiker , Jurist, Diplomat, Lecteur

De Wiktor Fedorowytsch Janukowytsch (op Ukrainesch В?ктор Федорович Янукович an op Russesch Виктор Фёдорович Янукович), gebuer den 9. Juli 1950 zu Jenakijewe am Oblast Donezk , ass en ukrainesche Politiker a war zaitweileg Chef vun der Partei vun de Regiounen .

De Wiktor Janukowytsch war vum 21. November 2002 bis den 31. Dezember 2004 Premierminister vun der Ukrain . 2004 huet hie fir d'Presidentschaftswale vu sengem Land kandideiert, ma en huet geint de Wiktor Juschtschenko , de Leader vun der Oranger Revolutioun , verluer. 2006 war seng Partei dei staerkst bei de Parlamentswalen, a sou gouf hien nees, vum 4. August 2006 bis den 18. Dezember 2007 , Premierminister.

2010 huet hien, als Oppositiounsleader, d'Presidentschaftswale mat 48,95% vun de Stemme gewonnen. No der Eskalatioun vun de sougenannten Euromaidan-Protester, woubai et zu 77 Doudeger koum, gouf de Janukowytsch den 22. Februar 2014 vum ukrainesche Parlament fir ofgesat erklaert. Hie betruecht seng Amtsenthiewung als illegal.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Wiktor Janukowytsch ? Biller, Videoen oder Audiodateien