Watergate-Affar
oder
Watergate-Skandal
ass den Numm vun engem innepolitesche Skandal an de
Vereenegte Staaten
, deen zum eischte Recktrett vun engem
US-President
gefouert huet.
Warend dem Presidentschafts-Walkampf 1972 goufen an der Nuecht vum 17. Juni Abriecher gepetzt, dei am Quartier general vun den
Demokraten
am Watergate Building zu
Washington
am Gaang waren, Oflauschter-Elektronik z'installeieren. Et huet sech erausgestallt, datt si dat fir de Walkommitee vun de
Republikaner
(
Committee to Re-elect the President
) gemaach hunn. Duerch dei zei Nofuerschunge vu Journaliste vun der
Washington Post
, dei vun engem
Deep Throat
genannten Informant wichteg Informatioune kruten, koum eraus, datt enk Conseillere vum President
Richard Nixon
net nemmen dovu woussten, ma och, datt si, wei d'Saach bis opgeflu war, enner der Leedung an der Matwierkung vum Nixon probeiert haten, hir Bedeelegung ze vertuschen.
Eng Retsch vum Nixon senge Mataarbechter, e. a. de Justizminister, hu missen zerecktrieden a goufen zum Deel viru Geriicht gestallt a verurteelt. No enger Enquete vun enger
Senatskommissioun
, bei dar
Tounbanner
vun de Gespreicher am
Oval Office
, dem President sengem Buro, eng wichteg Roll gespillt hunn, huet d'Droitskommissioun vum
Representantenhaus
decideiert, eng sougenannt
Impeachment
-Prozedur an d'Weeer ze leeden, mat dar den Nixon weinst Messbrauch vu senger Funktioun, Behennere vun der Justiz a Messuechte vum
Kongress
aus sengem Amt geheit sollt ginn.
Den Nixon huet deem virgegraff, huet sech zu engem Deel vu senger Schold bekannt, an ass den
9. August
1974
zereckgetrueden. De Vizepresident
Gerald R. Ford
gouf doropshin den 38. President vun den USA. Hien huet dem Nixon Stroffraiheet accordeiert fir all ongesetzlech Handlungen am Zesummenhank mat der Watergate-Affar. 2005 gouf bekannt, datt den deemolege stellvertriedenden Direkter vum
FBI
, de
Mark Felt
, den
Deep Throat
war.
An der Suite vun der Watergate-Affar goufen an de Joren dono emmer nees grouss oder kleng Skandaler, dei mei oder manner an Zesummenhank mat illegale politesche Praktike stoungen, mam Suffix
-gate
genannt, vu
Monicagate
bis
Nipplegate
.