Uniqlo

Vu Wikipedia
Uniqlo
Uniqlo Buttek zu Osaka

Uniqlo Co., Ltd. ( Japanesch : 株式?社ユニクロ , Kabushiki-gaisha Yunikuro) ass eng japanesch Firma dei salopp Kleeder designt, fabrizeiert a verkeeft. D'Firma dei ursprenglech a Japan gegrennt gouf, huet sech am 21. Joerhonnert iwwer Japan eraus verbreet a gouf seier eng grouss Kleedermark, verglaichbar mat Firme wei H&M . Uniqlo hat 2023 mei wei 2.400 Geschafter weltwait. [1]

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Uniqlo gouf 1949 zu Ube ( Yamaguchi ) als en Deel vun der Firmegrupp Fast Retailing Group gegrennt [2] an am Joer 1984 ass en Unisex casual Kleedergeschaft mam Numm Unique Clothing Warehouse zu Hiroshima opgemaach ginn; mei speit gouf den Numm op Uniqlo gekierzt.

Uniqlo huet sain eischte Buttek baussent Japan 2001 zu London opgemaach an 2002 sain eischte Buttek zu Shanghai . 2005 huet dei eischt amerikanesch Uniqlo-Filial zu New York opgemaach. [3]

Uniqlo beschaftegt den Ament (2023) mei wei 30.000 Leit a schafft a mei wei 25 Lanner. Et gett iwwer 800 Uniqlo Geschafter a Japan (dovun der iwwer 100 eleng zu Tokio ) an iwwer 70 Geschafter an Europa. [4]

Et gett sechs Uniqlo Geschafter am Benelux . D'Ouverture vun der eischter Filial an der Belsch war am Oktober 2015 an an Holland am September 2018. Zu Letzebuerg goung dat eischt Geschaft am Oktober 2023 op.

Uniqlo zu Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Letzebuerg huet de 26. Oktober 2023 den eischten Uniqlo-Buttek an der Groussgaass an der Stad opgemaach. De Kaman Leung, COO vun Uniqlo Benelux, sot am Interview, datt Uniqlo an Holland an an der Belsch gutt opgeholl gett an et dofir Zait wier, eng Filial zu Letzebuerg opzemaachen. Re.Uniqlo , wou een d'Kleeder ka flecken a bitze loossen, ass och zu Letzebuerg disponibel. Fir d'Ouverture huet d'Letzebuerger Designerin Lynn Cosyn eng Broderie mat Letzebuerger Motiven entworf, dei een op eng Posch oder op d'Kleeder bitze kann.

D'Filial an der Stad ass 900 Quadratmeter grouss an huet 3 Stack. [5]

Logoen [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Group Outlets (en)
  2. [1]
  3. FAST RETAILING CO., LTD. - Annual Report 2005
  4. Business (en)
  5. Uniqlo opens in Luxembourg City (en)
Commons: Uniqlo ? Biller, Videoen oder Audiodateien