De
Robert (Roby) Langers
gebuer den
1. August
1960
zu
Letzebuerg
ass e freiere
letzebuergesche
Foussballspiller. Seng Plaz um Terrain war am Stuerm an hien huet fir d'
letzebuergesch Foussballnationalekipp
an 73 Matcher 8 Goler geschoss.
De Roby Langers huet ugefaangen an der
Union Letzebuerg
ze spillen an huet 1980 e Stage bei
Borussia Monchengladbach
gemaach. Well hien do den dretten Auslanner op der Lescht war, awer an de Matcher nemmen der zwein erlaabt waren, huet hien do knapps zeng Matcher gespillt. Den
FC Metz
hat hien awer entdeckt, an huet en och
1982
engageiert. Vu Metz gouf hie bei den
Olympique de Marseille
deen deizait an der zweeter Divisioun gespillt verleint. No engem Joer a siwe Matcher geet hien op Metz zereck a gett erem op
Quimper
a
Guingamp
verleint. No sechs Joer Kontrakt mat Metz wiesselt hien op
Orleans
an der zweeter Divisioun.
Et ass zu Orleans wou hie sain Talent beweise kann. Hie war am Stuerm wei Orleans an der Aachtelsfinal vun der Coupe de France de
PSG
am
Parc de Princes
4-0 geschlaff huet. Hie schleisst d'Saison 88-89 als
Meilleur buteur
an der zweeter Divisioun of, mat 27 Goler an 33 Matcher.
Hie gett doropshi vum
OGC Nice
engageiert an hie spillt do zesummen am Stuerm mat dem
Jules Bocande
. Am Match geint
Stroossbuerg
brengt hien et faerdeg fir 4 Goler hannereneen ze scheissen.
Well Nice an der Saison 90-91 finanziell Schwieregkeeten huet wiesselt en nodeem en Transfert bei de
PSG
schifgelaf war, bei den
AS Cannes
. Do spillt hien e Joer mam
Luis Fernandez
, dem
Aljo?a Asanovi?
an dem
Zinedine Zidane
. No engem Joer zu
Cannes
geet hien an d'
Schwaiz
op
Yverdon
spillen, fir duerno erem zereck op Letzebuerg ze komme wou en dann a sengem ale Verain der
Union
spillt.
- 1987 gouf de Roby Langers zum letzebuergesche Sportler vum Joer gewielt.
- Beschte Buteur am Championnat de France D2 an der Saison 1988-1989.
- Drettbeschte Buteur am Championnat de France mat Nice an der eischter Divisioun 1989-90 mat 17 Goler hanner dem
Jean-Pierre Papin
mat 30 Goler.
- Quadruple am Championnat de France beim Match Stroossbuerg-Nice D1 1989-90 an deem Nice 0-6 gewennt.