D'
Reng vum Saturn
sinn d'
Ranksystem
, dat em de Planeit
Saturn
kreest. Et ass dat opfallegst Zeeche vum Planeit a scho mat engem
Refrakter
mat ronn 40-facher
Vergreisserung
ze gesinn. Dei zwein hellst Reng (A- a B-Rank) goufe schonn am 17. Joerhonnert entdeckt. Em
1900
gouf dee bannenzegen duerchsiichtegen C-Rank oder
Florrank
entdeckt. Dei veier weider, ganz zaart Objeten, konnten ereischt mat Hellef vun drai
Raumsonden
tescht
1979
an
1981
nogewise ginn.
D'Reng bestinn haaptsachlech aus Ais-, awer och aus Gestengs. D'Partikelgreisst varieiert tescht Stebskaren an ettlech Metergrousse Fielsstecker. D'Ranksystem huet vill grouss a kleng frai Plazen an ass bei engem Duerchmiesser vu bal enger Millioun Kilometer tescht 10 an 100 Meter deck
[1]
, an domat, extreem denn.
D'Reng leie genee op der
Equatorh
eicht vum Saturn a werfen e visuelle
Schiet
op de Saturn ? wei och emgekeiert de Saturn op seng Reng. Aus den Hellegkeete leisst sech op d'Deelchendicht an hir
Albedo
schleissen. De Schiet, deen op d'Saturnuewerflach geworf gett, ass emsou mei opfalleg, jee mei dat dennt Ranksystem am Laf vun engem Saturnjoer mat senger schmueler "Kant" schrei geint d'Sonn steet.
De Ranksystem gouf
1610
vum
Galileo Galilei
mat engem vun den eischten
Teleskopen
entdeckt. De Galilei hat d'Reng zwar net als isoleiert Objeten erkannt, an hat si als Hank (
ansae
) beschriwwen. Den hollanneschen Astronom
Christiaan Huygens
huet d'Reng 45 Joer mei speit korrekt publizeiert:
"De Saturn ass vun engem denne, flaache Rank emginn, dee frai schwieft a schrei zu der
Ekliptik
steet"
. Den
Giovanni Domenico Cassini
huet als eischten ugeholl, datt d'Reng aus eenzele Partikele bestinn, an huet
1675
dei markantst frai Plaz am Ranksystem entdeckt, dei no him
Cassinesch Deelung
genannt gouf.
D'Reng vum Saturn sinn an der Reiefolleg vun hirer Entdeckung genannt a gi vu bannen no baussen als D-, C-, B-, A-, F-, G- an E-Rank bezeechent. Op astronomeschen Iwwersiichtfotoen ass geweinlech nemmen den A- an de B-Rank an d'Cassini-Deelung, hechstens och nach d'
Encke-Deelung
am A-Rank ze gesinn. D'Encke-Deelung gouf fir d'eischt de
7. Januar
1888
vum
James Edward Keeler
um
Lick-Observatoire
observeiert. Ereischt mat de Raumsonde konnt ee gesinn, datt d'Reng nach weider eidel Plazen hunn a sech an nach mei kleng an enk begrenzt Ennerreng opdeelen.
De
Saturn-Orbiter
Cassini
huet de
17. September
2006
e weidere, schwaache Stebsrank entdeckt. Dee Rank lait baussenzeg vun den hellen Haaptreng, tescht de schwaache Reng F a G, am Beraich vun den Emlafbunne vun de klenge Mounden
Janus
an
Epimetheus
. Hie besteet meiglecherweis aus Deelercher, dei vun dese Satellitte bei
Aschlei
vu
Meteoritten
an de Raum geschleidert goufen.
Mam
Spitzer-Weltraumteleskop
gouf am Joer
2009
mat Infrarout e weidere baussenzege Rank entdeckt, deen awer onofhangeg vum Haaptranksystem lait. Visuell ass de Rank weinst senger klenger Matieredicht an der schwaacher Reflexioun vum
Sonneliicht
net z'erkennen. De Rank deent sech iwwer e Saturnofstand tescht 6 an 12 Millioune Kilometer aus an ass ongefeier zwanzegmol sou deck wei de Planeit. No Date vum
JPL
, deen op Uerder vun der NASA d'Raumsond Spitzer betreit, huet eis Aerd ongefeier eng Milliard-mol Plaz am Rank. Wann hie vun der Aerd aus ze gesi wier, da geif hien duebel sou grouss ausgesi wei de Vollmound. Hie lait 27 Grad schrei zum bannenzege Ranksystem. Kuerz no senger Entdeckung hu Fuerscher ugeholl, datt de Rank aus Material vum Mound
Phoebe
staamt. Dee Mound dreit sech mam nei entdeckten Ranksystem, am Verglach zu de bis elo bekannte Reng, an dei entgeintgesate Richtung ronderem de Saturn.
2015
gouf mam Weltraumteleskop
WISE
festgestallt, datt de Rank souguer vu 6 Mio - 16 Mio. km Saturnofstand reecht. Hie besteet iwwerraschend haaptsachlech aus klengem, donkele Stebs, deen extreem denn verdeelt ass
[2]
.
Laang Zait gouf iwwer d'Konsistenz an den Aggregatzoustand vun de Reng spekuleiert. Am Joer
1856
huet de
James Clerk Maxwell
bewisen, datt stabil Reng nemmen existeiere kennen, wa si aus enger grousser Zuel net zesummenhankender klenger fester Kierper bestinn.
[3]
Haut ass bekannt, datt den Haaptrengsystem mei wei 100.000 eenzel Reng mat ennerschiddlechen Zesummesetzungen a Faarftein huet, dei duerch schaarf gezeechent Fraiplaze vuneneen ofgegrenzt sinn. De bannenzege fankt scho bei 7000 km iwwer der Uewerflach vum Saturn un an huet en Duerchmiesser vun 134.000 km, dee baussenzegen huet en Duerchmiesser vun 960.000 km.
D'Rankdeelercher kreesen
rechtleefeg
an der Heicht vun der Equatorzon em de Saturn; domat ass de Rengsystem genee wei d'Equatorglaiche em 27° geint dem Saturn seng
Bunnglaiche
gebeit. All 14,8 Joer, also ongefeier all halleft Saturnjoer, passeiert d'
Aerd
d'Rankglaiche, sou datt d'Rengsystem bal onsiichtbar gett. Am September
2009
hat d'Aerd vun der sudlecher an dei nerdlech
Hemisphar
vum Saturn gewiesselt.
E weidert
Phenomeen
sinn
radial
, speechenaarteg Strukturen, dei sech vu bannen no baussen iwwer d'Reng vum Saturn ausbreeden an heibai enorm u Breet zouhuelen: bei enger Breet vu ronn 100 Kilometer kennen si bis zu 20.000 Kilometer laang ginn
[4]
. D'"Speeche" goufe fir d'eischt vun der
Sond
Voyager 2
bei hirem Laanschtfluch am Joer
1981
entdeckt, speider konnt d'Observatioun e. a. vum Weltraumteleskop
Hubble
gesechert ginn. Komescherweis sinn des Strukturen awer ab
1998
lues alues verschwonnen a konnten dann ereischt nees vu September
2005
nees op Biller vun der Raumsond
Cassini
nogewise ginn. Als Ursaach fir d'Straifen gouf ufanks eng kuerzlieweg Wiesselwirkung mam
Magneitfeld
vum Saturn ugeholl.
US-amerikanesch Astronomen hunn
2006
eng aner Erklarung fir dat Ratsel fonnt: Deemno bestinn d'Speechen aus butzege (weineg
μm
) geluedenen
Stebspartikelen
, deenen hir Fluchbunn vum
UV-Liicht
vun der Sonn esou beaflosst gett, datt d'Partikelen duerch entstoend
elektrostatesch
Kraaften an e Schwiefzoustand (
Levitatioun
) bruecht an ugehuewe ginn
[5]
. Jee no Positioun vum Saturn op senger
Emlafbunn
annert sech de
Wenkel
tescht de Saturnreng an der Sonn an domat och den Afallswenkel vum ultraviolette Liicht. Dei donkel Straifen entstinn a
periodeschen
Ofstann emmer dann, wann d'Sonn an der Rengglaiche vum Saturn steet a bestinn dann fir ongefeier aacht Joer. Eng straifeneidel Phas halt dogeint sechs bis siwe Joer laang un. De Grond fir dei elektrostatesch Opluedung vun de Reng gett kontrovers diskuteiert. Eng Erklarung ass, datt Bletzer an der ieweschter Atmosphar vum Saturn optrieden, dei duerch komplex Virgang Elektronestralen ausleisen, dei d'Reng treffen.
Zu der Genesis vun de Saturnreng gett et verschidden
Theorien
. No der virgeschloener Theorie vum
Edouard Albert Roche
am
19. Joerhonnert
entstoungen d'Reng duerch e Mound, deen dem Saturn ze no koum, sou datt hien duerch
Gezaitekraaften
auseneegebrach ass. Dei kritesch Distanz gett als
Roche-Grenz
bezeechent. Dei raimlech Variatioun vun den Unzeiungskraaften duerch de Saturn bezwengt an desem Fall d'moundintern
Gravitatiounskraaften
, sou datt de Mound nemme nach duerch seng materiell Struktur zesummegehale gett. No enger anerer Theorie sinn d'Reng zesumme mam Saturn entstanen. Des Theorie gett kaum nach vertrueden, well et gett ugeholl, datt d'Reng een no astronomesche Moossstief kuerzliewege Phenomeen vun hechstens e puer honnert Millioune Joer sinn.
Nei Date vun der Raumsond
Cassini
hunn am Dezember
2007
zu enger neier Altersbestemmung gefouert, no dar d'Saturnreng scho viru 4,5 Milliarde Joer entstane sinn. Domat wieren d'Reng ongefeier sou al wei d'Sonnesystem.
D'Fraiplazen tescht de Reng berouen op de
gravitative
Wiesselwierkung
mat de ville Mounde vum Saturn souwei de Reng ennerenee. Dobai spillen och
Resonanzphenomeene
eng Roll, dei optrieden, wann d'Emlafszaiten am Verhaltnes vu klenger ganzer Zuele stinn. Sou gett d'Cassinesch Deelung duerch de Mound
Mimas
verursaacht. E puer kleng Mounden, sougenannt Hiirten- oder och
Scheifermounde
, kreesen direkt an de Fraiplazen an un de Ranner vum Rengsystem a stabiliseieren hir Struktur. Nei Miessungen a Fotoe vun der Raumsond
Cassini
hunn erginn, datt d'Rankkanten an domat d'Oftrennung vun de Reng nach mei schaarf sinn wei bis elo ugeholl. Et war ugeholl ginn, datt an de Fraiplazen och nach ettlech Aisstecker befannen, wat awer net de Fall ass.
Dei extreem denn Deckt vum Ranksystem geet op Steiss vun de Partikelen zereck. All Fielssteck kreest eenzel em de Mettelpunkt vum Saturn an net d'Reng als kompakten Objet. Dofir pendelt all Steck, dat sech iergendwann op der Uewerflach vum Rengsystem befennt, warend enges Emlafs eemol vertikal duerch de Rengsystem duerch an nees zereck. Duerch
onelastesch Steiss
mat anere Stecker reduzeiert sech des vertikal Vitesskomponent an domat och d'Deckt vum Rengsystem.
Weider Reng- a Scheiwephenomeene an der Astronomie
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Daitlech mei schwaach Reng gett et och bei den anere grousse Gasplaneite vum
Sonnesystem
, beim
Jupiter
,
Uranus
a beim
Neptun
. Doriwwer eraus sinn kreesend Scheiwen an der
Astronomie
en heefegt Phenomeen, dat a vill verschiddene Greissten optrett. Nieft Planeitereng zielen dozou
Akkretiounsscheiwen
bei
Rontgenduebelstaren
an dei, wou sech an der Entwecklungsphas zum
Star
befannen, oder wei z. B. d'
Asteroidenceinture
, awer och d'
Spiralgalaxien
.
Objet
|
Radius (km)
|
Emlafzait
|
bannenzeg Kant Rank D
|
67.000
|
4,91 h
|
bannenzeg Kant Rank C
|
73.200
|
5,61 h
|
bannenzeg Kant Rank B
|
92.200
|
7,93 h
|
baussenzeg Kant Rank B
|
117.500
|
11,41 h
|
Mette vun der
Cassini
-Deelung
|
119.000
|
11,75 h
|
bannenzeg Kant Rank A
|
121.000
|
11,92 h
|
Encke
-Deelung
|
133.500
|
13,82 h
|
baussenzeg Kant Rank A
|
135.200
|
14,14 h
|
Rank F
|
140.600
|
14,94 h
|
bannenzeg Kant Rank G
|
165.800
|
18 h
|
baussenzeg Kant Rank G
|
173.800
|
21 h
|
bannenzeg Kant Rank E
|
180.000
|
22 h
|
baussenzeg Kant Rank E
|
480.000
|
4 Deeg
|
Phoebe-Rank
|
12.000.000
|
551 Deeg
|
Portal Astronomie
- ↑
Artikel "Ring-a-Round the Saturn" op NASA.gov
Archiveiert
op 2016-03-16. Gekuckt de(n) 2016-07-28.
- ↑
Saturns Riesenring ist noch großer
, in scinexx.de, gekuckt de 15. Juni 2016
, als Quell gett den Artikel un:
P. Hamilton, Michael F. Skrutskie, Anne J. Verbiscer, Frank J. Masci:
Small particles dominate Saturn’s Phoebe ring to surprisingly large distances
, in Nature 522, 185?187 (11 June 2015)
- ↑
James Clerk Maxwell:
On the stability of the motions of Saturn's rings.
Cambrige 1859
online
.
- ↑
Bletzaarteg gestraift
: zu de mysterieise Speechen am Rengsystem op www.wissenschaft.de
- ↑
C. J. Mitchell et al.:
Saturn's Spokes: Lost and Found
.
Science
, 17. Maerz 2006, Vol. 311. Nr. 5767, S. 1587-1589