De
Pierre Rapsat
gebuer zu
Ixelles
den
28. Mee
1948
a gestuerwen zu
Verviers
den
20. Abrell
2002
war e
belsche
Chansonier a Rocksanger.
1976
hat hien d'Belsch beim
21. Eurovision Song Contest
zu
Den Haag
vertrueden a war do mam Lidd
Judy et Cie
op dei aacht Plaz komm.
Wei de Pierre Rapsat zeng Joer al war, si seng Elteren op Verviers geplennert, wou hien dunn och wunne blouf. Nodeems hie mat verschiddene Gruppen opgetruede war, huet hien
1973
eng Solocarriere ugefaangen. Sai markante Stil tescht
Chanson
a
Rock
huet gefall, awer et ass am Ufank net duergaange fir den Duerchbroch als Interpret ze schafen. Nodeems hien 1976 beim
Eurovisounsfestivall zu Den Haag
opgetruede war, gouf et roueg bis hien
1982
mam Album
Lachez les fauves
mat 30.000 verkaaften Disquen den eischte greissere Succes hat.
Duerno huet hien onermiddlech virugeschafft a war bal op all Bun an der
wallounescher
Belsch ze gesinn. Seng eischt Tournee a
Frankraich
war eng Katastroph, ma wei hien zu
Bordeaux
beim Joresfest vun der
Ecole superieure de commerce
konnt optrieden, huet hie sain eischte Succes op franseische Brieder verzeechent.
Den Erfolleg goung du weider mat
Ligne claire
a
J'aime ca
. Mat der
Ligne claire
war hien am Hierscht 1984 am
Quebec
opgefall, a sai Lidd
Decalage horaire
gouf reegelmeisseg um Radio lafe gelooss, warscheinlech well
Montreal
dran ernimmt gouf. 1986 huet sain eischte Concert am
Forest National
ginn. Sai greisste Succes war 2001 mam Album
Dazibao
, ma hie konnt deen net laang geneissen, well hien am Abrell 2002 weinst enger
Kriibserkrankung
gestuerwen ass.
Hie lait a senger Heemechtstad um Kierfecht vun
Ensival
begruewen.
- 1973:
New York
(Englesch Versioun)
- 1973:
New York
(Franseisch Versioun)
- 1975:
Musicolor
(Englesch Versioun)
- 1975:
Musicolor
(Franseisch Versioun)
- 1976:
Judy et Cie
- 1977:
Je suis moi
- 1978:
Gemeaux
- 1979:
1980
- 1980:
Donner tout son cœur
- 1981:
Un coup de rouge, un coup de blues
- 1982:
Seul dans la metropole
(Kompilatioun)
- 1982:
Lachez les fauves
- 1984:
Ligne claire
- 1986:
J'aime ca
- 1988:
Haut les mains
- 1989:
J'ouvre les yeux
- 1991:
J'ai besoin de nous
(Kompilatioun)
- 1992:
Brasero
- 1995:
Pierre Rapsat
- 1997:
En concert : Passager d'un soir
- 1998:
Volte-Face
- 2001:
Dazibao
- 2002:
Tous les reves