De
Paul "Pol" Leuck
, gebuer den
12. Abrell
1914
zu
Eesebuer
, a gestuerwen den
13. Februar
1991
an der Stad
Letzebuerg
war e letzebuergesche
Journalist
.
De Paul Leuck war de Jong vun engem
loutrengesche
Meller zu
Eesebuer
, a gouf duerch Optioun Letzebuerger. Dat war mat eng vun den Ursaache fir sain Engagement fir d'
europaesch Vereenegung
, fir dei e sech staark agesat huet.
No der Premiere war en an der
Fortuna
an en ass matgaangen Assurance maachen. E laange Wanter huet en Zense gerechent. Dorun huet e sech emmer mat Schrecken erennert. Ma en huet gesot dat alles wier eng gutt Virbereedung op sai journalistesche Beruff gewiescht, well e ganz vill d'Leit kenne geleiert huet. E sollt an d'
Wort
kommen, ma du koum de
Krich
.
Am Krich war en am
Aarbechtsamt
an en huet vill Jongen d'Liewe gerett, well e se duerch falsch Aarbechtsbicher bei de Bauer gescheckt a se domat aus dem Verkeier gezunn huet.
Duerno war e Matgrenner vun der
Revue
, wou hien als Journalist e. a. de "
Landbuet
" gemaach huet an dobai nach Korrespondent bei
JungLuxemburg
war.
Mei bekannt wei an der geschriwwener Press gouf de Paul Leuck duerch de
Letzebuerger Programm
vun
RTL Radio Letzebuerg
. De Paul Leuck war Matgrenner vun de letzebuergesche Radiosemissiounen an der Nokrichszait. Als eischte letzebuergesche Radiosspeaker nom Krich huet e gesot "Hei ass Radio Letzebuerg" a Sichaktiounen duerchginn. E war och laangjarege Mataarbechter vu
Radio Saarbrucken
.
Seng eischt Sendungen, dei hie vum
1. Oktober
1944
u geschwat huet, hu
Welcome to our Friends
geheescht. E war Sportsreporter a Reporter vun alle meiglechen Evenementer. En huet och d'Sendung "Letzebuerger Leit a Saachen an der aler Zait", an am Ufank
Lauschterspiller
gemaach. Donieft huet e jorelaang eng
Zaldotenemissioun
an eng
Krankenemissioun
modereiert.
Weinst der Zaldotenemissioun war de Paul Leuck och nach Majouer an der
Letzebuerger Armei
. Des war mei wei eng Wonschsendung, well et ass drem gaange fir d'Armei nom Krich bei de Leit salonfaeg ze maachen an de Kontakt zwescht de Jongen an de Familljen ze halen an opzebauen. 1967, mat dem Ofschafe vum obligatoresche Militardengscht hat dunn och fir d'Zaldotestonn d'Klack gelaut.
Genee 35 Joer laang war de Leuck Noriichtespriecher a politesche Kommentator. E war bekannt fir seng defteg Riedensaart a sai strammen Anti-Kommunismus.
Och beim Film
Un beau petit pays
war e Conseiller artistique a beim
Jean-Pierre Kemmer
war en Intervenant.
Als Gewerkschaftler war en zesumme mat
Kleins Jeng
de Grenner vun der Beamtesektioun vum
LCGB
. D'Personal vum RTL verdankt hinnen hire eischte
Kollektivvertrag
.
1972 krut hie fir sain europaeschen Engagement d'
selwer
Medail vum
Merite europeen
.
Nodeem hien den
1. Oktober
1979
an d'Pensioun gaange war, huet hien nach jorelaang eemol d'Woch d'RTL-Radiosemissioun "Politik um Sonndeg" gemaach.
Den 13. Februar 1991, op
Aschermettwoch
, ass de Paul Leuck an enger Stater Klinick un engem
Haerzinfarkt
gestuerwen.
De Paul Leuck war bestuet mat der Albertine Pleger an hat zwee Meedercher, d'Mariette an d'Monique.