Den
Nestor Carlos Kirchner
, gebuer de
25. Februar
1950
zu
Rio Gallegos
(
Santa Cruz
) a gestuerwen de
27. Oktober
2010
zu
El Calafate
(Santa Cruz) war een
argentinesche
Politiker. Hie war vun 2003 bis 2007 President vun Argentinien. Virdru war hie Gouverneur vun der Provenz Santa Cruz.
De Kirchner gouf als jonke Mann Member vun der Juventud Peronista (der
peronistescher Jugendbeweegung
). 1976 huet hie sai Studium fir
Affekot
op der Nationaler Universiteit vu
La Plata
ofgeschloss. den 9. Maerz huet hie sech mat der
Cristina Fernandez
bestuet. Si hunn zwei Kanner: Maximo (1977) a Florencia (1990).
1987 gouf den Nestor Kirchner
Intendante
(eng Zort
Buergermeeschter
) vu Santa Cruz (bis 1991). Duerno gouf hie Gouverneur vun der Provenz mam selwechten Numm a blouf dat bis 2003.
An deem Joer gouf hien zum 54. President vun Argentinie gewielt. 2007 ass seng Amtsperiod ofgelaf; Nofollger am Amt gouf seng Fra, d'
Cristina Kirchner
.
De 27. Oktober 2010 ass hien un engem Haerzschlag stenterlech gestuerwen.
[1]
- ↑
Voormalige Argentijnse president Kirchner overleden
, demorgen.be, 27-10-2010