De
Mathias Adam
, gebuer den
19. November
1850
an der
Stad Letzebuerg
a gestuerwen den
18. Februar
1936
zu
Munneref
[1]
, war e
letzebuergesche
Pedagog
.
De Mathias Adam war
Schoulmeeschter
: fir d'eischt zu
Esch-Uelzecht
, dann zu
Ettelbreck
an zu
Walfer
, bis en 1887 d'
Peitenger
Uewerprimarschoul krut.
1881 ass duerch e Gesetz, dat de Mathias Adam mat ausgeschafft hat, d'Schoul fir Kanner vu 6 bis 12 Joer obligatoresch ginn.
1884 huet en d'Zaitschreft
Padagogischer Sprechsaal
gegrennt, an e war Redakter vum
Luxemburger Lehrerblatt
, dat speider a
Luxemburger Lehrerzeitung
embenannt gouf.
Hien huet och d'Iddi ennerstetzt, datt Course fir dei net mei schoulflichteg Kanner och misste gratis sinn a hien huet dofir och 1895 e Schoulbuch geschriwwen. D'Verbreedung vun der
Kultur
an alle soziale Schichte war him och e grousst Uleies.
1900 huet hien de
Lehrerverband
matgegrennt, a war bis 1918 President dovun.
Um
Schoulgesetz vun 1912
war hie mat dru bedeelegt.
Och d'
Volleksbildungsverainer
huet hie mat an d'Liewe geruff, a war de President vun der Federatioun vun dese Verainer. Weider war de Mathias Adam Chefredakter vun der Wochenzeitung
Die neue Zeit
, dei de
26. Maerz
1911
fir d'eischt erauskoum.
Wei en 1915 pensioneiert gouf, ass en op
Munneref
geplennert.
Hien ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen an um
Nikloskierfecht
an der Stad Letzebuerg begruewe ginn.
[1]
,
[2]
De Mathias Adam war bestuet.
De
Lycee technique
zu Peiteng gouf den
13. Juli
1979
no him benannt.
- Lehr- und Lesebuch fur die Fortbildungsschulen des Großherzogtums Luxemburg
. 1895.
- ↑
1,0
1,1
1,2
Doudesannonce vum Mathias Adam
Archiveiert
op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-01-04.
- ↑
Noruff
,
Jong-Hemecht
Heft 5, Mee-Juni 1936