De
Martin Klein
, gebuer den
1. Dezember
1848
zu
Waarken
, a gestuerwen den
11. Februar
1907
zu
Munneref
, war e letzebuergeschen Dokter.
1874
, no sengem Medezinstudium war hie fir eng kuerz Zait Dokter zu
Ettelbreck
, ier hie bis 1
883
zu
Eech
seng Praxis hat. Hien huet ofwiesselnd do an zu Munneref, dat dei Zait nach e privat Thermalbad war, praktizeiert.
1883
bis
1886
war hie Chefmedeziner an enger Klinick zu
Antwerpen
. Wei den
21. Abrell
1886
Munneref e staatlecht Thermalbad gouf, ass de Martin Klein vun der
Regierung
als medezineschen Direkter vum
Thermalbad
genannt ginn. Bis zu sengem Doud
1907
huet hien d'Thermalbad mat neien, fir dei Zait modernen a wessenschaftleche Methoden opgebaut. Dobai huet hien d'Munnerefer Hoteliere berode fir den Thermalgascht eng kurgerecht Kichen ze zerweieren. Zu senge kulinaresche Propositiounen hunn och d'natierlech
Musel-Wainer
mat hiren Heelkrafte gezielt. Fir d'Wainer aartgerecht ze stockeieren, huet hie schonn
1886
speziell Kelleren am Casino ageriicht.
Vun
1902
bis
1907
war de Martin Klein President vun der
Section des Sciences Medicales
vum
Institut grand-ducal
.
Hien ass no enger Rees an
Italien
am Februar 1907 zu Munneref a senger Wunneng am
Casino des Bains
gestuerwen.
Am Kurpark vum Thermalbad zu Munneref gouf
1909
, zu Eiere vum Dr. Martin Klein, e Monument mat engem Medaillon, dee vum
Pierre Federspiel
entworf gouf, opgeriicht.
- ↑
Memorial N°42 vun 1891
mat enger Lescht vu Leit dei am Ordre de la couronne de chene dekoreiert goufen
- ↑
Kuerz Biographie vum Dr Martin Klein am
Luxemburger Wort vum 13. Februar 1907