Linkin Park

Vu Wikipedia

Linkin Park ass eng Band dei 1996 zu Los Angeles gegrennt gouf, an dei meeschtens zum Nu Metal oder dem Crossover gerechent gett. Haut ass si eng vun de bekanntste Rockgruppe vun der Welt.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

De Rapper Mike Shinoda an de Gittarist Brad Delson hu sech schonn op der Highschool kennegeleiert. Fir hir Band ze grennen, hu si den Drummer Rob Bourdon inviteiert. E bessi mei speit koum och nach den DJ Joe Hahn , dee mam Mike Shinoda Konscht studeiert huet, dobai. De Bassist Dave Farrell an de Sanger Mark Wakefield hunn d'Band mam Numm Xero du vervollstannegt. Allerdengs huet de Wakefield d'Band erem verlooss nodeem si eng Demo agespillt haten. Och de Farrell ass ausgetrueden, fir sech op e Projet mat enger anerer Band ze konzentreieren. Dei jonk Band huet elo no engem neie Sanger gesicht, dee si am Chester Bennington fonnt huet. Hie gouf hinne vum Jeff Blue, engem Kolleeg vum Delson, virgeschloen.

Hien huet op Demoe vun der Band gesongen an hinnen dat iwwer Telefon virgestallt. Puer Deeg drop huet hie sain Job gekennegt an ass mat senger Fra vun Arizona a Kalifornien geplennert. Mam Baitrett vum Chester war Xero quasi eng nei Band an dofir wollte si och en neien Numm sichen. Am Ufank war dat "Hybrid Theory", wei iwweregens och hiren eischten Album heescht, ma domat krute si Problemer, well et schonn eng aner Band enner deem Numm gouf. Si hu laang nogeduecht, bis den Chester mam Virschlag "Lincoln Park" koum. De Lincoln Park ass e Park, laanscht deen den Chester all Dag gefuer ass, benannt nom President Lincoln . Ausserdeem gouf et an all greisser Stad e Lincoln Park, sou datt d'Leit mengen, d'Band geif aus hirer Geigend kommen.

Ma do gouf et nach en Problem: D'Band wollt sech onbedengt de .com - Domain secheren, dee mat dem Numm Lincoln Park schonn an alle Forme besat war. Also hu si sech ob Linkin Park geeenegt. Ausserdeem gett Lincoln Park mam kaliforneschen Accent eischter wei Linkin Park ausgeschwat.

No iwwer 40 refuseierte Plakkevertrag konnt dei nei Band endlech bei Warner Bros. ennerschreiwen an huet hiren eischten Album Hybrid Theory opgeholl. Deen Album gouf a minimaler Zait e groussen Erfolleg. Scho Woche viru senger Vereffentlechung ass dei eischt Singleauskoppelung "One Step Closer" op den amerikanesche Radiossenderen erop an erof gelaf. Si sinn als Virband fir "Deftones" op Tour gaangen, an hu sech domat nach mei Fans gesechert.

Am September 2001 huet dei zweet Single Crawling et bis op d'Plaz 14 an den daitschen Charts gepackt. Mat de leschte Singelen In The End a Papercut gouf den Erfolleg nach perfektioneiert. Duerno sollt Linkin Park ob de greisste Festivalle spillen, wat allerdengs weinst enger Krankheet vum Chester Bennington kuerzfristeg ausgefall ass. Vum eischten Album "Hybrid Theory" goufe bis elo iwwer 15 Millioune Placke verkaaft. An der Teschenzait ass och de Bassist David Farrell erem bei d'Band komm. Virdru gouf hien duerch verschidde Bassisten ersat.

Am Joer 2002 gouf den 2. Studiosalbum Reanimation vereffentlecht. Et ass e Remixalbum , deen haaptsachlech ob Hybrid Theory baseiert. Deen Album war och e groussen Erfolleg, ma et goufen, laut Kritiker a Fans, och vill Lidder verschlechtert duerch dei vill Raps. Et gouf vill mat anere Rapper zesummegeschafft.

Ee Joer mei speit koum Meteora , den 3. Studiosalbum an d'Butteker. Obwuel deen Album vill ze vill no Hybrid Theory geklongen huet, wat d'Band eigentlech och scho gefaart hat, war Meteora schlussendlech ee vun de beschten Albumen aus dem Joer 2003. Si goungen am selwechte Summer nach mat kengen anere wei Metallica , Limb Bizkit , Deftones an Mudvayne op Tour. Eng Live-CD/DVD mat dem Numm "Live in Texas" ass dobai vereffentlecht ginn.

Kuerz duerno huet d'Band eng kleng Paus ageluecht, well de Rapper Mike Shinoda sech op eng Solocarriere konzentreiert huet.

Ma am Joer 2004 goung et schonn erem weider: Linkin Park huet mam Rapper Jay-Z e Mash-Up-Album vereffentlecht. Do goufe bekannt Lidder vu Linkin Park a vum Jay-Z gemescht. Sou ass zum Beispill aus dem Lidd Numb vun LP an dem Lidd Encore vum Jay-z d'Lidd Numb/Encore entstanen. Dei Single ass bis op d'Plaz 4 vun den daitsche Single-Charts komm.

2005 hu si e Buch mat 192 Saite mam Numm From The Inside - Linkin Park's Meteora vereffentlecht.

Am selwechte Joer gouf Linkin Park bekannt, datt si un engem 4. Studiosalbum schaffen. Dat war eng Decisioun, dei och seng Risike mat sech gezunn huet: D'Lidder ware mei roueg an dat bekannt Gemesch vum Shinoda senge Rapps an dem Chester sengem Gesank ass, bis op een Titel, komplett verschwonnen. D'Texter vun de Lidder setze sech staark geint dei haiteg Politik an. Den 11. Mee 2007 gouf den Album Minutes to midnight , deem sain Numm sech ob d'Doomsday Clock bezitt, dunn endlech vereffentlecht. D'Aarbecht hat sech gelount, well den Album gouf e Welterfolleg. Dei eischt Single "What I've Done" ass d'Filmmusek vum Film "Transformers".

2008 huet Linkin Park ee vun de greisste Concerte gespillt, dee si jee gespillt huet. Dozou kennt eng Live-CD/DVD mam Numm Road To Revolution - Live at Milton Keynes eraus.

Den 18. Mee 2009 koum d'Single New Divide an d'Butteker, dei allerdengs net zum Album Minutes To Midnight geheiert. Dei Single gett erem als Titelmusek fir de Film Transformers - Die Rache agesat.

0 0 De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.

An engem Interview am Joer 2008 huet de Shinoda confirmeiert, datt d'Band un engem neien Album schafft, dee viraussiichtlech am Joer 2010 erauskomme soll.

Discographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Albumen

Joer Titel Chartplaz Album
1997 Xero Demo Tape / Demo
1999 Hybrid Theory EP / EP
2000 Hybrid Theory US:2
UK:4
DE:2
Studiosalbum
2002 Reanimation US:2
UK:3
DE:3
Remixalbum
2003 Meteora US:1
UK:1
DE:1
Studiosalbum
2003 Live in Texas US:23
UK:47
DE:9
Live-CD/DVD
2004 Collision Course (ft. Jay-Z) US:1
UK:15
DE:5
Mash-Up-Album
2007 Minutes to Midnight US:1
UK:1
DE:1
Studiosalbum
2008 Road to Revolution: Live at Milton Keynes US:41
UK:58
DE:11
Live-CD/DVD
2008 Songs from the Underground US:96
DE:42
Fanclub-Sampler
2009 Underground 9: Demos DE:66 Fanclub-Sampler
2010 A Thousand Suns US:1
UK:2
DE:1
Studiosalbum
2012 Living Things US:1
UK:1
DE:1
Studiosalbum
2014 The Hunting Party US:3
UK:2
DE:1
Studiosalbum
2017 One More Light US:
UK:
DE:
Studiosalbum

Singelen

Joer Titel Chartplaz Album
2000 One Step Closer US:75
UK:24
DE:32
Hybrid Theory
2001 Crawling US:79
UK:16
DE:14
Hybrid Theory
2001 In the End US:2
UK:8
DE:13
Hybrid Theory
2001 Papercut UK:14
DE:49
Hybrid Theory
2002 H! Vltg3 / Pts.of.Athrty UK:9
DE:31
Reanimation
2003 Somwhere I Belong US:32
UK:10
DE:12
Meteora
2003 Faint US:48
UK:15
DE:40
Meteora
2003 Numb US:11
UK:14
DE:19
Meteora
2004 From the Inside DE:35 Meteora
2004 Lying from You US:58 Meteora
2004 Breaking the Habit US:20
UK:39
DE:25
Meteora
2004 Numb/Encore (ft. Jay-Z) US:20
UK:14
DE:4
Collision Course
2007 What I′ve Done US:7
UK:6
DE:4
Minutes to Midnight
2007 Bleed It Out US:52
UK:29
DE:40
Minutes to Midnight
2007 Shadow of the Day US:15
UK:46
DE:12
Minutes to Midnight
2008 Given Up US:99
DE:53
Minutes to Midnight
2008 We Made It (Busta Rhymes feat. Linkin Park) US:65
UK:10
DE:11
2008 Leave Out All the Rest US:94
DE:15
Minutes To Midnight
2009 New Divide US:6
UK:19
DE:4
Transformers - The Revenge (Filmmusek)
2010 The Catalyst US:27
UK:40
DE:11
A Thousand Suns
2010 Waiting for the End US:42
DE:29
A Thousand Suns
2011 Burning in the Skies DE:43 A Thousand Suns
2011 Iridescent US:81
DE:46
A Thousand Suns
2011 Rolling in the Deep UK:42 iTunes Festival: London 2011
2012 Burn It Down US:30
UK:27
DE:2
Living Things
2012 Lost In The Echo US:95
DE:68
Living Things
2013 Castle Of Glass DE:10 Living Things
2013 A Light That Never Comes (ft. Steve Aoki) US:65
UK:34
DE:8
Recharged
2014 Guilty All The Same DE:32 The Hunting Party
2014 Until It's Gone UK:78
DE:24
The Hunting Party
2014 Final Masquerade DE:70 The Hunting Party

Linkin Park Underground [ anneren | Quelltext anneren ]

Linkin Park Underground, kuerz LPU, ass den offizielle Fanclub vun der Band.

Do kenne Fans vun der Grupp sech aschreiwe fir en LPU Pass ze kreien (ze verglaiche mat enger Memberskaart). Wien do ageschriwwen ass, ka mat aneren LP-Fans Kontakt ophuelen an exklusiv CDen a Gadgete vun der Band kreien. Den Highlight bei der Saach ass, datt dei aktivste Membere Concertsticketen, Backstagepasser a Meet'n Greets mat der Band gewanne kann.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Linkin Park ? Biller, Videoen oder Audiodateien