Lance Armstrong

Vu Wikipedia
Lance Armstrong
Gebuertsnumm Lance Edward Gunderson
Gebuer 18. September 1971
Plano
Nationaliteit USA
Aktiviteit Velossportler, Autobiograph, Podcaster, Triathleet
Greisst 177 Zentimeter
Gewiicht 71 kg
Verain/Ekipp Motorola,
Cofidis,
Discovery Channel,
Astana,
RadioShack
Partei Republican Party
Famill
Liewenspartner(in) Tory Burch


De Lance Armstrong 2002 beim Grand Prix du Midi Libre

De Lance Armstrong , gebuer den 18. September 1971 zu Plano am Texas , ass e freieren US-amerikanesche Velossportler.

Hien huet sech de 24. Juli 2005 vum professionelle Velossport zereckgezunn, nodeem hie siwemol noeneen den Tour de France gewonnen hat - enner Doping, wei 2012 un d'Liicht koum.

Am September 2008 huet hie sai Comeback fir d'Saison 2009 ugekennegt.

Hien ass doduerch bekannt ginn, datt hien testiculaire Kriibs iwwerlieft huet an d'Joer drop sain eischten Tour de France gewonnen huet.

2010 ass hie mat der Ekipp RadioShack de Skoda-Tour de Luxembourg gefuer.

Am Oktober 2012 huet d'US-Anti-Doping-Agentur Usada dem Armstrong nogewisen, datt hie jorelaang systematesch e. a. Epo -, Testosteron -, Kortison - a Blutt doping bedriwen hat. Den Armstrong huet des Virwerf ofgestridden. All Titelen, dei en zanter 1998 kritt hat, dorenner seng 7 Tour-de-France-Titelen, goufen him oferkannnt. [1]

Livestrong a Lance Armstrong Foundation [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuerz no senger Kriibserkrankung huet hien d'Lance Armstrong Foundation (LAF) gegrennt. Si ennerstetzt de Kampf geint de Kriibs an d'Fuerschung fir en Heelmettel fir de Kriibs ze fannen.

Am Joer 2004 huet de Lance Armstrong, zesumme mat der Sportartikelfirma Nike , e gielt Armbandche mat der Opschreft "LIVESTRONG" erausbruecht. Et war en Deel vun der Campagne "Wear Yellow and live strong" dei Kriibs-Kranker a Kriibs-Iwwerliewender ennerstetzt. A weiderer Zesummenaarbecht mat der Firma Nike, mat der Firma Giro an der Firma Oakley, huet de Lance Armstrong an de Joren duerno all Joer Sportsartikele vu Livestrong erausbruecht. Den Erleis vun de Produite vu Giro an Oakley fleisst zum greissten Deel an d'LAF. Den Erleis vun der Nike-Kollektioun vu Livestrong fleisst integral an d'LAF.

Am September 2012, wei seng Uschellegung vun Doping bekannt gouf, huet den Armstrong sech aus der LAF zereckgezunn, fir hir net ze schiedegen.

Ekippen [ anneren | Quelltext anneren ]

Palmares [ anneren | Quelltext anneren ]

1991 [ anneren | Quelltext anneren ]

1993 [ anneren | Quelltext anneren ]

1995 [ anneren | Quelltext anneren ]

1996 [ anneren | Quelltext anneren ]

1998 [ anneren | Quelltext anneren ]

Oferkannt Titelen: [ anneren | Quelltext anneren ]

1999

2000

2001

2002

2003

2004

2005

2009

2010

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Lance Armstrong ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Lance Armstrong ? Zitater

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. "Armstrong verliert alle sieben Tour-Titel." wort.lu, 22.10.12 13:17.