Juan Carlos I
, gebuer de
5. Januar
1938
als
Juan Carlos Alfonso Victor Maria de Borbon y Borbon-Dos Sicilias
zu
Roum
, war vum
22. November
1975
bis den
19. Juni
2014
Kinnek vu
Spuenien
.
Hien ass den eelste Jong vum Kinnek
Juan de Borbon y Battenberg
a domat den Enkel vum Kinnek
Alfons XIII.
vu Spuenien. Bekannt ass de spuenesche Kinnek virun allem doduerch, well mat him d'Diktatur vum
Franco
zu Enn gaangen ass, a Spuenien de Wee zu enger
Demokratie
eremfonnt huet.
Fir d'Nofolleg vum spueneschen Diktator Franco ze secheren, war schonn 1947 virgesi ginn, d'
Monarchie
a Spuenien erem anzefeieren. Als Successeur um Troun war de Juan Carlos virgesinn, an net sai Papp, de Juan de Borbon, dee sech am Exil weider dem Franco opposeiert huet.
De Juan Carlos koum dunn, wei ofgemaach, am Alter vun zeng Joer a Spuenien, wou hien op der
San Isidro Schoul
zu
Madrid
sai Secondaire gemaach huet, an ass duerno op d'Militarakademie vu
Saragossa
, Marin,
Pontevedra
, a San Javier komm. Uschleissend huet hien nach Verfassungsrecht, Internationaalt Recht an Ekonomie studeiert.
De 14. Mee 1962 huet de Juan Carlos sech zu
Athen
mat der Prinzessin
Sophia vu Griicheland
bestuet. Aus deem Bestietnes stamen d'Kanner
Elena
(* 20. Dezember 1963),
Cristina
(* 13. Juni 1965) a
Felipe
(* 30. Januar 1968).
Zanter hirem Bestietnes wunnt a schafft d'kinneklech Famill am
Zarzuela-Palast
nordwestlech vu Madrid.
De Juan Carlos war um Enn vu sengem Regne mat der Gesondheet a Skandaler geplot. Nodeem en den 2. Juni 2014 seng Ofdankung ugekennegt hat, huet hien den 18. Juni 2014 d'Gesetz dozou ennerschriwwen, duerch dat sai Jong
Felipe
deen Dag drop sain Nofollger gouf.