Den
Henri Joseph Kill
, gebuer de
25. Januar
1879
zu
Miesdref
bei
Miersch
, gestuerwen den
22. Dezember
1963
zu
Iechternach
, war en Iechternacher Gemengepolitiker.
[1]
Bei de Gemengerotswale vum 12. Oktober 1924 ass de Jos Kill, deen op der Lescht vun der "Ordnungspartei" kandideiert huet, als fennefte gewielt ginn. Eischt Gewielte war de
Mathias Schaffner
; no deem koum de
Gust. Gretsch
, allebeid och "Ordnungspartei".
[2]
Am Maerz 1935 gouf de Jos Kill eischte
Schaffe
vun der Stad Iechternach enner dem Buergermeeschter Mathias Schaffner. Zweete Schaffe war de Geschaftsmann Jos. Speck.
[3]
Nom Doud vum Mathias Schaffner war de Jos Kill Buergermeeschter ff., bis en am August 1941 duerch de
Christian Stock
ersat gouf.
No der Liberatioun vu Letzebuerg am September 1944 ass de Jos Kill nees Buergermeeschter ff. ginn;
[4]
"richtege" Buergermeeschter gouf hien den 13. Juni 1945.
[5]
Bei de Gemengewale vum Oktober 1945 gouf hien net mei an de Conseil gewielt.
[6]
Hie blouf awer bis den 30. Dezember 1945 als Buergermeeschter am Amt.
[1]
Sain Nofollger war de
Robert Schaffner
, deen den 31. Dezember 1945 seng Nominatioun als Buergermeeschter vun Iechternach krut.
[1]
Vu Beruff war de Jos Kill Eisebunnsbeamten.
[7]
Seng Eltere waren den Theodore Kill an d'Catherine Wagener. De 26. Oktober 1904 hat hie sech mat dem Angele Weis bestuet.
[1]
- ↑
1,0
1,1
1,2
1,3
Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach
. Archiv vun der Stad Iechternach.
- ↑
Luxemburger Tageblatt 1924, Nr. 240 (14. Oktober), S. 3 (
Gemeinderatswahlen vom 12. Oktober 1924
).
[1]
- ↑
Escher Tageblatt 1935, Nr. 53 (4. Marz), S. 3 (
Echternach, 4. Marz. Schoffenrat
).
[2]
- ↑
Kauthen, P.
, 1995.
Das Leben der Echternacher Bevolkerung in der Evakuation (1944-45).
In:
Annuaire de la Ville d'Echternach
1994, S. 82.
- ↑
Datum vun der Nominatioun laut der
Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach.
Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑
Obermosel-Zeitung 1945-10-15, S. 1 (
Gemeinde Echternach
).
- ↑
A senger Nominatioun als Buergermeeschter vum 13. Juni 1945 gett hien als
chef de district hon. des chemins de fer Prince-Henri
bezeechent (Archiv vun der Stad Iechternach).