Joseph Fischer (Ingenieur)

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Ingenieur Joseph Fischer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Fischer .
Joseph Fischer
Gebuer 3. Mee 1856
Zeisseng
Gestuerwen 13. September 1937
Letzebuerg
Educatioun Stater Kolleisch ,
RWTH Aachen
Aktiviteit Ingenieur

De Joseph Fischer , gebuer den 3. Mee 1856 zu Zeisseng [1] a gestuerwen den 13. September 1937 an der Stad Letzebuerg [2] , war e letzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.

Hien huet nom Ofschloss am Athenee de Luxembourg , zu Oochen 1880 den Diplom als Ingenieur mat der Mentioun 'ganz gutt' kritt.

Vun 1880 bis 1882 huet hien als Chimiste zu Monceau-sur-Sambre bei Charleroi geschafft [1] .

Am Abrell 1882 gouf hien als Chimiste vu Metz & Cie fir d'Schmelz zu Dummeldeng engageiert [1] .

1884 gouf hien den Direkter vun den Heichiewe vu Metz & Cie zu Esch-Uelzecht [1] .

Vun 1896 bis 1900 war hien dunn Direkter vun der Societe metallurgique d'Esperance-Longdoz zu Seraing [1] .

Den 1. Januar 1901 koum hien zereck op Letzebuerg a gouf Direkter vun der Schmelz vu Rodange [1] .

Gielercher [2] [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Biographie vum Joseph Fischer op der Websait www.aachen.lu Archiveiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-12-27.
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Joseph Fischer am Tageblatt vum 14. September 1937