Jean Philippe Wagner

Vu Wikipedia
Jean Philippe Wagner
Gebuer 24. Januar 1851
Gestuerwen 11. Februar 1931
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Schreftsteller


De Jean Philippe Wagner , gebuer de 24. Januar 1851 [1] zu Berbuerg a gestuerwen den 11. Februar 1931 zu Ettelbreck , war e letzebuergesche Schoulmeeschter a Professer.

Schoulmeeschter a Professer [ anneren | Quelltext anneren ]

De Philippe Wagner huet d'Normalschoul gemaach a war duerno Schoulmeeschter zu Fluessweiler (1869-1873), Viichten (1873-1875) an Ettelbreck (1875-1883). Am August 1874 huet hien den 2. Rang kritt. [2]

De 5. Dezember 1883 huet de Wagner, deen zenter 1878 den 1. Rang als Schoulmeeschter hat, eng Nominatioun als Professer 2. Klass an der neigegrennter Akerbauschoul vun Ettelbreck kritt. Do huet hien uechtzeng Joer laang enseigneiert, bis de 14. Dezember 1901, wou hie sech krankheetsbedengt pensioneiere gelooss huet. [3]

President vum Uebst- a Gaardebauverain [ anneren | Quelltext anneren ]

De Wagner ass den 2. Juli 1890 ≪membre correspondant≫ vun der ≪Fauna≫ - Societe des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn. Am Bulletin vun der ≪Fauna≫ huet hien allerdengs just een eenzegen Artikel, ≪Die Kohlhernie und ihre Bekampfung≫ (1908), publizeiert.

De Ph. Wagner war de President vum ≪Letzebuerger Landes-Uebst- a Gaardebauverain≫ (Landes-Obst- und Gartenbauverein ; Association nationale d'arboriculture et d'horticulture du grand-duche de Luxembourg) vun 1906 bis 1928, hie war ≪membre agrege≫ vun der Wessenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal vun 1924 un, a ≪membre correspondant≫ vun der ≪Academie d'agriculture de France≫.

Wei hien den 13. Februar 1931 zu Ettelbreck, begruewe gouf, huet e. a. de Felix Heuertz als Vizepresident vum Uebst- a Gaardebauverain, deem sain Eierepresident de Philipp Wagner war, eng Ried gehalen. (Massard 2015, S. 8, 10.)

Auteur vu ville Publikatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Wagner ass den Auteur vu ville Publikatiounen, dorenner och Schoulbicher fir d'Primar- oder d'Akerbauschoul wei: ≪Skizzen und Bilder aus der Heimaths-, Vaterlands- und Erdkunde≫ (Luxemburg 1883), ≪Geographie fur die Luxemburger Schulen≫ (Luxemburg 1889, 1892, 1900,1903, 1911), ≪Mathematiques et comptabilite agricoles: manuel a l'usage de l'enseignement et de l'agriculteur (1890, 1891), ≪Mathematiques, commerce, comptabilite agricoles a l'usage de l'enseignement et de l'agriculteu≫ (1908). Op enger anlecher Linn lait d'Buch ≪Der praktische Kaufmann: ein Handbuch zunachst fur Kaufleute, Handelsbeflissene und Gewerbetreibende des Luxemburger Landes≫ (Luxemburg 1899).

E weidert Gebitt, war d'Uebstzuucht mat z. B. desen Titelen: ≪L'arboriculture fruitiere et la production du cidre, du poire et de l'eau-de-vie de fruits dans le Grand-Duche de Luxembourg≫ (1893, extrait du journal: "Le Cidre"), ≪Organisation des Obsthandels, speziell eines Obstmarktes im Luxemburger Lande≫ (1896, Separatabdruck aus dem "Luxemburger Obstbaufreund"), ≪Die Dungung unserer Obstbaume≫ (Luxemburger Obstbaukalender fur das Jahr 1900).

Seng Erkenntnesser, dei hien op Auslandsreese gesammelt, hunn hiren Nidderschlag a sengem Wierk ≪Landwirtschaftliche Reisebriefe aus Italien und Sicilien≫ (1903) fonnt.

Eng Rei vun Aarbechte beschaftege sech mat dem Miel vun den Thomasschlaken: ≪Thomasschlackenmehl und die organischen Dunger im Hackfrucht- und Gemusebau≫ (1904, Landw. Zeitschrift fur Elsaß-Lothringen), ≪Neue Beobachtungen und Erfahrungen uber Verwendung und Wirkung von Thomasschlackenmehl in schweren Boden≫ (1904, Annalen des Großh. Acker- und Gartenbauvereins Luxemburg), ≪Das Thomasmehl, seine Gewinnung und Verwendung: Lichtbildervortrag≫ (1913, Monatshefte der "Gesellschaft zur Forderung der Wissenschaften, des Ackerbaues und der Kunste im Unter-Elsass"), ≪Dungung mit steigenden Thomasmehlgaben≫ (1914, Berlin).

Da koumen nach Sujeten zur Sprooch wei: ≪Der Luzernebau und seine Wiederbelebung≫ (Berlin 1905, 1910, 1912), ≪Die Korbweidenanlagen des Hauses Mercier & Cie. in Kopstal bei Luxemburg (1906, Sonderabdruck aus "Deutsche Landwirtschaftliche Presse") respektiv ≪Les oseraies de la maison Mercier & Cie a Kopstal (Grand-Duche de Luxembourg)≫ (1908, Journal de la Societe centrale d'agriculture de Belgique).

D'Problemer, dei sech fir d'Landwirtschaft an d'Ernierung vun der Bevelkerung am Eischte Weltkrich gestallt hunn, huet de Ph. Wagner a follgende Publikatioune behandelt: ≪Ein Merkblatt fur Kleingartenbau unter dem Kriegseinfluß≫ (Berlin 1915), ≪Gedanken zur Regenerierung der Kartoffel unter dem Kriegseinfluß≫ (1915, Sonderabzug aus "Großherzoglicher Ackerbauverein"), ≪Weizen, und andere Brotfrucht unter dem Kriegseinfluss≫ (1916, Separatabzug aus "Großherzoglicher Ackerbauverein"), ≪Thomasmehl, Ernteertrage und Nahrungsmittel-Versorgung im Großherzogtum Luxemburg unter dem Kriegseinfluß≫ (Luxemburg 1917).

U seng Vergaangenheet als Pedagog huet de Ph. Wagner ugeknappt mat dem Artikel ≪Lichtbilder- und Kinovortrage im Dienste des Unterrichtes≫ (Dresden, Leipzig 1916).

Auszeechnungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Den 31. Dezember 1900 ass hie vum franseische Akerbauminister mat dem ≪Chevalier du merite agricole≫ ausgezeechent ginn. (Massard 2015, S. 8, 10.)

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Anonyme, 1931. Ehrenprasident J.-Ph. Wagner †. Luxemburger Obst- und Gartenbaufreund 39, S. 63-65.
  • Blum, M. , 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonne de tous les ouvrages ou travaux litteraires publies par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duche actuel de Luxembourg. Premiere partie: Les auteurs connus. Nouvelle edition, completee, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury . First published 1902-1932. Reprinted 1981. Munchen, Kraus International Publications, vol. II: M-Z, 700 S. [Wagner, Jean-Philippe, S. 555-556].
  • Flies, J. , 1970. Ettelbruck. Die Geschichte einer Landschaft. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 2274 S.
  • Kn., 1931. J. Ph. Wagner †, 1850-1931. Luxemburger Wort 1931, Nr. 43 (12. Februar): 3. [1]
  • Massard, J.A. , 2015. La Societe des naturalistes luxembourgeois de 1890 a 2015. Bulletin de la Societe des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302. Corrigenda et addenda, p. 10.
  • Molitor, M. 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betatigung von 1815-1930. Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg, 157 S. [Wagner Johann Philippe, S. 74-76].

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Massard 2015, S. 10. ? Kn. 1931 a Flies 1970, S. 1468 ginn 1850 als Gebuertsjoer un).
  2. Flies 1970, S. 1468.
  3. Flies 1970, S. 1500-1501.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Doudesannonce vum Jean-Philippe Wagner am Luxemburger Wort vum 12. Februar 1931