|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Ekonomist Jean Krier. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl.
Jean Krier
.
|
De
Jean Krier
, gebuer den
21. August
1935
zu
Rouspert
, gestuerwen den
30. Oktober
2003
zu
Amsterdam
, war e
letzebuergeschen
Ekonomist a Banquier.
Hien huet op der
Universite catholique de Louvain
studeiert, wou hien eng
Licence en sciences commerciales et financieres
gemaach huet.
1962 ass hien op d'
Banque internationale a Luxembourg
komm, wou hien d'Departementer
Marches des capitaux
a
Private & Retail Banking
geleet huet. Duerno, vun 1990 bis 1996, war hie Generaldirekter vun dar Bank.
Vun 1988 bis 1992 war hie President vun der
ABBL
.
Bei der
Bourse vu Letzebuerg
war hie vun 1981 bis 1985 President vun der
Commission de la bourse
, vun 1985 bis 1991 a vun 1997 bis 2001 Member vum Verwaltungsrot, a vun 2001 bis zu sengem Doud am Joer 2003 President vum Verwaltungsrot.