Jan Vansina

Vu Wikipedia
Jan Vansina
Gebuer 14. September 1929
Antwerpen
Gestuerwen 8. Februar 2017
Madison
Nationaliteit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universiteit vu Leiwen
Aktiviteit Anthropolog, Historiker
Member vun Academie royale des sciences d'outre-mer, American Academy of Arts and Sciences , British Academy, American Philosophical Society, Koninklijke Vlaamse Academie van Belgie voor Wetenschappen en Kunsten
Famill
Papp Dirk Vansina

De Jan Vansina , gebuer de 14. September 1929 zu Antwerpen , a gestuerwen den 8. Februar 2017 zu Madison , am Wisconsin , war e belschen Anthropolog an Historiker.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Jan Vansina war dat 7. Kand aus enger kathoulescher Famill mat 12 Kanner. Seng Eltere waren allen zwee Kenschtler, sai Papp war Schreftsteller, Moler a Konschthistoriker a seng Mamm war Molerin. De Papp war ausserdeem an der flamescher Nationalbeweegung aktiv. Hien hat e Geschaft, wou en e. a. liturgesch Gewanner verkaf huet. Ma weinst der Depressioun an den 1930er Joren huet hie sai Geschaft missen 1940 zoumaachen. Dem Jan Vansina seng Mamm hat glecklecherweis genuch Sue vun doheem, well hire Papp en decke Fesch an der Tubaksindustrie war.

Kandheet am Krich [ anneren | Quelltext anneren ]

De Jan a seng Geseschter hu warend dem Krich vun 1940 un, villes doheem vun hiren Eltere geleiert. Si hu sech mat de Bescher an der Geigend beschaftegt an den Deieren, dei do gelieft hunn. Si hunn ausserdeem och vill doheem gelies, si si geleiert gi wei ee moolt a vill aner Saachen dei s'an der Schoul net baibruecht kruten. Schonn als Bouf vun 8-9 Joer hat de Jan sech un den Kameidi vun der Artillerie gewinnt. Wei d'Kampfhandlungen da mei no bei Antwerpen komm sinn, huet de Papp, deen e Veteran vun Eischte Weltkrich war, decideiert, seng Famill mei wait ewech vun de Kampf op Bruges ze plenneren. Ironescherweis war et zu Bruges wou dei belsch Armei ageschloss ginn ass an huet misse kapituleieren.

Zu der selwechter Zait hat dem Jan seng Mamm eng nei Schoul fir hie fonnt, ee Benediktinerinternat bei Zevenkerken . De Jan war deen eenzegen am Internat, deen net aus enger Adelsfamill koum - eng Tatsaach dei seng elitar an iwwerhieflech Matschuler hien ni vergiesse gelooss hunn, soudatt hie sech geint si huet missen duerchsetzen. Dei Erfarung, vun uewen erof behandelt ze ginn, huet hien ni vergiess, a si huet e mei speit zu engem absolutte Geigner vum Kolonialismus gemaach.

Zur selwechter Zait hunn d'Schuler och missen em hiert Iwwerliewe kamfen, well et waren Zaiten wou si hu misse fir eng eenzeg Gromper kampfen. 1942 gouf d'Internat vun der daitscher Armei konfiszeiert, an d'Schuler hu missen a Gruppe mat hire Proffe vun enger provisorescher Plaz op dei nachst plenneren. De Schoulsystem war warend dem Krich nemme bedengt um Lafen ze halen. Dei Zait war fir d'Kanner och eng Aventure, obwuel si emmer hu misse faerten, bombardeiert ze ginn. Dem Jan seng Famill huet mettlerweil zu Gooreind gelieft, wou si Enn Oktober 1944 vun de Kanadier befreit gouf. De Jan Vansina huet am Krich schlussendlech och geleiert wei gefeierlech Fanatismus an Ideologie sinn, sou ass hien en absolutte Geigner vun all Aart vu Fanatismus ginn.

Kuerz nom Krich huet de Jan am Alter vu 16 Joer da seng Lyceesexame gemaach a gepackt.

Ausbildung op der Universiteit [ anneren | Quelltext anneren ]

Mat 16 Joer wousst de Jan nach net wat hie weilt ginn, also huet e sengem Papp nogelauschtert an huet sech fir Medezin op der kathoulescher Universiteit zu Leiwen ageschriwwen. D'Medezin war fir de Jan awer eng Qual, an no 2 Joer ass en op Droit gewiesselt an huet heemlech och nach Geschicht gemaach, soudatt en 2 Joer drop e Bachelor an Droit a Geschicht hat. Obwuel seng Elteren net dovu begeeschtert waren, huet hie Geschicht weidergemaach.

Seng Ausbildung zum Mettelalterhistoriker war klassesch: en huet z. B. Latain gemaach, ekonomesch Geschicht oder mettelalterlech Paleographie . Warend sengem Studium war d'Relatioun mat de Proffen eng ganz onperseinlech, si waren dei grouss Spezialisten an hunn d'Studente behandelt wei wa si naischt wieren. Eng Astellung dei de Jan Vansina deif beaflosst huet, a seng Aart a Weis, a sengem mei speide Liewen als Professer determineiert huet. Warend senger Masteraarbecht ass hie fir d'eischt mat mendlecher Geschicht a Kontakt komm, eng Faszinatioun huet sech entweckelt dei hien net mei sollt lassloossen. Kuerz virum Ofschloss vu sengem Studium huet hien an der Zeitung gelies datt den Direkter vum Kinnekleche Kongo-Musee , Kandidate siche geif fir als Anthropolog am Belsche Kongo ze schaffen.

Den 20 Juni 1951 huet de Jan Vansina sain Diplom als Historiker vun der Uni Leiwen kritt. Zur selwechter Zait huet hien e Breif kritt vum Institut pour la recherche scientifique en Afrique centrale (IRSAC), hien hatt d'Plaz als Anthropolog kritt. Eier datt hie konnt an Afrika goen, huet hien awer nach missen ee Joer Anthropologie zu London maachen. Duerno sollt hien an de Belsche Kongo, fir do Feldaarbecht bei de Kuba ze maachen. Do huet hien och fir d'eischt vum Roland Oliver heieren, dee grad eng nei Spezialiteit gegrennt hat: Afrikanesch Geschicht. Ma fir de Moment war de Jan op d'Anthropologie an d'Leiere vun der englescher Sprooch konzentreiert. Zu London huet hien och d'Mary Douglas kennengeleiert, eng jonk Professesch dei him sain Tuteur war an him bei villem gehollef huet. Schlussendlech huet hie just nach misse beim Malcolm Guthrie d'Kuba-Sprooch misse leieren, eier e konnt mat senger Aarbecht an Afrika ufanken. De 17. Dezember 1952 huet de Jan Vansina sech vun Antwerpen aus op de Wee an Afrika gemaach.

Zait am Belsche Kongo an am Ruanda [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Kongo ukomm sollt de Jan Vansina vu Mweka , dem administrativen Zentrum vun de Kuba, op Nsheng reesen, wou de Bushong Kinnek gelieft huet. Hien ass allerdengs 3 Meint laang zu Mweka hanke bliwwen ouni Suen, Ekipement oder Pabeiere fir d'lokal Autoriteiten. Schliisslech ass en zu Parrot's Tale ukomm, eng Stonn vun der Haaptstad Nsheng ewech. Och do ass de Vansina erem zwei Meint hanke bliwen, nodeem seng Jeep de Geescht opginn hat. Dat gouf him d'Geleeenheet fir intensiv d'Bushong-Sprooch ze leieren. Schlussendlech ass hien dann zu Fouss bis an d'Haaptstad vun de Kuba gaangen.

Nodeem hien eng Zaitchen do war, hunn d'Kuba lues a lues ugefaangen him ze vertrauen, soudatt hien endlech konnt mat senger Feldaarbecht ufanken. Am Mee 1953 huet de Vansina ugefaangen, de Bushong hir Gedichter an alles wat si iwwer hir Geschicht nach woussten ze dokumenteieren. Gehollef krut hien dobai vun de Bulaam , enger Aart afrikanesch Lokalhistoriker, dei d'Geschicht vun hire Communauteite mendlech weiderginn. Fir awer kenne mei intensiv d'Geschicht vun de Kuba ze dokumenteieren, huet de Jan missen d'Erlabnis vun hirem Kinnek hunn. Nodeem hie vum Kinnek akzepteiert gouf, konnt hien ewell mat allmeigleche Leit vun den Kuba schwatzen, an hir Geschicht sou mat engem Tounbandapparat ophuelen. Hien huet souguer als eischten a warscheinlech eenzegen Europaer un enger Kuba-Initiatiounszeremonie deelgeholl, dei iwwer Woche gaangen ass. Dest ass ee Ritual fir dei jonk Kuba als Manner an hirer Gesellschaft anzefeieren.

Am Dezember 1953 ass de Vansina dann op Astrida am Ruanda gereest, fir do un engem interdisziplinare Seminar deelzehuelen. Astrida war ee vun den Haaptsetzer vum IRSAC. Zu Astrida huet de Vansina da seng speider Fra Claudine kennengeleiert.

Zu dar Zait huet hien och seng Leift zur Feldaarbecht entdeckt, fir hie war et mei faszinant an eng aner Kultur anzedauche wei doriwwer akadeemesch Aarbechte fir aner Fuerscher ze schreiwen. Am Mee 1954 war nach ee Seminar zu Astrida, obwuel de Vansina virun allem dohi gereest ass fir d'Claudine erem ze gesinn, mat dar hie mettlerweil verloobt war. Si sinn am September 1954 bestuet ginn. De Vansina huet sech zu dar Zait och entscheet, seng Dokteraarbecht an der Geschicht ze schreiwen.

Den 1. Oktober 1954 ass de Jan Vansina vum belsche Militar agezu ginn, fir dei nachst 18 Meint war hien an der Base vu Kamina an der Provenz Katanga stationeiert. Am Februar 1956, kuerz ier sai Militardengscht eriwwer war, huet seng Fra sai Bouf, de Bruno, op d'Welt bruecht.

Nodeem hien den 22. Maerz 1956 aus der Armei entlooss gi war, ass de Jan Vansina e puer Meint duerch d'ganzt Kuba-Land gereest. Hien huet dobai enorm vill nei Informationen iwwer d'Geschicht vun de Kuba gesammelt, an al Informatiounen iwwerpreift.

Den 1. Juli 1956 ass de Vansina mat senger Famill zereck an d'Belsch gereest. Obwuel hien et deemools nach net wousst, sollt hien ni mei d'Geleeenheet kreien nach eng Keier an de Kongo bei d'Kuba ze reesen.

En Historiker vun Afrika [ anneren | Quelltext anneren ]

De Jan Vansina ass ee vun de Pioneier vun der afrikanescher, a virun allem der mendlecher, Geschicht. Obwuel hien als Anthropolog an de Kongo bei d'Kuba gescheckt gi war, huet hien do seng Leift fir Afrika, seng Awunner a seng Geschicht entdeckt. Et sollt allerdengs e relativ laange Kampf fir hie gi bis d'afrikanesch Geschicht als Fachgebitt unerkannt an etableiert war.

Nodeem de Jan 1956 zu Breissel ukomm ass, huet hie mat senger Famill an engem klengen Appartement gelieft, bis hie seng Dokteraarbecht konnt verdeedegen.

Well hien dest awer ereischt 1957 konnt maachen, an an der Teschenzait net konnt schaffen, hu seng Fra a sai Bouf aus finanzielle Grenn nees zereck op Astrida misse goen. De 16. Oktober 1957 ass dem Jan seng Dokteraarbecht vun der Uni Leuven unerkannt ginn. Nodeem et sou laang gedauert hat, war hien elo mei wei jee determineiert, an Afrika Historiker ze ginn.

Enn 1957 huet de Jan Vansina d'Plaz als Direkter vun der IRSAC-Statioun zu Astrida iwwerholl. Hie war och domat averstanen, zu Lovanium , enger nei gegrennter Universiteit am Kongo, als Professer Coursen ze halen. Och do huet hien erem mendlech Geschicht a Gedichter iwwer d'Herrscher vum Ruanda dokumenteiert, fir se dann zum Schluss ze publizeieren. Fir dese Projet ze realiseieren huet hien ab 1958 seng Leit duerch d'ganzt Land gescheckt fir Informaten ze fannen, ausserdeem huet hien och nach ugefaangen am Burundi ze fuerschen. Doriwwer eraus huet hien 1958 och nach seng Carriere als Professer op der Universiteit vu Leopoldville ugefaangen.

D'Enn vun den 1950er Jore war d'Zait wou vill Lanner an Zentralafrika hir Onofhangegkeet kruten, soudatt de Vansina d'Projeten am Kongo an am Ruanda nach faerdeg gemaach huet, fir dann 1960 erem zereck an d'Belsch ze reesen, wou seng Fra a sai Bouf schonn op hie gewaart hunn.

E Belsch an Amerika [ anneren | Quelltext anneren ]

De 26. November 1960 ass de Jan Vansina a seng Famill zu Madison an Amerika ukomm. Hien hat do eng Plaz op der University of Wisconsin ugeholl, wou hien d'Hallschent vun der Zait als Professer an dei aner Hallschent an der Recherche geschafft huet. Dest huet et him ermeiglecht, fir seng Recherchen aus deene Jore virdrun op de Pabeier ze brengen.

Et huet allerdengs e besse gedauert bis de Jan a seng Famill sech an Amerika agelieft haten, vu que d'Liewen an d'Kultur do ganz aanescht ware wei an Afrika oder och an Europa. Wat him awer direkt gefall huet war dei informell Relatioun tescht Professeren an hire Studenten. Hien a seng Famill sinn an Amerika haerzlech empfaange ginn, sou hu si senger Fra enner anerem gehollef Englesch ze leieren.

De Vansina war mat responsabel fir zu Madison Afrikanesch Geschicht als Fach z'etableieren an opzebauen. Och do huet de Vansina Pioneieraarbecht geleescht, well vill Unien an Amerika hunn duerno d'Strukture vum afrikanesche Geschichtsprogramm vu Madison iwwerholl. No zwee Joer war et fir hien Zait nees an der Recherche ze schaffen. D'Recherche hat hie schonn emmer wait mei faszineiert wei d'Aarbecht als Professer. Enn 1962 ass hien dofir nees zereck an Afrika gereest, wou hie fir den OSTROM ( Office de la Recherche Scientifique et Technique d'Outre-Mer ) gefuerscht huet. Warend 5 Meint huet hien do d'prekolonial Geschicht vum Tio Kinnekraich am Kongo-Brazzaville erfuerscht.

Am Summer 1964 ass de Jan Vansina mat senger Famill zereck op Madison komm. Dest war an Amerika eng revolutionar Zait, engersaits duerch den Civil Rights Movement an anerersaits duerch de Vietnamkrich . D'afrikanesch Geschicht huet zu dar Zait en Heichpunkt u Populariteit erreecht, an huet sech iwwer Joren emmer mei vergreissert. Ausserdeem waren och d'Studentebeweegungen Enn vun den 1960er Joren op hirem Heichpunkt. 1968 ass de Campus zu Madison vun der Nationalgarde besat ginn an 1970 ass e Gebai um Campus explodeiert. 1970 ass zu Madison och een African American Studies Program gestart ginn.

Ufanks vun den1970er Joren huet dem Vansina seng Roll als Professer och emmer besser gefall, virun allem seng Aarbecht mat Doktoranten. Trotzdeem huet hien 1973 zu Madison gekennegt fir zereck a seng Heemecht op d'Universiteit zu Leiwen ze goen. Weinst akadeemeschen Differenzen huet hien 1974 awer nees do demissioneiert, fir den 21. August 1975 erem zu Madison unzekommen, wou hien a seng Famill sech, des Keier definitiv, niddergelooss hunn.

Seng lescht Feldaarbecht huet de Vansina 1977 ugefaangen. Hien ass mat engem vu sengen ale Studenten a Libyen gereest fir do en Institut fir mendlech Geschicht opzebauen - fir de Vansina eng absolut Dramaarbecht.

Hien huet ausserdeem och nach bei engem Unesco -Projet iwwer afrikanesch Geschicht matgeschafft.

Enn vun den 1970er Joren an Ufank vun den 1980er Joren huet de Vansina op verschiddenen Universiteite Course ginn z. B. zu Parais oder am Pennsylvania.

D'Enn vun enger grousser Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

1985 as de Vansina Chef vum African Studies Programm zu Madison ginn.

1986 ass fir hien en Dram wouer ginn wei hien zu Beijing Coursen iwwer Zentralafrikanesch Geschicht konnt ginn. Schonn als Kand hat China hien emmer faszineiert.

Nodeem hien 1986 sechergestallt hat, datt d'afrikanesch Geschicht zu Madison weider finanzeiert geif, war et Zait fir hien, lues a lues an d'Pensioun ze goen. Tescht 1990an 1991 huet hie keng nei Doktorande mei ennerstezt an huet och emmer manner Coursen op der Uni ginn. Dei lescht wichteg Aufgab fir de Vansina war elo just nach, secherzestellen, datt d'afrikanesch Geschicht als Fach zu Madison weiderhi bestoe sollt.

Wierker (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Vansina, Jan (1965). Oral Tradition. A Study in Historical Methodology (Iwwersat aus dem Franseische vum H. M. Wright). London: Routledge & Kegan Paul.
  • Vansina, Jan (1966). Kingdoms of the Savanna. Madison, Wisconsin Universiteits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (1985). Oral Tradition as History. Madison, Wisconsin Universiteits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (1990). Paths in the Rainforests. Madison, Wisconsin Universiteits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (1994). Living With Africa. Madison, Wisconsin Universiteits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (2004). Antecedents to Modern Rwanda: The Nyiginya Kingdom Universiteits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (2004). How Societies Are Born: Governance in West Central Africa Before 1600. Charlottesville, Virginia Universiteits Press Virginia
  • Vansina, Jan (2010). Being Colonized: The Kuba Experience in Rural Congo, 1880-1960. Madison, Wisconsin Universiteits Press Wisconsin

Quell [ anneren | Quelltext anneren ]

Quell fir desen Artikel ass d'Autobiographie vum Jan Vansina: Living with Africa.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]