Jerome Savary

Vu Wikipedia
Jerome Savary
Gebuertsnumm Jean Jerome Savary
Gebuer 27. Juni 1942
Buenos Aires
Gestuerwen 4. Maerz 2013
Levallois-Perret
Doudesursaach Kriibs
Nationaliteit Frankraich
Educatioun Ecole nationale superieure des arts decoratifs
Aktiviteit Schauspiller , Theaterregisseur, Dramaturg, Filmregisseur , Trompettist, Dreibuchauteur
Famill
Liewenspartner(in) Mona Heftre

De Jerome Savary , gebuer de 27. Juni 1942 zu Buenos Aires a gestuerwen de 4. Maerz 2013 zu Levallois-Perret , war e franseischen Theaterregisseur, Theater- an Operenintendant , Schauspiller Musikant an Auteur.

Hien huet ufanks zu New York als Jazztrompetist gelieft, huet du sai Militardengscht an Argentinie gemaach (sai Papp war Argentinier) a goung dann op Parais. Do huet en als Comic -Zeechner, Auteur vu Fotoromaner a Chauffer (e. a. vum Charlie Parker senger Wittfra) geschafft.

1965 huet en d' Compagnie Jerome Savary gegrennt, aus dar sech Le Grand Magic Circus a mei speit Le Grand Magic Circus et ses animaux Tristes entweckelt huet. Mat dar Trupp, dei hiren eegene Stil hat - eng Meschung aus Zirkus, Variete, Burlesk-Theater an Oper - gouf en inernational bekannt.

Vun 1982 bis 1986 war de Savary Direkter vum Centre Dramatique National du Languedoc-Roussillon , duerno bis 1988 vum Carrefour Europeen du Theatre du 8 e zu Lyon ; vun 1988 bis 2000 vum Theatre national de Chaillot an da bis 2007 Intendant vun der Paraisser Opera-Comique .

Als Regisseur huet hien eng wait Pallett vu Stecker inszeneiert, vu Schauspill, Oper, Operett bis Musical; vum Moliere sengem Bourgeois gentilhomme iwwer dem Verdi sai Rigoletto , dem Offenbach seng La Perichole an dem Lehar seng Lustiger Witwe bis zum Monnot sengem Musical Irma la Douce . Am Ganzen huet hien iwwer 300 Stecker op d'Bun bruecht.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Jerome Savary: Album du Grand Magic Circus . Pierre Belfond, Paris 1974.
  • Jerome Savary: Ein ganz gewohnlicher Magier . Ins Deutsche ubertragen von Widulind Clerc-Erle. Herbig, Munchen/Berlin 1986, ISBN 3-7766-1423-4 .
  • Jerome Savary: Dictionnaire amoureux du Spectacle . Editions Plon, Paris 2004, ISBN 2-259-19898-8 .

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Jerome Savary ? Biller, Videoen oder Audiodateien