Heim ins Reich -
Wei Letzebuerg sollt preisesch ginn
ass en Dokumentarfilm vun 2004 iwwer d'Zait vun
1940
-
1944
zu
Letzebuerg
, wei dat
vun Nazi-Daitschland besat
war.
Den Titel baseiert um Slogan
Heim ins Reich
vun der
Volksdeutscher Bewegung
, mat deem des den Uschloss un Daitschland propageiert huet.
De Kader bilden d'
Onofhangegkeetsfeierlechkeeten
vun
1939
an d'Zereckkomme vun der Grande-Duchesse
Charlotte
aus dem Exil. Unhand vun den Temoignage vun iwwer 20 Zaitzeien, Filmopname vun deemools, Fotoen an nogespillten Zeene beschreift de Film, wei nom Iwwerfall d'Nazie probeiert hunn, am Ufank mat Propagandageteins, duerno emmer mei mat Terrormethoden, d'Letzebuerger dovun z'iwwerzeegen, datt si
Heim ins Reich
geheiere geifen, an d'Reaktiounen dorop. Et gett erzielt wei eng Minoriteit sech no an no aktiv an der
Resistenz
organiseiert, eng aner Minoriteit
kollaboreiert
huet, an de groussen Deel vun der Bevelkerung probeiert huet, sech sou gutt wei meiglech duerchzeschloen, ouni sech ze komprometteieren. Thematiseiert ginn och d'Anzeie vun de Letzebuerger an d'
Wehrmacht
, d'
Emsiidlung
, an d'
Deportatioun
an Ermuerdung vun de
Letzebuerger Judden
.
Am Film kommen eng Rei Zaitzeien zu Wuert:
Josy Fellens
,
Victor Fischbach
,
Yvonne Frisch-Urbany
,
Roger Gaspart
,
Erny Gillen
,
Emile Hemmen
,
Jos Hittesdorf
,
Bernard Jacobs
,
Michel Jans
,
Gaston Junck
,
Pierre Kergen
,
Nicolas Koob
,
Margot Kremer-Engel
,
Berthe Linster
,
Paul Margue
,
Ady Mergen
,
Jos Meunier
,
Julien Meyer
,
Aloyse Schiltz
,
Josy Schlang
,
Helene Schmitt-Flammang
a
Madeleine Weis-Bauler
.
De Film war e grousse Succes: 25.239 Leit hunn en zu Letzebuerg am Kino gesinn,
[1]
e puer Woche war en Nr. 1 am
Box Office
. Den Ennertitel vun der franseischer Versioun ass "
L'echec d'une annexion
". Et gett eng gekierzt Versioun vum Film vun enger knapper Stonn, dei op der belscher Televisioun gewise gouf.
De Film gett et och an der kompletter Fassung op DVD. 2005 goufen 1.250 Kopien op DVD verkaaft; domat war
Heim ins Reich
an deem Joer de meeschtverkaafte letzebuergesche Film op Kassett oder DVD.
[2]
- ↑
"Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises."
op cna.public.lu, 12-06-2018.
- ↑
2005, Sait 284-285