Guillaume Rischard

Vu Wikipedia
Guillaume Rischard
Gebuer 10. Juni 1910
Letzebuerg
Gestuerwen 5. Dezember 1963
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Ingenieur


De Guillaume (Gilly) Rischard , gebuer den 10. Juni 1910 an der Stad Letzebuerg an do gestuerwen de 5. Dezember 1963 [1] , war Direkter vun der letzebuergescher Forstverwaltung [2] .

De G. Rischard huet zu Gembloux am Institut agronomique de l'Etat an zu Nanzeg an der Ecole nationale des eaux et forets studeiert. 1934 krut hie sain Diplom als Ingenieur civil des eaux et forets . No sengem Stage an der Forstverwaltung krut hien 1937 eng Nominatioun als Garde general adjoint [3] .

Am Zweete Weltkrich gouf hie vun den Nazien an de Prisong geheit, wou e vum 16. August 1941 bis de 6. August 1942 als politesche Prisoneier am Gronn souz [4] .

1946 gouf hie Garde general [5] an de 27. Januar 1954 [6] ass hien Direkter vun der Forstverwaltung genannt ginn [2] , [7] .

Sai Virganger war den Nicolas Obertin , deen den 28. Oktober 1946 Direkter gouf. An der Zait virun deem senger Nominatioun huet de Guillaume Rischard d'Forstverwaltung provisoresch als Direkter ff. geleet [8] .

No dem G. Rischard ass den Emile Gillen Direkter vun der Forstverwaltung ginn.

De G. Rischard ass 1938 Member vun der Societe des naturalistes luxembourgeois ginn [4] . Hie war President vum Verai vun 1946 bis 1948 [9] . Hie war President vum Conseil superieur de la chasse [1] .

Gielercher [1] [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort 1963, Nr. 241/242 (7. Dezember), S. 24 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 Massard 2015, S. 115.
  3. Stumper 1966, Massard 1990, S. 168, Massard 2015, S. 115.
  4. 4,0 4,1 Massard 1990, S. 168.
  5. Memorial 1946, N° 7, S. 101 (Par arrete grand-ducal du 18 janvier 1946, M. Guillaume Rischard, garde-general-adjoint, a ete nomme garde-general au service de l'amenagement des bois administres). [1]
    Memorial 1946, N° 54, S. 846 (Par arrete grand-ducal du 13 novembre 1946, M. Guill. Rischard, garde-general au service de l'amenagement des bois administres, a Luxembourg, est nomme garde-general du cantonnement de Luxembourg-Est). [2]
  6. Wolter 2015, S. 181
  7. ch. 1954.
  8. Cf. Luxemburger Wort 1946-01-17, S. 2, Nr. 17 (Fauna) Archiveiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-11-16.
  9. Massard 2015, S. 115, Reichling 1966.