De
Grote Reber
, gebuer den
22. Dezember
1911
, zu
Wheaton
bei
Chicago
am
Illinois
,
USA
, a gestuerwen den
20. Dezember
2002
an
Tasmanien
,
Australien
, war en US-amerikaneschen
Astronom
. Hie geheiert zu de Pioneier vun der
Radioastronomie
an huet dei eischt
Himmelsduerchmusterung
am Radiofrequenzberaich duerchgefouert.
De Reber huet am Joer 1933 an der
Noriichtentechnik
am Armour Institute of Technology (speider Illinois Institute of Technology) gradueiert.
Vun
1933
bis
1947
huet hien a verschiddene Radiosfabrecken zu Chicago geschafft. Vun 1933 un beschaftegt hie sech mat Aarbechte vum Astronom
Karl Jansky
iwwer Teleskopen, dei heichfrequent Stralung detekteieren a beschleisst op deem Gebitt ze schaffen. Hien ass bei d'
Bell Labs
gaangen, wou de Jansky warend der
grousser Depressioun
(amerikanesch Wirtschaftskris) beschaftegt war. Bis
1937
huet de Reber och nach un engem eegene
Radioteleskop
zu Wheaton bei Chicago gebaut.
Mat deem Teleskop duerchmustert hien de visuellen
Himmel
bei verschiddene Frequenzen am Radioberaich. Bis
1941
gelengt him dei vollstanneg Duerchmusterung a mat e puer Verbesserunge publizeiert hien
1943
seng Daten.
Bis an d'
1950er
Jore gouf den Heichenergieberaich emmer nach als
Schwaarzkierperstralung
gerechent, obschonn dem Reber seng Daten eppes anescht uweisen. Op Grond vum Reber senge Publikatiounen an den 1950er Joren expandeiert d'Gebitt vun der Radioastronomie an dei theoreetesch Modeller goufe weiderentweckelt. Dei meescht Erkenntnesser vun der moderner Astronomie a Stralungs-
Astrophysik
wieren ouni dem Reber seng Initiativ net denkbar.