George Marshall

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem US-Generol a Minister George Marshall. Fir de Filmregisseur, kuckt wgl. George Marshall (Regisseur) .
George Marshall
Gebuertsnumm George Catlett Marshall
Gebuer 31. Dezember 1880
Gestuerwen 16. Oktober 1959
Washington
Nationaliteit USA
Educatioun Command and General Staff College
Aktiviteit Politiker , Diplomat, Offizeier, American-Football-Spiller, Zaldot
Partei keng


Den George Catlett Marshall, Jr. , gebuer den 31. Dezember 1880 zu Uniontown , am Pennsylvania , a gestuerwen de 16. Oktober 1959 zu Washington, D.C. , war e US-amerikanesche Generol a Staatsmann.

Warend dem Zweete Weltkrich huet hien all dei allieiert Operatiounen an Europa an am Pazifik koordineiert. De Winston Churchill huet hien den "Organisateur vun der allieierter Victoire", d' Time Magazine mouch hien 1943 "Man of the Year".

1947 gouf hien ennert dem President Harry S. Truman Ausseminister vun de Vereenegte Staaten. De 5. Juni 1947 huet hien an enger Ried den European Recovery Program vun der US-Regierung virgestallt, wei Europa nees op d'Been komme sollt.

Hien ass virun allem fir dese Plang bekannt ginn, deen no him Marshallplang genannt gouf, a fir deen en 1953 de Friddensnobelprais an 1959 de Karlsprais krut.

Zu sengen Eiere gouf um Verluerekascht an der Stad eng Strooss no him genannt ( Rue George C. Marshall ).

Autobiographie [ anneren | Quelltext anneren ]

  • George C. Marshall: Memoirs of My Services in the World War, 1917?1918 . Edited by James L. Collins, Jr. Boston: Houghton Mifflin, 1976. ISBN 978-0-395-20725-3

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Forrest C. Pogue : George C. Marshall , 4 Bande, Viking, New York 1963?1987 (autoriseiert Biographie).
    • Vol. I, Education of a General, 1880?1939
    • Vol. II Ordeal and Hope, 1939?1942;
    • Vol III, Organizer of Victory, 1943?1945;
    • Vol IV, Statesman, 1945?1959. Random House Value Publishing, 1992, ISBN 978-0-517-07993-5
  • Ed Cray: General of the Army: George C. Marshall, Soldier and Statesman . Cooper Square Press, 2000, ISBN 0-8154-1042-5
  • Mary Sutton Skutt: George C. Marshall: Man Behind the Plan . Blue Valley Books, Lexington VA 2004

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: George Marshall ? Biller, Videoen oder Audiodateien