Gelle Fra

Vu Wikipedia
Gelle Fra
Typ historesch Plaz
Land Letzebuerg
Gemeng Letzebuerg
Koordinaten 49°36'34"N, 6°7'44"O
Ageweit 27. Mee 1923
Heicht 21 m
Material Bronz , Granit
Kenschtler Claus Cito
Statut Klasseiert Monument
D'Honnert-Joer-Feier de 27. Mee 2023

Gelle Fra ass de geleefegen Numm vum Monument du souvenir , dat an der Stad Letzebuerg op der Constitutiounsplaz steet. Sain Numm geet op eng vergellte Fraefigur zereck, dei vum Sculpteur Claus Cito geschaaft gouf, an dei op enger Sail steet. Ursprenglech huet et un dei Letzebuerger Fraiwelleg erennert, dei an der Friemelegioun op franseischer Sait am Eischte Weltkrich gefall sinn, speider gouf et, duerch seng Geschicht, och e Monument geint d' Nazidiktatur , an allgemeng d'Monument, fir u Krichsaffer ze erenneren.

Beschreiwung [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Monument besteet aus engem Sockel mat zwou mannleche Bronzefiguren , wouvun eng do lait a vun der anerer betrauert gett, an aus engem 21 m heijen Obelisk aus Granit an enger vergellter Bronzefigur uewendrop, dei e Lorberkranz mat ausgestreckten Aerm viru sech halt. Si stellt eng personifizeiert Nationalallegorie vu Letzebuerg duer an heifir huet de Kenschtler eng Meschung aus der reimescher Fraiheetsgettin Libertas an der Jesus-Mamm Maria gewielt. D'Bronzefiguren um Sockel weisen e gefaalene Fraiheetskampfer an en Trauernden, dei a klassesch antiker Kleedung duergestallt sinn. Um Sockel, op Granitplacken , geet riets vun den 3.000 Letzebuerger Legionaren an den 2.500 Doudegen an de franseischen Armeien am Eischte Weltkrich [1] .

Enger Revelatioun vun 2015 no soll d'Suzanne Marx-Wildschutz, eng Backeschfra vun Nidderkaerjeng , dei vis-a-vis vum Claus Cito gewunnt huet, Modell fir d'Figur gestanen hunn. Der klassescher Opfaassung no soll de Cito awer als Virlag fir d'Gelle Fra de Modell vun engem Kapp benotzt hunn, deen hie schonn circa 1914 fir e Monument zu Breissel , wou hien deemools gelieft huet, benotzt hatt. D'Identiteit vum deemolege Modell ass jiddefalls net secher bekannt, d'Spezialiste vum Cito sengem Wierk zweiwelen drun, datt et d'Suzanne Marx hatt kenne sinn a wellen dei Breisseler Pist net ausschleissen [2] .

Geschicht, Funktioun a Symbolik [ anneren | Quelltext anneren ]

De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un dei Letzebuerger Zaldoten, dei op franseischer Sait am Eischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erenneren. Enner den 18 Projeten, dei agereecht goufen, gouf d'"Friddenskinnigin" (sou den Numm vum Entworf) vum Claus Cito zereckgehalen [3] . Finanzeiert gouf et deelweis duerch de Verkaf vun Timberen , dei eng Surtaxe kruten ( Timbre du souvenir , 1921 an 1923). De Projet war zimmlech kontroverseiert, well d'Figur mat hirem denne Kleed, duerch dat hir Brescht sech daitlech ofgezeechent hunn, deem engem oder aneren ze vill plakeg war. D'Monument dat zu Breissel vun der Geisserei Compagnie des bronzes gegoss gi war, gouf den 23. Mee 1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit.

Den Nazien , dei nom Iwwerfall op Letzebuerg , den 10. Mee 1940 , Har a Meeschter waren, war d'Monument vun Ufank un en Dar am A. Den 10. Oktober 1940 koum den Uerder, dat " Schandmal ", ofzerappen, wat och den 21. Oktober geschouch. Mat enger Dampwalz gouf d'Sail emgerappt an ass an 3 Stecker zerbascht [4] . D'Sockelfigure goufe sechergestallt, d'Steng koumen op en Depot vun der Stad. E puer honnert Studenten aus dem Kolleisch , dee just vis-a-vis war, hunn nogekuckt an haart geint d'Ofrappe protesteiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt.

Nom Krich huet den Architekt Victor Engels Plang entworf, d'Monument erem opzeriichten, ma ouni d'Gelle Fra selwer. Des ass zwar 1955 kuerz (zimmlech delabreiert) an enger Ausstellung iwwer d'Resistenz opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung, zum Cito sengem Verdross, nees "verschwonnen", wat dei, dei am Ufank dogeint waren, wuel ganz gutt arrangeiert huet. Duerch d'Net-mei-do-Sinn vun der Gelle Fra krut d'Monument (oder wat dovu Rescht war) eng nei Dimensioun. Et huet vun do un och, a virun allem, un d'Nazidiktatur erennert.

An de 50er-Joere koume Placke bai, dei un d'Letzebuerger fraiwelleg Zaldoten am Koreakrich erenneren, wat zu enger politescher Kontrovers mat de Kommuniste gefouert huet. Des an d'Sozialisten hunn doropshin eng weider Gedenkplack fir hir Brigadisten am Spunesche Biergerkrich gefouerdert, wat emmer nees mat der Begrennung ofgeleent gouf, datt dest keng regular Zaldote waren an net ausgeschloss ka ginn, datt des un den Erscheissunge vu Geeschtlechen an Ziviliste bedeelgt waren. Mat enger neier politescher Majoriteit gouf 2021 dunn awer um Sockel vum Monument eng dementspriechend Plack ageweit.

1981 , virum Nationalfeierdag , huet de Josy Braun an engem Artikel am Tageblatt ugekennegt, d'Gelle Fra wier enner den enneschten Trappleke vun enger vun den Tribune vum Stater Foussballsterrain (dem haitege Stade Josy-Barthel ) eremfonnt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt eng Partie Leit wuel woussten, wou d'Statu verstoppt war, ma et Tabu war, driwwer ze schwatzen. No der Erem-Entdeckung koum et zu heftegen Diskussiounen, ob d'Monument nees a sengem Originalzoustand opgeriicht sollt ginn oder net. Dei, dei dofir waren hu sech duerchgesat, an et koum zu enger nationaler Souscriptioun, wou Sue gesammelt goufen, fir d'Figur vun der gellener Fra ze restaureieren an erem op hirem Sockel opzeriichten. Dat restaureiert Monument ass den 23. Juni 1985 ageweit ginn.

Dei staark Symbolik, dei dest Monument fir en ettlech Leit huet, gouf 2001 bei enger Poleemik daitlech, wei enner dem Numm " Lady Rosa of Luxembourg " eng verfriemt Replik vum Monument fir eng begrenzt Zait, net wait ewech dovun, opgestallt gouf.

Den 8. Maerz 2002 gouf d'Monument als nationaalt Monument klasseiert [5] .

Den 3. Maerz 2010 gouf d'Statu vun der gellener Fra ofmonteiert, fir, nodeem se restaureiert an eng Geissform dovu gemaach ginn ass, vum 1. Mee bis den 31. Oktober 2010 virum Letzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai ausgestallt ze ginn. Se koum am November zereck op Letzebuerg [6] . Ier se nees op hir al Plaz hannescht koum, gouf se vum 10. Dezember 2010 bis den 23. Januar 2011 zu Nidderkaerjeng , der Gebuertsuertschaft vum Cito, ausgestallt [7] . Bal 37.000 Leit si sech dei Ausstellung ukucke gaangen [8] .

Um honnertste Joresdag vum Opriichte vum Monument, gouf de 27. Mee 2023 eng Gedenkzeremonie virum Monument a Presenz vum Groussherzog Henri , dem Premierminister Xavier Bettel an anere Perseinlechkeete ofgehalen [9] .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Anonym, 2011. Padagogisches Dossier Exposition - d'Gelle Fra , vereffentlecht am Kader vun der Ausstellung d'Gelle Fra, Kaerjeng, 11. 12. 2010 - 23. 01. 2011
  • Beck, Henri , 1999. Le Monument du Souvenir. ons stad 60: 2-7. PDF
  • Blasen, Leon , 1985. Die Denkmaler der Stadt Luxemburg: D'Gelle Fra (Monument du souvenir). Telecran Nr. 5, 2-8.1985, S. 38.
  • Braun, Josy , 1999. "Meng" Gelle Fra. ons stad 60: 30-32. PDF
  • Braun-Breck, Lotty , 1995. Claus Cito und seine Zeit. 1882-1965. Imprimerie Saint Paul, Letzebuerg.
  • Clesse, Rene , 1999. "Wir wollen heut' der Helden denken...". Die Geschichte eines Monuments im Spiegel der Presse. ons stad 60: 19-20. PDF
  • Dostert, Paul , 1999. Die Zerstorung der Gelle Fra am 21. Oktober 1940. ons stad 60: 16-18. PDF
  • Gengler, Gaston, Guy May, Aloyse Raths a Lex Roth , 1985. Eis Gelle Fra. Imprimerie Centrale, Letzebuerg. 80 S. (Broschur ouni Publikatiounsdatum. Well d'Broschur bei Geleeenheet vun der Aweiung vun 1985 verdeelt gouf, ass unzehuelen, datt se 1985 erauskoum).
  • Graaff, Laurent, 2010. "'Hatte da einen echten Scoop'" . Interview mam Josy Braun an der Revue Nr. 9 (2010) vum 3.3.2010, S. 16-18. ( De Josy Braun erzielt wei hien 1981 vun der Existenz vun der Gelle Fra informeiert gouf a se selwer enner de Gradine vum Stade Josy-Barthel gesinn huet ).
  • Link, Henri, 1999. Timbere fir d'Gelle Fra. ons stad 60: 8. PDF
  • Majerus, Benoit , 2008. D'Gelle Fra. In: Lieux de memoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg . 2. Editioun, S. 291-296. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, editeurs. editions saint-paul, Letzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1 . http://hdl.handle.net/10993/564
  • Moia, Nelly, 1995. Mascarons de Luxembourg. Esch-sur-Alzette, Polyprint. ( Buch online liesen )
  • Raths Aloyse , 1983. Monument du Souvenir "Gelle Fra" 1923-1983. Rappel 5-6 (mai-juin 1983): 147-174.
  • Schartz, Nadine , 2018. Goldener Schutzengel. Vor 95 Jahren wurde die Gelle Fra auf der Place de la Constitution eingeweiht. am Luxemburger Wort vum 26. Mee 2018, S. 28-29
  • Thill, M. , 2023. Die "Gelle Fra"", bis heute ein heißes Thema. Vor hundert Jahren wurde das "Monument du Souvenir" eingeweiht." Die Warte 16|2759 vum 25. Mee 2023, S. 2-7.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Fotoalbum [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Gelle Fra ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. A Wierklechkeet louch dei Zuel eischter em dei 1000; cf. Yves Staus: "Spurensuche. Luxemburger Soldaten im Ersten Weltkrieg." in: d'Letzebuerger Land Nr.51/52, 19. Dezember 2014, S.23.
  2. Nicolas Anen: ?Die Gelle Fra war meine Tante“. Lokalhistoriker gibt an, Identitat des ?Gelle Fra“-Modells zu kennen. Luxemburger Wort vum 22. Juli 2015, S. 21.
    Einem Geheimnis auf der Spur, "Die Gelle Fra war meine Tante", Lokalhistoriker gibt an, Identitat des ?Gelle Fra“-Modells zu kennen op wort.lu vum 22. Juli 2015.
  3. De Sculpteur Jean Mich hat nemmen den zweete Prais gemaach an huet du Letzebuerg verlooss. Cf. Moia 1995: 201 an der Literatur.
  4. Dobai muss d'Gelle Fra no hanne gefall sinn, soudatt si mat der Recksait vun hirem Kapp op d'Plaz opgeschloen ass an de Kapp sou verbeit gouf, datt en elo no enne kuckt. Am Original huet d'Figur riicht eraus gekuckt a Richtung Horizont, wat op eelere Biller vun der Inauguratioun ze gesi war, dei am Wanter 2010-2011 an der Ausstellung zu Nidderkaerjeng gewise goufen.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets beneficiant d'une protection nationale . (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  6. http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/59551.html
  7. Gelle Fra zu Kaerjeng: Expo vum 10. Dezember bis 23. Januar." RTL.lu, 15.11.2010, 17:31 - Fir d'lescht aktualiseiert: 16.11.2010, 06:50.
  8. "Expo Gelle Fra: Bal 37.000 Visiteuren a 6 Wochen zu Kaerjeng." rtl.lu, RTL - 23.01.2011, 17:34 - Fir d'lescht aktualiseiert: 23.01.2011, 22:31.
  9. (fr) Ceremonie commemorative a l'occasion du centenaire de l'inauguration du monument du Souvenir (Gelle Fra) . gouvernement.lu (2023-05-23). Gekuckt de(n) 2023-05-27.