De
Francesco Bianchini
(latengesch Blanchinius), gebuer den
13. Dezember
1662
zu
Verona
a gestuerwen den
2. Maerz
1729
zu
Roum
war en italieenesche
Philosoph
,
Astronom
an
Archeolog
.
De Bianchini huet fir d'
Kurie
enner veier Peepst geschafft, an och als Sekretar vun der Kommissioun fir d'Verbesserung vum Kalenner.
Hien huet zu
Verona
am Jesuitekolleisch geleiert, a vu
1680
un huet hien zu Padua Theologie, Philosophie, Mathematik a Physik an zu Roum vu
1684
un reimesch Archeologie studeiert. De Poopst
Alexander VIII.
huet hien ennerstetzt, an de
Clemens XI.
hat hien zum Kommissiounssekretar vun der Kalennerverbesserung ernannt. Seng Heemechtsstad Verona huet him an der
Kathedral vu Verona
e
Marmermonument
opgeriicht. Seng Biographie gouf vum
Mazzaloni
(Verona
1735
) geschriwwen.
Hien huet vill Bicher publizeiert, inklusiv eng Universalgeschicht d'
Istoria universale
an d'Wierk
Hesperi et Phosphori nova phaenomena sive observationes circa planetam Veneris
, an deem hien eng Rotatiounsperiod vun der
Venus
ofgeleet hat. Haut wesse mer, datt dat weinst der staarker Wollekendecke vun der Venus onmeiglech ass. Hien hat och un der Parallax vun der Venus geschafft, a Miessunge vun der Prezessioun gemaach.
Als Deel vu senge Bemeiungen, d'Genauegkeet vum Kalenner ze verbesseren, hat de Bianchini e puer wichteg Metteglinnen opgezeechent, dei hie fir d'Positiounsberechnung vun Sonn an anere Stare gebraucht huet. Dei bemierkenswaertst sinn an der Kathedral vu
San Petronio
zu
Bologna
an an der
Basilika
vu
Santa Maria degli Angeli en dei Martiri
zu Roum.
Krateren um
Mars
an um
Aerdmound
goufen no him genannt.
- Storia universale, provata co' monumenti, e figurata co' simboli degli antichi
Rom
1697
u.
1747
- De vitis romanorum pontificum a Petro Apost. ad Nicolaum I.
Rom
1718
-35, 4 Bde
- Hesperi et Phosphori nova phaenomena sive observationes circa planetam Veneris
Rom
1728
- De Calendario et Cyclo Caesaris (1703)
- Camera Ed Inscrizioni Sepulcrali De' Liberti, Servi, ed Ufficiali della Casa di * * Augusto Scoperte nella Via Appia, ed illustrate Con le Annotazioni (Rome, 1727)
- Astronomicae et Geographicae Observationes Selectae
1737
- Del Palazzo de Cesari Opera Postuma (Verona, 1738)
- De Tribus Generibus Instrumentorum Musicae Veterum Organicae (Rom, 1742)
- Opuscula Varia
1754
.
Portal Astronomie