De
Fernand Salentiny
, gebuer den
20. Oktober
1931
zu
Peiteng
a gestuerwen den
20. Mee
1991
zu
Scheffleng
,
[1]
war e letzebuergesche Pedagog an
Auteur
vu geschichtleche Saachbicher.
De Fernand Salentiny, deen zu
Nanzeg
Geschicht a Literatur studeiert hat, huet dem
Enseignement moyen
relativ frei de Reck gekeiert, fir sech am daitschsproochege Raum als Beruffsauteur ze versichen.
Sain Intressegebitt war d'Geschicht, verbonne mat Exotik an Abenteur. Sou huet hien eng ganz Retsch vu (Jugend-)Bicher iwwer d'nordamerikanesch Indianer, iwwer d'Piraten an d'Korsaren, iwwer d'sudamerikanesch Kulturen, iwwer dei grouss Navigatoren an Entdecker, asw. redigeiert a publizeiert. Seng Bicher an Artikele ware popularwessenschaftlech a syntheetesch geschriwwen, am Virfeld awer emmer serieis rechercheiert, dacks genuch och duerch Reesen op dei verschiddenst Plazen an der Welt.
Warend enger Dose Joren huet de Fernand Salentiny och Rezensioune fir d'Kultursaite vum
Luxemburger Wort
geschriwwen. Donieft huet hie Konferenze gehalen a kommenteiert Dia-Projektioune gemaach.
De Fernand Salentiny war Member vun der Daitscher Gesellschaft fir Polarfuerschung, vun der
Geographical Society
a vum
South America Explorer Club
.
- 1979: wessenschaftleche
Glaxo-Preis
fir d'Buch
6000 Jahre Naturkatastrophen
(1978 erauskomm).
- DuMont's Lexikon der Seefahrer und Entdecker - Von Amundsen bis Zeppelin
; Koln (DuMont Buchverlag), 1995; 316 Saiten.
ISBN 3-7701-2978-4
- Soliman der Prachtige
; 1981.
- Santiago! Die Zerstorung Altamerikas
; 1980.
- Machu Picchu - Steinernes Ratsel im Lande des Kondors
; 1979.
- Piraten - Eine Bilddokumentation uber Schurken und Helden der Seefahrt
; 1978.
- Durchs Packeis zum Nordpol
; 1977.
- Aufstieg und Fall des portugiesischen Imperiums
; 1977.
- pl.
,
Auf den Spuren vergangener Kulturen - Zum Tode des Sachbuch-Autors Fernand Salentiny
; in:
Die Warte / Perspectives
, Kulturbailag vum
Luxemburger Wort
, Ausgab vum 30. Mee 1991.
- ↑
Luxemburger Lexikon
, 1. Oplo, 2006, S. 377