Fernand Franck

Vu Wikipedia
Fernand Franck
Gebuer 6. Mee 1934
Esch-Uelzecht
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit kathoulesche Priister, kathoulesche Beschof
Beschofswope vum Fernand Franck

De Fernand Franck , gebuer de 6. Mee 1934 zu Esch-Uelzecht , ass Aerzbeschof vu Letzebuerg .

Den 29. Juni 1960 gett de Fernand Franck zum Priister geweit. Hie war Kaploun zu Deifferdeng - Fuussbann ( 1960 - 1971 ), Paschtouer a Clausen ( 1971 - 1977 ) a vun 1977 un zu Roum , enner anerem als Generalsekretar vum peepstleche Wierk fir d'Verbreedung vum Glawen.

Den 21. Dezember 1990 gett hien zum Beschof vun der Aerzdiozees Letzebuerg ernannt. Den 2. Februar 1991 weit sai Virganger, den deemolegen Aerzbeschof Jean Hengen , de Fernand Franck zum Beschof.

Den 29. Juni 2011 gouf de Fernand Franck am Bistum Treier zum Eierekapitular (Eierendoumhar) am Treierer Doumkapitel ernannt [1] .

De Fernand Franck ass Grand prieur vun der Letzebuerger Kommandantur vum Ritteruerde vum hellege Graf [2] , [3] a President, zanter 2006, vun der Kaiser-Karl-Gebetsliga fur den Volkerfrieden [4]

De 16. Oktober 2011 gett de Jean-Claude Hollerich zu sengem Nofollger geweit. [5]

Wopen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Beschofswope gett sou beschriwwen: Ecartele: au I d'argent au lion de gueules, arme en lampasse d'or, la queue fourchue et passee en sautoir; au II d'azur a deux cles entretenues, celle de dextre d'or enposee en bande, celle de senestre d'argent posee les anneaux en barre, entre lesquelles une etoile d'or de huit rais; au III d'azur a deux cles entretenues, celle de dextre d'or entreposee en bande, celle de senestre d'argent posee les anneaux en barre, entre lesquelles une fleur de lys d'argent; au IV d'argent a trois tours crenelees de gueules, ouvertes du champ, posees 2, 1.

Als Beschofsdevise huet de Fernand Frank en Zitat aus Joh 17,21 gewielt: Ut unum sint , "Datt si alleguer eent sinn, (esou wei s du, Papp, a mir an ech an dir; datt och si an ais sinn, fir datt d'Welt gleeft, datt s du mech gescheckt hues)".

Quellen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Eveques/Archeveques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries . Annuaire - A.L.G.H.
Virganger Nofollger
Jean Hengen Lescht vun de Bescheef Jean-Claude Hollerich

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Pressedingscht vum Bistum Treier, 1. Juli 2011
  2. Websait vum Aerzbistum vu Letzebuerg Archiveiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-11-06.
  3. Luxemburger Wort vum 5. November 2011, S. 24.
  4. Luxemburger Wort vum 21. Abrell 2012, S. 10-11: Ein Seliger von universaler Bedeutung . [Interview mam Fernand Franck].
  5. "Jean-Claude Hollerich: Beschofswei de 16. Oktober um 15h." rtl.lu - 11.07.2011, 15:50 - Fir d'lescht aktualiseiert: 12.07.2011, 12:14.