|
38. Eurovision Song Contest
|
Datum
|
15. Mee
1993
|
Stad
|
Millstreet
(
Irland
)
|
Gebai
|
Green Glens Arena
|
Gewenner
|
Niamh Kavanagh
(
Irland
)
|
Zuel vu Lanner
|
29, dovu 25 an der Finall
|
Nei Participatiounen
|
Bosnien an Herzegowina
,
Kroatien
,
Slowenien
|
Moderatioun
|
Fionnuala Sweeney
|
Interval Act
|
Linda Martin an Johnny Logan
|
Ofstemmungsreegel
|
An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un dei zeng bescht Lidder verginn.
|
Den
38. Eurovision Song Contest
war de
15. Mee
1993
an
Irland
. Organiseiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der
Green Glens Arena
zu
Millstreet
, enger Uertschaft mat zirka 1500 Awunner. Presentatrice war d'
Fionnuala Sweeney
.
Nei derbaikomm si
Bosnien an Herzegowina
,
Slowenien
a
Kroatien
. Am Ganzen hunn 25 Lanner matgemaach, wat bis dohin dei greisst Zuel vu Lanner war dei matgemaach haten.
No dem Fall vun der
Berliner Mauer
an dem Opgoe vum
Eisene Rideau
1989 wollten eng ganz Rei osteuropaesch Lanner och beim Grand Prix matmaachen. Dofir ass fir dei Lanner dei nei derbaikomme wollten, eng Virentscheedung agefouert ginn. Dei drai eischt sollten da bei der Finall zu Millstreet kennen dobai sinn.
Jugoslawien
, dat a seng eenzel Deelrepubliken zerfall war, huet keng Starterlaabnis mei kritt. Matgemaach bei deser Virentscheedung hu
Bosnien an Herzegowina
,
Slowenien
,
Kroatien
, d'
Slowakei
,
Estland
,
Ungarn
a
Rumanien
. D'Punkte sinn no dem selwechte System vergi ginn wei beim normale Grand Prix.
Verschidde Sanger ware scho virdru mol eng Keier dobai, den Tony Wegas fir Eistraich
1992
, den Tommy Seebach fir Danemark
1979
a
1981
an d'Katri Helena fir Finnland
1979
.
D'Reegel fir d'Ofstemmung ass d'selwecht bliwwe wei dei Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un dei zeng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Millstreet matgedeelt ginn.
Dei eischt Plaz krut d'Vertriederin vun
Irland
, d'
Niamh Kavanagh
mat 23 Punkte Virsprong virum
Sonia
(
Groussbritannien
). Dei drett Plaz krut d'
Annie Cotton
, dei fir d'
Schwaiz
ugetruede war.
Fir Irland war et dei fenneft Keier datt et de Grand Prix gewonnen hat. Et war och dei lescht Keier, datt Letzebuerg matgemaach hat.
Nemmen dei eischt 19 Lanner hunn dat Joer drop daerfte matmaachen, dei aner sollten 1 Joer Paus maachen. Dat war sou decideiert ginn fir den osteuropaesche Lanner et z'ermeigleche matzemaachen.