|
Desen Artikel beschaftegt sech mat der Period vun der Elektrifizeierung vun der Eisebunn (vun der Mett vun den 1950er Joren un). Fir d'allgemeng Geschicht vun der Eisebunn zu Letzebuerg, kuckt wgl.
Geschicht vun der Eisebunn zu Letzebuerg
.
|
D'
Geschicht vun der
Elektrifizeierung
vun der Eisebunn zu Letzebuerg
ass enk mat der Geschicht vun der Letzebuerger Ekonomie an der Nokrichszait verkneppt. Uganks der 1950er Joren hunn dei belsch
SNCB
an dei franseisch
SNCF
Plang fir hir Strecken a Richtung
Letzebuerg
z'elektrifizeieren.
Warend d'SNCB d'
Streck Breissel-Letzebuerg
mat 3.000 Volt Glaichstroum well elektrifizeieren, huet d'SNCF welles d'
Streck Diddenuewen-Letzebuerg
mat 25.000 Volt Wiesselstroum an enger Frequenz vu 50
Hz
z'elektrifizeieren.
Nodeem am September 1953 um
Munchener
Kongress decideiert gouf dei wichtegst Strecken an Europa z'elektrifizeieren, hunn d'
CFL
an de
Staat
sech misse fir ee vun den zwei Systemer decideieren. Et war deemools kloer dat dei Decisioun huet misse sou seier wei meiglech geholl ginn, well de Letzebuerger Schinnereseau ouni
Catenaire
vum Rescht vun Europa isoleiert gewiescht wier.
De Choix fir de franseische System mat heichfrequentem Wiesselstroum war dunn och seier geholl, well der
Regierung
d'Verbindungen a Richtung
Diddenuewen
a
Lonkech
deemools am wichtegste geschengt hunn an d'CFL-Ingenieuren der Meenung waren, datt d'Zukunft vun der Elektrifizeierung am Wiesselstroum lait.
De 16. September 1955 gouf d'25.000 Volt Catenaire tescht der franseischer Grenz bei
Zoufftgen
an
Letzebuerg
a Betrib geholl, an den 28. September 1956 huet d'SNCB hir 3.000 Volt Catenairen tescht
Arel
a Letzebuerg opgeriicht. Als Grenz tescht dem
Wiesselstroumreseau
vun den SNCF/CFL an dem
Glaichstroumreseau
vun der SNCB gouf deemools d'
Stater Gare
gewielt.
Zanterhier gett et an der Stater Gare zwee Gleiser dei souwuel mat Glaichstroum, wei och mat Wiesselstroum kennen alimenteiert ginn. Warend sou Installatiounen haut op ville Garen ze fanne sinn (
Genf
,
Dole
,
Oochen
,...) war d'Stater Gare 1956 dei eischt Gare weltwait op dar dat meiglech war.
1956 hunn d'
CFL
nach keen eegent elektrescht Material kaaft. D'SNCB an d'SNCF si mat hire
Lokomotive
bis op Letzebuerg komm, warend d'CFL mat
Damplokomotiven
a
Frankraich
an an d'
Belsch
gefuer sinn.
1958 fankt dei zweet Etapp vun der Elektrifizeierung un. D'Strecke
Letzebuerg-Beetebuerg
,
Letzebuerg-Waasserbelleg
,
Naerzeng-Remeleng
a
Beetebuerg-Diddeleng
gi bis Enn 1961 mat enger 25.000 Volt Catenaire ekipeiert. Am Kader vun deser Elektrifizeierung schafen d'CFL dei 20 Lokomotive vun der
Serie 3600
un. Fir sech en zousatzleche Lokomotivwiessel am Giddertrafic iwwer d'
Athus-Meuse
ze spueren, elektrifizeieren d'CFL d'
Attemer Gare
an d'Streck op
Rodange
och mat hirem Wiesselstroum.
1972 gett d'Verbindung tescht
Esch-Uelzecht
an
Daitsch-Oth
elektrifizeiert. Och wann Daitsch-Oth haut eng
Kappgare
vum CFL-Reseau ass, sou gouf et bis 1972 nach eng Verbindung mam SNCF-Reseau.
1974 elektrifizeieren d'
DB
an d'
CFL
d'Streck tescht der
Waasserbelleger Gare
an der Gare zu
Igel
mat deem an Daitschland ublechen nidderfrequentem Wiesselstroum vu 15.000 Volt 16⅔
Hz
. Zanterhier gett et zu Letzebuerg drai verschidde Stroumreseauen.
1981 gett d'
Streck Letzebuerg-Peiteng
elektrifizeiert.
Bis 1993 elektrifizeieren d'CFL d'
Nordstreck
tescht
Letzebuerg
a
Gouvy
, an d'Antennen op
Dikrech
a
Wolz
.
D'
Streck Letzebuerg-Klengbetten
gouf emgebaut an den 3.000
Volt
Glaichstroumsystem ass zanter September 2018 mat 25.000 Volt 50
Hz
Wiesselstroum elektrifizeiert.
Chronologesch Opleschtung vun den Etappen
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
An deser Lescht ginn d'Datummen opgefouert op deenen d'Linn fir de Verkeier enner Stroum gesat gouf.
[1]
Haut ass de Letzebuerger Schinnereseau quasi integral elektrifizeiert. Eenzeg e puer privat Industriegleiser an d'Reschter vun der freierer
Atertlinn
Ettelbreck-Bissen
sinn haut net elektrifizeiert.
[5]
- ↑
150 Joer Eisebunn zu Letzebuerg 1859-2009
- ↑
Aus der Keier vun der Klengbettener Streck an den Triage gouf 1994 eng
zone commutable
fir 3
kV
an 25
kV
50
Hz
. Zanter 2010 kann een nemme mei mat 25
kV
50
Hz
an den Triage.
- ↑
1996 gouf den Deel Remeleng-Etteng ausser Betrib gesat.
- ↑
Trennsektioun 25
kV
~ 50
Hz
/ 15
kV
~ 16,7
Hz
op der Grenz
- ↑
http://archivchemindefer.free.fr/electrification/luxembourg/electrification-cfl.html