Den
Edsger Wybe Dijkstra
, gebuer den
11. Mee
1930
zu
Rotterdam
a gestuerwen de
6. August
2002
zu
Nuenen
an
Holland
, war en hollanneschen
Informatiker
.
1972
krut hien den
Turing-Prais
fir fundamental Baitrag am Beraich vu
Programmeiersproochen
.
Den Edsger Dijkstra war de Fils vun engem
Cheemiker
an enger
Mathematikerin
. Hien huet op der Universiteit
Leiden
Mathematik
an theoreetesch
Physik
studeiert an huet seier gemierkt, datt hien u Programmatioun intresseiert war (gellt als eischten hollannesche Programmeierer). Hien huet op der Universiteit vun
Eindoven
geschafft, ier een
1984
op den
Schlumberger Centennial Chair in Computer Sciences
op d'Universiteit vun
Texas
gewieselt ass. Am Joer
1999
ass hien emeriteiert ginn an ass am August
2002
a senger Heemecht u
Kriibs
gestuerwen.
Zu senge Baitrag zur Informatik zielt enner anerem den
Dijkstra-Algorithmus
zur Berechnung vu kierzte Weeer a
Graphen
, souwei d'Formuleierung vum
dining philosophers problem
an Zesummenhang mat
Semaphoren
. Hien huet de Begreff vun der
struktureierter Programmatioun
an der Informatik agefouert.