Douglas Sirk

Vu Wikipedia
Douglas Sirk
Gebuer 26. Abrell 1897
Hamburg
Gestuerwen 14. Januar 1987
Lugano
Nationaliteit Daitscht Keeserraich, Weimarer Republik , Danemark , Westdaitschland
Educatioun Universiteit vu Munchen
Aktiviteit Filmregisseur , Dreibuchauteur , Filmproduzent , Regisseur

Den Douglas Sirk gebuer als Hans Detlef Sierck de 26. Abrell 1897 zu Hamburg a gestuerwen de 14. Januar 1987 zu Lugano an der Schwaiz war en internationalen Dreibuchauteur a Filmregisseur.

Den Detlef Sierck ass zu Hamburg als Jong vun daneschen Elteren opgewuess. Hien huet op e puer Unien Droit studeiert a war du Redakter bei der Neue Hamburger Zeitung . Duerno ass hie bei den Theater gaangen a war vun 1929 bis 1935 Intendant am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg. 1934 krut hien e Vertrag als Filmregisseur bei der UFA. 1937 huet hien Nazidaitschland verloss an ass a Frankraich an den Exil gangen. Duerno huet hien Europa fir d' USA verlooss.

Mat Hitler's Madman huet hie sain eischten US-amerikanesche Film am Joer 1943 gedreint. Zu senge bekanntsten Hollywoodfilmer zielen Magnificent Obession (1954) an All That Heaven Allows (1954) allkeiers mat der Jane Wyman an dem Rock Hudson an den Haaptrollen. Nieft der Lauren Bacall ass de Rock Hudson och erem am Drama Written on the Wind ze gesinn.

Besonnesch dei jonk franseisch Kritiker Jean-Luc Godard a Francois Truffaut ware vum Film A Time to Love and a Time to Die nom Roman vum Erich Maria Remarque begeeschtert. Mat Imitation of Life huet hie 1959 sai leschte Spillfilm an den USA gedreint.

Hien ass de Papp vum Schauspiller Klaus Detlef Sierck (1925-1944).

Duerno huet hie sech op Lugano an d'Schwaiz zereckgezun. Vun 1974 bis 1978 war hien Dozent op der Hochschule fur Fernsehen und Film Munchen .

Filmographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]