De
Colin Clark
, gebuer den
2. November
1905
, a gestuerwen de
4. September
1989
, war en
engleschen
Ekonomist.
Hien huet op der Universiteit
Cambridge
(
1931
-
1937
) dozeiert an duerno bis
1952
an England an an
Australien
, wou en als Beroder bei deenen zwou Regierunge geschafft huet. De Colin Clark huet eng Rei vu Bicher geschriwwen, an dobai emwalzend Theorien entweckelt am Zesummenhank mat der
Ekonomie
an der
Statistik
. Hie war den eischten, deen de
Brutosozialprodukt
(BSP), an net de
Bruttoinlandsprodukt
(BIP) als Moossstaf vu sengen Aarbechte benotzt huet. Am bekanntste sinn awer seng Wuesstemstheorien. Mat sengem Buch
The conditions of Economic Progress
(1940, Nodrock 1982) ass him hei een Duerchbroch gelongen.
Fir de wirtschaftleche Fortschrett an engem Land secherzestellen, muss et, no him, zu enger Verlagerung vun der aktiver Bevelkerung aus dem Primaren (
Akerbau
a
Biergbau
) an de Sekundaren (
Industrie
) an duerno an den Tertiare Wirtschaftssektor (
Handel
an aner Servicer) kommen. De
Jean Fourastie
huet speider dei Theorie nach preziseiert an ausgebaut.
- Colin Clark:
The conditions of of Economic Progress
, (1940, repr. 1982)
- De Colin Clark huet ee wesentleche Baitrag an der
Columbia Encyclopedia
geleescht.