D'
Claire Parsons
, gebuer 1993 zu Letzebuerg, ass eng letzebuergesch-brittesch Jazzmusekerin.
[1]
D'Claire Parsons huet brittesch Elteren an ass zu
Kielen
opgewuess. Schonn a jonkem Alter huet si klassesch Pianoscoursen um
Stater Conservatoire
geholl, speider koum och nach Gittar dobai. Duerno huet si Jazzgesank studeiert. 2020 huet si dee Studium um
Conservatoire royal de Bruxelles
ofgeschloss.
[2]
2016 war d'Sangerin op der Single
Alles Easis
vun
De Lab
ze heieren.
Bei de
Luxembourg Music Awards
2018 huet d'Claire Parsons an der Kategorie "Best Upcoming Musician" (Beschten Nowuessmuseker) gewonnen. Och an der Kategorie "Upcoming Woman in Music" (Bescht weiblecht Nowuesstalent an der Musek) war si nomineiert.
[1]
Si ass e Member vum Breisseler Jazzprojet Aishinka, deen 2019 um internationalen B-Jazz-Concours mam Albert-Michiels-Prais an 2020 mam eischte Prais bei den Jazz Maastricht Professional Awards ausgezeechent gouf.
[1]
Am November 2019 huet d'Claire Parsons d'EP
Onoff
mam israeelesche Gittarist Eran Har Even vereffentlecht.
[3]
D'Joer drop koum hiren Debutalbum
In Geometry
um Plackelabel Double Moon Records eraus. Deen huet si mat hirem Quintett aus Eran Har Even, dem Pianist Jerome Klein, dem Bassist
Pol Belardi
an dem Batteur Niels Engel opgeholl.
[4]
2021 war si fir de Gesank um Album
Il labirinto dei topi
vun der italieenescher Drummerin Francesca Remigi hirem Projet Archipelagos verantwortlech. Am selwechte Joer huet d'Sangerin d'Grupp The Aquatic Museum matgegrennt, dar hiren Album mam selwechten Numm de 25. Mee 2023 eraus koum.
[5]
,
[6]
- 2019:
OnOff
(EP, mam Eran Har Even)
- 2020:
In Geometry
- 2021:
Il labirinto dei topi
(mat Archipelagos)
- 2023:
The Aquatic Museum
- ↑
1,0
1,1
1,2
sonicvisions.lu:
Biografie
(net dateiert)
- ↑
jazz-fun.de:
Biografie
(net dateiert)
- ↑
today.rtl.lu:
Luxembourgish jazz singer Claire Parsons
(16. Mee 2020)
- ↑
jazzmania.be:
Claire Parsons : In Geometry
vum Yves "JB" Tassin (15. September 2020)
- ↑
kulturlx.lu:
Fokus auf Claire Parsons, Preistragerin des Global Project Grant 2022 - Jazz
(25. August 2022)
- ↑
Claire Parsons: sortie de l’album “The Aquatic Museum”
(26. Mee 2023)