|
Desen Artikel iwwer en
Auteur
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
De
Carl Michael Bellman
, gebuer de
4. Februar
1740
zu
Stockholm
a
Schweden
, an do gestuerwen den
11. Februar
1795
war e schweedeschen Dichter. Hie gellt als de schweedeschen
Nationaldichter
.
Dem Bellman seng Haaptwierker si beids Liddersammlungen:
- Fredmans epistlar
(Dem Fredman seng Epistelen) mat 82 Lidder, 1790 zu Stockholm erauskomm, an ee Joer drop
- Fredmans sanger
(Dem Fredman seng Lidder) mat 65 Lidder.
De raichen Auermecher vum Haff Jean Fredman, deen de Branntewain an an onglecklecht Bestietnes an de Kulang bruecht haten, gouf den 13. Mee 1767 begruewen. Knapps e Joer duerno war hien d'Haaptpersoun vum Bellman senge Lidder. Eleng d'Spillerei mat den Nimm Bellman (bellum = Krich) a Fredman (= Friddensmann) weist um Bellman sain
Alter ego
hin. De Bellman war e Kand vun der Opklarung an hien hat enner anerem Freed drun, fir mat villem de Spunnes ze maachen. Seng Lidder ware Sauflidder, Lidder iwwer d'Leift an iwwer den Doud.
- Samlade skrifter
, (Samtlech Wierker), erausgi vum Jaon. Gabr. Carlen, Stockholm, 1861, 4 Bann.
- Skriften
(Schreften), erausgi vun der Bellamn-Gesellschaft, Stockholm, 1927, 8 Bann.
- Standardupplaga utgiven av Bellmanssallskapet
, Stockholm, 1921-2004, 21 Bann.
- Der schwedische Anakreon
, erausgi vum Adolf von Winterfeld 1856 zu Berlin, war dei eischt daitschsproocheg Editioun vu Bellman-Lidder.
Dei bekanntst Iwwersetzunge stame vum
Carl Zuckmayer
, deen 1938 och dem Bellman sain Theatersteck
Ulla Winblad
erausbruecht huet, vum
Fritz Grasshoff
, engem Brudder am Geescht a vum
Hans Carl Artman
, deen 1976 mam Michael Korth bei Heimeran eng zweesproocheg Auswiel mat Texter, dei ee sange kann erausginn.
Dem Bellman seng Lidder goufe vu villen daitsche Sanger interpreteiert: