De
Ronald Belford Scott
, besser bekannt als
Bon Scott
, gebuer den
9. Juli
1946
zu
Kirriemuir
a
Schottland
a gestuerwen den
19. Februar
1980
zu
London
, war Sanger a Frontmann vun der australescher Hardrock-Band
AC/DC
.
Hie gouf a Schottland gebuer, wou hien a seng Famill gelieft hunn, bis se
1952
an
Australien
ausgewandert sinn. Hien ass scho mat 15 Joer vun der Schoul gaangen an huet sech mat verschiddenen Aarbechten iwwer Waasser gehalen. Sain eischt kenschtlerescht Engagement hat hie mat der Band "The Spectators", wou hie gesongen an och Perkussioun gespillt huet. De greissten Erfolleg hat hie mat der australescher Rockband
AC/DC
. De Young-Bridder no war hien dei Persoun, dei d'Band zu engem Ganze geformt huet, dei verschidde Solo-Kenschtler zesummebruecht huet.
Seng Virleift fir seier Autoe war geneesou legendar wei seng Alkohol-Exzesser. Sou huet hien et spilles faerdeg bruecht, zwou Flasche
Bourbon
ze drenken, sech du mat Speed, Haschich a Kokain "zouzedrohnen", an dann nach mat dem Saz
"Okay, I'm ready!"
eng phenomeenal Show ofzeliwweren.
Den iwwermeissege Konsum gouf him schlussendlech awer zum Verhangnes. No enger duerchsoffener Nuecht gouf hien, zu Camden Town (London), dout a sengem Auto, virum Appartement vu sengem Frend
Allistear Kinnear
, opfonnt. Hien ass u sengem Erbrachenem ersteckt. Nemme sechs Deeg viru sengem Doud hat hie seng lescht Opnam mat "
The Trust
", wou si den
AC/DC
-Klassiker
Ride On
(frai iwwersat: "weidermaachen") gespillt hunn. De Bon Scott gouf um
Fremantle Cemetery's Memorial Garden
an Australien begruewen.