Angelo Secchi
|
---|
|
Gebuer
|
18. Juni
1818
Reggio nell’Emilia
|
---|
Gestuerwen
|
26. Februar
1878
Roum
|
---|
Nationaliteit
|
Kinnekraich Italien
|
---|
Aktiviteit
|
Astronom
,
Physiker
|
---|
Member vun
|
Royal Society
, Academie des sciences, Russesch Akademie vun de Wessenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wessenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino
|
---|
|
Den
Angelo Secchi
, gebuer den
29. Juni
1818
zu
Reggio Emilia
,
Italien
; gestuerwen de
26. Februar
1878
zu
Roum
war en italieeneschen
Astronom
a
Jesuittepater
.
De Secchi ass schonn am Alter vu 15 Joer dem Jesuittenuerde baigetratt a gouf mat 17 Student um
Collegio Romano
. Do krut hien nieft der Uerdensausbildung d'Meiglechkeet fir Astronomie ze studeieren.
Zu der Zait vun der revolutionarer
Reimescher Republik
Roum hunn d'Jesuitten d'Stad misse verloossen an de Secchi goung mat e puer Jesuitten an den
Exil
. An dar Zait schafft hien an den
Observatoire
vu
Stonyhurst
an
England
souwei am Georgetown College zu
Washington D.C.
, an den
USA
Wei hien zereck op Roum koum, huet hien
1850
d'Leedung vum Observatoire
Collegio Romano
iwwerholl.
De Secchi zerleet d'Liicht vun de
Staren
an der
Sonn
mat Hellef vu
Prismen
. Duerch d'Verdeelung vun de Faarfmusteren an donkel
Absorptiounslinne
bestemmt hien dei cheemesch Zesummesetzung vu Sonnen- a
Starenatmospharen
. Hien ennerscheet veier ennerschiddlech
Spektralklassen
.
Dem Secchi seng Aarbechten op deem Gebitt ware bunnbriechend an hie gellt als Pioneier vun der
Spektralanalys
.
De Secchi beschaftegt sech doriwwer eraus mat dem Afloss vun der Sonn op d'
Aerdatmosphar
an dar hir elektresch Erscheinunge souwei mat der
Meteorologie
.
De Secchi ennersicht och d'Liichtduerchleissegkeet um Mettelmier, wouzou hien extra e speziellt Miessverfahren entweckelt hat. Dei vun him erfonnte sougenannt
Secchischeif
gett och haut nach an der
praktescher Limnologie
gebraucht.
Him zu Eiere gouf en 22 km grousse
Krater
souwei eng 50 km laang Gebiergsgrupp, d'
Montes Secchi
, um
Aerdmound
genannt. Hien ass och den Entdecker vun deem no him benannte
Komeit
C/1853 E1.
Portal Astronomie