한국   대만   중국   일본 
Wolfgang Amadeus Mozart ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Wolfgang Amadeus Mozart

Vu Wikipedia
Mozart ass eng Weiderleedung op des Sait. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. enner Mozart (Homonymie)
Wolfgang Amadeus Mozart
Gebuertsnumm Johannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus Mozart
Gebuer 27. Januar 1756
Salzburg
Gestuerwen 5. Dezember 1791
Wien
Doudesursaach onbekannt
Nationaliteit Hellegt Reimescht Raich vun Daitscher Natioun
Aktiviteit Komponist , Musekspedagog, Pianist , Museker, Organist , Violonist
Famill
Bestuet mat Constanze Mozart
Papp Leopold Mozart
Mamm Anna Maria Mozart
Geschwester Maria Anna Mozart
Kanner Carl Thomas Mozart, Franz Xaver Wolfgang Mozart

De Wolfgang Amadeus Mozart , eigentlech Joannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus Mozart , gebuer de 27. Januar 1756 zu Salzburg , a gestuerwen de 5. Dezember 1791 zu Wien , war e Komponist vun der Wiener Klassik . Sain emfangraicht Wierk geneisst weltwait Populariteit a geheiert zum Standartrepertoire vun der Klassik. Hie selwer huet sech meeschtens Wolfgang Amade Mozart genannt, Amadeus huet sain Urspronk an der Latiniseierung dei an der Romantik Moud war.

Sai Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Wonnerkand (1756-1766) [ anneren | Quelltext anneren ]

De W. A. Mozart 1763 an Haffkleeder. De Papp Mozart huet an engem Breif den 19. Oktober 1762 geschriwwen: ?...Wollen Sie wissen wie des Wolferl Kleid aussieht? ? Es ist solches vom feinsten Tuch liloa=Farb....Es war fur den Prinz Maximilian gemaach...“

De W. A. Mozart ass de 27. Januar 1756 um aacht Auer owes zu Salzburg an der Getreidegasse 9 an enger Draizemmerwunneng vun engem Meifamilljenhaus (Hagenauer Haus) op d'Welt komm. Seng Elteren, dei aus beruffleche Grenn an d'kierchlecht Furstentum Salzburg geplennert waren, waren de furstaerzbeschofleche Vizekapellmeeschter Leopold Mozart aus Augsburg an d' Anna Maria Pertl aus Sankt Gilgen . Schonn um Virmetten no senger Gebuert gouf hien am Doum zu Salzburg op den Numm Joannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus gedeeft. De Ruffnumm war Wolfgang respektiv Wolferl.

Schonn am Alter vu veier Joer kruten hien a seng fennef Joer mei al Schwester Maria Anna Walburga Ignatia , genannt ?Nannerl“ vum Papp den eischte Musek- an Allgemengunterrecht (Piano, Gei a Kompositioun). Scho 1761 huet de Papp Mozart en Andante an en Allegro als ?Wolfgangerl Compositiones“ opgezeechent, deenen en Allegro an e Menuetto gefollegt sinn (dateiert op den 11. respektiv 16. Dezember 1761. Dat falschlecherweis emmer als freiste Kompositioun genanntent Menuett a Sol Majeur mat engem Menuett an Do majeur als Trio, KV 1, ass warscheinlech ereischt 1764 entstanen). Och dem Mozart seng Begabung am Pianos- a Geiespill ass seier daitlech ginn. 1762, also mat 6 Joer, hat hie seng eischt Optretter.

Eischt Concertsreese vum Wolfgang a senger Schwester Nannerl mat den Eltere goufen arrangeiert, fir dem Adel dei talenteiert Kanner ze presenteieren. Nom Erfolleg vum Wonnerkand zu Munchen an zu Wien huet d'Famill den 9. Juni 1763 eng wait Tournee duerch d'daitsch Lanner a Westeuropa ennerholl, dei bis den 28. November 1766 gedauert huet, wei si nees zu Salzburg ukomm sinn: Munchen , Augsburg , Ludwigsburg , Schwetzingen , Heidelberg , Mainz , Frankfurt am Main , Koblenz , Koln , Oochen , Breissel , Parais (18. November 1763), Versailles , London (23. Abrell 1764), Dover , Belsch , Den Haag , Amsterdam , Utrecht , Mecheln , nees Parais (10. Mee 1766), Dijon , Lyon , Genf , Lausanne , Bern , Zurich , Donaueschingen , Ulm a Munchen , wou d'Kanner bei Haff oder an effentlechen Akamedie musizeiert hunn. Warend dese Reese sinn, enner anerem, dei eischt Sonate fir Piano a Gei entstanen (dei veier Sonate fir Piano a Gei, KV 6 bis 9, sinn 1764 dei eischt gedreckte Kompositioune vum Mozart) souwei dei eischt Symphonie a Re # majeur (KV 16).

Gebuertshaus zu Salzburg

E wichtegt Resultat vun deser Rees war, datt de Mozart zu London mat der italieenescher Symphonie an Oper vertraut gemaach gouf. Do huet hien och de Johann Christian Bach kennegeleiert, deen hie sech als Virbild geholl huet. 1778 huet de Mozart aus Parais heem geschriwwen: ?..ich liebe ihn (wie sie wohl wissen) von ganzem herzen ? und habe hochachtung vor ihm..“.

Eischt Komponeieren zu Wien an Italierees (1766-1771) [ anneren | Quelltext anneren ]

Nodeem d'Famill nees zu Salzburg ukomm war, koum et zu eischten Uropfeierungen, dorenner och vun der Schouloper Die Schuldigkeit des ersten Gebotes , dei den eelefjaerege Mozart zesumme mat de wesentlech eelere Salzburger Haffmuseker Anton Cajetan Adlgasser a Michael Haydn komponeiert hat. Am September koum et zu enger zweeter Rees mat der Famill op Wien . Weinst enger Waasserpoukenepidemie sinn si op Brunn an Olmutz gefuer. D'Krankheet huet de Wolfgang a seng Schwester awer och do erreecht an huet (lt. mei Biographien) Leeenzeechen a sengem Gesiit hannerlooss. Nodeem d'Kanner nees gesond waren ass de Mozart den 10. Januar 1768 nees op Wien gaangen, wou hien d'Sangspill Bastien und Bastienne (KV 50), d' Waisenhausmesse (KV 139) souwei d' Opera buffa La finta semplice (KV 51) faerdeggestallt huet. Obscho vum daitsche Keeser Franz I. bestallt, konnt des lescht net opgefouert ginn; Grond waren Intrige vun der sougenannter italieenescher Partei ronderem den Haffintendant Giuseppe Affligio .

No 15 Meint zu Wien ass de Mozart mat senger Famill de 5. Januar 1769 nees op Salzburg zereckgaangen. Hei gouf La finta semplice den 1. Mee endlech opgefouert, an hei krut hien de 27. Oktober als Drette Concertsmeeschter vun der Salzburger Haffkapell seng eischt Plaz - och wann des net bezuelt gouf.

De Mozart (um Piano) musizeiert mam glaichaltregen Thomas Linley (Gei). Florenz 1770

Knapps drai Woche mei speit, den 13. Dezember 1769 , ass de Mozart mat sengem Papp zu der eischter vun drai ausseruerdentlech erfollegraichen Italiereesen opgebrach, dei - mat Ennerbriechunge vu Maerz bis August 1771 an Dezember 1771 bis Oktober 1772 - bal draianhallef Joer gedauert huet.

Dei eischt Rees huet si op Verona , Mailand , Bologna , Florenz , Roum , Neapel , Turin , Venedeg , Padua , Vicenza , Verona , Innsbruck an zereck op Salzburg gefouert. Hei huet de Mozart bis zum Hierscht gerascht, fir duerno fir e langeren (dretten) Openthalt op Mailand ze goen. Vum Poopst Clemens XIV. gouf hie 1770 zu Roum zum Ritter vum Gellene Sporn ernannt, ma hien huet, am Geigesaz zum Gluck, ni vum Privileeg sech "Ritter" ze nenne Gebrauch gemaach. Zu Roum ass et him gelongen, nodeem hien nemmen een oder zweemol den nengstemmege Miserere vum Gregorio Allegri heieren hat, de Grondkader vun deser Partitur (dei vum Vatikan streng geheim gehale gouf) aus dem Gediechtnis feelerfrai neierzeschreiwen. Net kloer ass, weiwait d'Sanger Stemmen beim Improviseiere koloreiert hunn, an op de Mozart dat opschreiwe konnt.

Beim Padre Giovanni Battista Martini zu Bologna huet de Mozart Kontrapunkt studeiert. No enger Prufung gouf hien an d' Accademia Filarmonica di Bologna opgeholl. Do ass hie bedeitende Museker wei dem Giovanni Battista Sammartini , dem Niccolo Piccinni , dem Pietro Nardini an dem Giovanni Paisiello begeint. De 26. Dezember 1770 huet hien d'Uropfeierung vu senger Opera seria Mitridate, Re di Ponto (KV 87) zu Mailand erlieft, dei beim Publikum e groussen Erfolleg war an zu zwei weideren Optrag gefouert huet: der Serenata teatrale Ascanio in Alba (KV 111, Uropfeierung zu Mailand de 17. Oktober 1771 ) souwei d' Dramma per musica Lucio Silla (KV 135, Uropfeierung zu Mailand an der Saison 1772/73). De 15. Dezember 1771 si Papp a Jong nees op Salzburg zereckkomm, nodeem sech d'Hoffnungen op eng Plaz an Italien net erfellt haten.

Salzburg (1772-1781) [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Salzburg gouf am Joer 1772 den Hieronymus vu Colloredo-Mannsfeld Furstaerzbeschof vu Salzburg als Nofollger vum verstuerwene Sigismund Christoph vu Schrattenbach . Vum neie Furst gouf de Mozart am August zum bezuelte Concertsmeeschter vun der Salzburger Haffkapell ernannt. Dest huet awer net zu engem Enn vun de ville Reese mat sengem Papp gefouert. De Mozart huet weiderhi versicht, dem enke Reglement vu sengem Salzburger Dengscht dovunzekommen. Vum 24. Oktober 1772 bis zum 13. Maerz 1773 war hien op senger dretter Italierees wou Lucio Silla Premiere hat, an och Exultate, jubilate ass entstanen. Vu Juli bis September 1773 war hien zu Wien , wou sain eischte Pianosconcert entstanen ass. Zanter Oktober 1773 huet D'Famill Mozart um eischte Stack vum Danzmeeschterhaus gewunnt, wat virdrun dem Salzburger Haffdanzmeeschter Franz Gottlieb Spockner (zirka 1705 ? 1767 ) geheiert hat.

Ennerschreft vum Mozart am Gaschtebuch vun der Mannheimer Sternwarte, 1778.

No enger Paus ass de Mozart de 6. Dezember 1774 op Munchen gereest, wou seng Opera buffa La finta giardiniera (KV 196) Premiere hat. Nodeem hien de 7. Maerz nees zu Salzburg war, huet de Mozart op en Neits versicht, sech zu Salzburg als musekalesche Kenschtler z'etableieren. Hien huet zum Beispill d' Dramma per musica Il re pastore den 23. Abrell 1775 zu Salzburg fir d'eischt opfeiere gelooss, ma et ass beim Publikum net gutt ukomm. Nodeem hien e puermol fir Conge gefrot hat, huet hien 1777 seng Kennegung agereecht, an huet gebieden, aus der Salzburger Haffkapell entlooss ze ginn.

Nodeem hien entlooss gi war, huet sech de W. Mozart den 23. September 1777 mat senger Mamm op eng Rees duerch verschidde Stied gemaach; hien huet versicht eng nei a besser Plaz ze fannen. Hien huet zu Munchen probeiert, duerno zu Augsburg an um Haff vum Mannheimer Kurfurst Karl Theodor , wou hien och de kurfurstlechen Orchester mam Kapellmeeschter Christian Cannabich kennegeleiert huet (kuckt och Mannheimer Schoul ). Ma och hei konnt hie keng Plaz oder e musekaleschen Optrag fannen. Hien huet awer d'Famill Weber kennegeleiert, an an d'Duechter Aloysia , eng jonk Sangerin a speider Munchner Primadonna, huet hie sech verleift.

No fennef Meint zu Mannheim sinn de Mozart a seng Mamm, op Drock vum Papp, op Parais gereest, wou si den 23. Maerz 1778 ukomm sinn. Hei konnt de Mozart emmerhi seng Balletsmusek Les petits riens opfeieren, ma och hei gouf et keng weider Engagementer. Den 3. Juli 1778 ass seng Mamm um 10 Auer owes gestuerwen.

Net begeeschtert hie sech drai Meint drop, de 26. September , nees op de Wee op Salzburg gemaach, fir d'Plaz vum Hafforganist ze kreien. Des Rees huet hien iwwer Stroossbuerg , Mannheim a Kaiserslautern op Munchen bruecht, wou hien nees der Famill Weber begeint ass. Ereischt am Januar 1779 ass hien nees zu Salzburg ukomm a gouf de 17. Januar zum Hafforganist ernannt. Hei huet hien d' Kronungsmesse (KV 317) komponeiert.

Desen neie Versuch mat engem Engagement zu Salzburg ass zwanzeg Meint einegermoosse gutt gaangen, obschonn d'Relatioune mam Aerzbeschof net dei bescht waren, well desen him enner anerem verbueden hat, bei grousse Concerten zu Wien matzemaachen. De 5. November 1780 ass hie fir d'Uropfeierung vu senger Opera seria Idomeneo (KV 366) den 29. Januar 1781 op Munchen gereest. Direkt drop gouf hie vum Aerzbeschof op Wien geruff, wou de Strait eskaleiert ass. De Mozart huet den 8. Juni 1781 zu Salzburg gekennert an ass op Wien geplennert. Sai Liewensennerhalt huet hie sech mat Concerten a privaten an effentlechen Akademie finanzeiert.

Wien (1781-1791) [ anneren | Quelltext anneren ]

Titelblat vum Libretto vu Le Nozze di Figaro , Prag, 1786.

Befreit vun de Salzburger 'Fesselen' huet den onofhangege Komponist a Musekschoulmeeschter, deen emmer op der Sich no Optrag a Pianosschuler war, dei ganz grouss Opere geschaf. De 16. Juli 1782 gouf zu Wien Die Entfuhrung aus dem Serail (KV 384), e Sangspill am Optrag vum daitsche Keeser an eistraicheschen Aerzherzog Joseph II. fir d'eischt Keier opgefouert. Den 1. Mee 1786 hat d' Opera buffa Le nozze di Figaro (KV 492) Premiere, den 29. Oktober 1787 den Drama giocoso Don Giovanni (KV 527) zu Prag , de 26. Januar 1790 d' Opera buffa Cosi fan tutte (KV 588) nees zu Wien (dei lescht drai no Libretti vum Lorenzo Da Ponte ), de 6. September 1791 d' Opera seria La clemenza di Tito (KV 621) zu Prag an den 30. September 1791 hat dei grouss Oper Die Zauberflote (KV 620) am Emanuel Schikaneder sengem Theater Premiere. Geschicht an Textr vun der Zauberflote ginn op den Emanuel Schikaneder zereck, a stellen eng spekulativ Meschung aus engem Virgangerwierk (?Der Stein der Weisen“), engem Maerche vum Wieland a fraimaureschen Attributer duer. An deser Phas huet de Mozart ausserdeem d' Messe in c-Moll (KV 427) (1783) a wichteg Instrumentalwierker komponeiert: dei sechs Straichquartetter , dei dem Joseph Haydn gewidmet waren (KV 387, 421, 428, 458, 464, 465) (1785), d' Linzer Sinfonie (KV 425), d' Prager Sinfonie (KV 504) (1786) an Eine kleine Nachtmusik (KV 525) (1787) souwei dei drai lescht Sinfonien Es-Dur (KV 543), g-Moll (KV 550) an C-Dur ( Jupiter-Sinfonie , KV 551) (1788).

Zu Wien huet de Mozart de Gottfried van Swieten kennegeleiert, de Prefekt vun der Keeserlecher Bibliotheik (haut: Eistraichesch Nationalbibliotheik ), e grousse Frend vun der Musek. Desen huet hie mat den Aarbechte vum Johann Sebastian Bach a Georg Friedrich Handel bekanntgemaach, wei en him (em 1782/83) d'Manuskripter, dei hie warend sengem laangen Openthalt zu Berlin gesammelt hat, bei de regulare Sondesconcerten an de Raim vum van Swietens an der Keeserlecher Bibliotheik zur Verfugung gestallt huet. D'Begeignung mat desem Barockkomponist huet op de Mozart en deiwen Androck hannerlooss, an hat e groussen Afloss op seng weider Kompositiounen.

De 4. August 1782 huet de Mozart sech mat der Constanze Weber , der Schwester vun der Aloysia, bestuet, dei hien drai Joer virdrun zu Mannheim kennegeleiert hat, an dei him sechs Kanner geschenkt huet: Raimund Leopold (1783), Karl Thomas (1784), Johann Thomas Leopold (1786), Theresia Konstantia Adelheid Friderika (1787), Anna (1789) a Franz Xaver Wolfgang (1791), vun deene veier awer kuerz drop nees gestuerwe sinn. Nemmen de Karl Thomas an de Franz Xaver hunn d'Kannerzait iwwerlieft. De Grousspapp respektiv Papp Leopold Mozart ass den 28. Mee 1787 gestuerwen, deen de Mozart a senge Wiener Joren nach zweemol besicht huet (1783) respektiv dee bei him zu Besuch war (1785).

Duerch seng Frendschaft mam Otto Heinrich vu Gemmingen-Hornberg ass de Mozart de 14. Dezember 1784 an d'Wiener Fraimaurerlog Zur Wohltatigkeit agetrueden. Hien huet och reegelmeisseg d'Wiener Log Zur wahren Eintracht besicht, wou de Fraimaurer an Illumiat Ignaz von Born Stullmeeschter war. Do gouf hien de 7. Januar 1785 zum Gesell a war och e Mount mei speit bei der Initiatioun vu sengem Frend Joseph Haydn dobai. Och dem Mozart sai Papp Leopold Mozart gouf Fraimaurer.

Speziell a sengen Operen Die Zauberflote an Le nozze di Figaro si gesellschaftskritesch Tein vun deser Memberschaft ze spieren. De 7. Dezember 1787 gouf hien zum k.k. Kammermusicus ernannt (mat engem Joresgehalt vun 800 Gulden fir d'Komponeiere vun e puer Danz fir d'Fuesent) an den 9. Mee 1791 zum Adjunkt vum Doumkapellmeeschter vu St. Stephan Leopold Hoffmann .

Mat der Opfeierung vum Figaro 1786, deen de Josef II. (daitsche Keeser an Aerzherzog vu Wien) fraiginn hat, obschonn de Figaro de System kritiseiert huet, huet de Wiener Public sou iwwerfuerdert, datt e sech vum Mozart zereckgezunn huet, a sech seng wirtschaftlech Situatioun emmer mei verschlechtert huet. Dese Messerfolleg war e wichtege Punkt a sengem Liewen. Erfolleg hat hien zu deser Zait nemmen zu Prag . Mat neie Reesen huet hie versicht, seng wirtschaftlech Situatioun ze verbesseren.

Des Reesen hunn hien zu den Opfeierungen op Prag (8. Januar bis Mett Februar 1787 an Enn August bis Mett September 1791) gefouert, awer och mam Furst Karl Lichnowsky iwwer Prag , Dresden a Leipzig op Potsdam a Berlin zum preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm II. (8. Abrell bis 4. Juni 1789), souwei op Frankfurt zu der Kreinung vum Keeser Leopold (23. September bis Ufank November 1790). Op Heemreesen huet hie Statioun zu Mannheim a Munchen gemaach.

Ma weeder d'Berliner Rees vu 1789 nach dei op Frankfurt 1790 konnten him en neie Wuelstand brengen: zu Berlin konnt hien naischt verdengen a krut och keng nei Plaz. D'Oper Cosi fan tutte , em dei de Keeser gebieden hat, hat nemmen e mettelmeissege Succes, och den Optrett zu Frankfurt an d'Premiere vum Tito zu Prag hu weineg Resonanz fonnt. Ereischt de Succes vun der Zauberflote huet eng wirtschaftlech Besserung versprach.

Lescht Wierker a freien Doud [ anneren | Quelltext anneren ]

No der Uropfeierung vu La clemenza di Tito zu Prag war de Mozart Mett September 1791 op Wien zereckkomm, an huet direkt un der Premiere vun der Zauberflote geschafft, dei zwou Woche mei speit ? endlech nees mat Erfolleg ? iwwer d'Bun gaangen ass. Glaichzaiteg hat hien d' Motette Ave verum corpus ausgeschafft, a mat der Nidderschreft vum Requiem (KV 626) ugefaangen, dei hien awer net mei ofschleisse konnt. Dat huet de Franz Xaver Sußmayr , e freiere Schuler vum Mozart, iwwerholl.

E puer Wochen no der Premiere vun der Zauberflote den 30. September 1791 huet de Mozart missen am Bett leiebleiwen, de 5. Dezember um 1 Auer an der Nuecht ass e gestuerwen a gouf den Dag drop begruewen. Hie gouf net ganz 36 Joer al.

D'Doudesursaach gouf ni eendeiteg geklaert. Genannt ginn ? hitziges Frieselfieber “ (Diagnos vum Laichebeschauer), Rheuma , Syphilis , Haerzversoen an Oderlooss . Hie selwer war dovun iwwerzeegt, datt hie vergeft gi wier, an huet dat och e puer Woche viru sengem Doud der Constanze bei engem Besuch am Prater erzielt: ? Gewiß, man hat mir Gift gegeben .“ Dei eischt Legende si scho kuerz no sengem Doud opkomm. Dei beruumtst dovu gett sengem anscheinend neidesche Kolleeg Antonio Salieri d'Schold, dee sech kuerz viru sengem eegenen Doud als Maerder vum Mozart genannt soll hunn.

Warscheinlech ass d'Doudesursaach awer scho bei enger Infektioun a senger Kandheet ze sichen; dei modern Medezin tendeiert dobai zu enger Infektioun mat Streptokokken , dei net behandelt gouf, an zu Haerz- an Organversoe gefouert huet. Laut enger anerer Theorie huet de Mozart u Syphilis gelidden, wat hien duerch Queckselwer bekampfe wollt. Eng Iwwerdoseierung soll zu enger Queckselwer-Vergeftung an domat zum Doud gefouert hunn.

Baigesat gouf de grousse Komponist an engem allgemenge Graf um Kierfecht vu Sankt Marx. Seng Wittfra huet d'Graf eng eischt Keier ereischt no 17 Joer besicht. 1855 gouf d'Plaz vu sengem Graf sou genee wei meiglech bestemmt an 1859 gouf op deser Plaz e Grafsteen gebaut, dee speider vun der Stad Wien an d'Grupp vun de Museker-Eieregriewer um Zentralkierfecht vu Wien iwwerdro gouf. Um ale Graf gouf duerch Eegeninitiativ vum Alexander Kugler eng Mozart-Gedenktafel gebaut, dei bis haut vill besicht gett.

Sai Wierk [ anneren | Quelltext anneren ]

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Kochelverzeichnis .

Operen [ anneren | Quelltext anneren ]

Kierchemusek [ anneren | Quelltext anneren ]

18 Massen , dorenner

Orchesterwierker [ anneren | Quelltext anneren ]

Kammermusek ouni Piano [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Straichduos und -trios
  • Straichquartetter
  • Straichquintetter
  • Bleiserquartetter
  • Quintetter mat Bleiser
  • Sextett Ein musikalischer Spaß (1787, KV 522)

Kammermusek mat Pianosbegleedung [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 35 Sonate fir Gei a Piano
  • Pianotrios
  • 2 Pianoquartetter
  • Pianoquintett Es-Dur (1784, KV 452)

Pianosmusek [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 18 Pianossonaten
  • Variatiounen iwwer verschidden Theemen
  • 27 Pianosconcerten
  • Eenzelstecker wei Fantasien, Rondos, etc.

Kanonen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Mozart huet Kanone mat Text an ouni Text geschriwwen. Enner deene mat Text fanne sech Wierker mat kierchlechem Inhalt:

  • Kyrie (KV 89), Alleluia (KV 553), Ave Maria (KV 555)

Et gett awer och Kanone mat zum Deel mei "ongeweinlechem" Text, deen un dem Mozart seng ?Basle-Briefe“ erennert. A ville Lidderbicher gouf den Text duerch eng "entschaerfte" Versioun ersat. Sou zum Beispill:

  • Bona nox, bist a rechter Ochs (KV 561)
  • Oh, du eselhafter Martin/Oh, du eselhafter Peierl (KV 560b/560a) ? Dei zwou Textfaassunge vun desem Kanon bezeie sech op dem Mozart seng Drenk- a Keelefrenn Philip (?Liperl“) Jacob Martin a Johann Nepomuk Peierl, mat deenen hie gar de Geck gemaach huet.

De veierstemmege Kanon KV Anh. 191 (562 c ) ass fir zwou Geien, Viola a Bass gesat.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

"Kochelverzeichnis" [ anneren | Quelltext anneren ]

Dem Mozart seng Wierker goufe vum Ludwig von Kochel am no him genannte Kochelverzeichnis (KV) katalogiseiert wat nach haut de Standartkatalog fir d'Kompositioune vum Wiener Klassiker ass. Eng eischt Editioun ass 1862 erauskomm.

  • Der kleine Kochel. Chronologisches und systematisches Verzeichnis samtlicher musikalischer Werke von Wolfgang Amade Mozart 11. Oplo, 1988, Breitkopf & Hartel, Wiesbaden
  • Chronologisch-thematisches Verzeichnis samtlicher Tonwerke Wolfgang Amade Mozart's , 2006, Olms

Breiwer [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Internationale Stiftung Mozarteum Salzburg (Ersg.), Briefe und Aufzeichnungen. Gesamtausgabe. , Gesammelt an erklaert vum Wilhelm A. Bauer an Otto Erich Deutsch [1962ff.]. Erweidert Editioun ersg. vum Ulrich Konrad. 8 Bann, Barenreiter, Kassel a. a., 2005.
  • Stefan Kunze (Ersg.), Briefe , Reclam, Stuttgart, 2005. ( ISBN 3-15-010574-9 )
  • Silke Leopold (Ersg.), Guten Morgen, liebes Weibchen! Mozarts Briefe an Constanze , Barenreiter, Kassel a.a., 2005.
  • Juliane Vogel (Ersg.), Die Basle-Briefe , Reclam, Stuttgart, 1993.

Biographien a Gesamtinterpretatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Alfred Einstein, Mozart, his character, his work (1945), Neioplo Fischer TB, 2005.
  • Martin Geck, Mozart. Eine Biographie. Rowohlt, Hamburg, 2005.
  • Wolfgang Hildesheimer, Mozart. , Neioplo Insel TB, 2005.
  • Silke Leopold (Ersg.), Mozart-Handbuch. Metzler-Verlag a Barenreiter-Verlag, Stuttgart a Kassel, 2005.
  • Maynard Solomon, Mozart. Ein Leben. Metzler, Stuttgart, 2005.
  • Brigitte Hamann, Mozart. Sein Leben und seine Zeit. Ueberreuter, Wien, 2006.

Monographien [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Volkmar Braunbehrens, Mozart in Wien 2006, Piper. Neiinterpretatioun vun de bekannte Primarquellen aus geneeer Kenntnis vun de Liewensverhaltnisser am Josephinesche Wien .
  • Wilhelm Otto Deutsch: Mozart und die Religion 2005

Belletristik [ anneren | Quelltext anneren ]

  • E. T. A. Hoffmann, Don Juan in Fantasiestucke in Callot's Manier. l 1814.
  • Eduard Morike, Mozart auf der Reise nach Prag. Frankfurt, 2005.
  • Wolf Wondratschek, Mozarts Friseur. DTV TB, 2004.

Bunewierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Aleksander Sergejevitsch Puschkin, Mozart i Saljeri. Schauspill, 1832. ( ISBN 3-15-008094-0 )
  • Nikolai Rimski-Korsakow, Mozart i Saljeri. Oper (nokm Pu?kin-Text), 1897.
  • Peter Shaffer, Amadeus. Schauspill, 1979, ( ISBN 3-15-009219-1 )
  • Michael Kunze & Silvester Levay, Mozart!. Musical.

Filmer [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Wolfgang Amadeus Mozart ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: Wolfgang Amadeus Mozart ? Quellentexter