Hei fannt dir eng kleng Lescht, wat dir beuechte sollt, wann dir Biller op d'Wikipedia eropluet:
- ALL BILD, DAT EROPGELUEDE GETT, MUSS ENG VALABEL LIZENZ HUNN. BILLER OUNI VALABEL LIZENZ GI GELASCHT.
- Dir musst e registreierte User sinn, fir Biller/Fichieren eropzelueden.
- Virum Eroplueden, liest den Text op der Eropluedsait an halt Iech wgl. drun!
- Benotzt d'
Descriptiounssait
vum Bild fir Informatiounen iwwer d'Source an zum Copyright ze noteieren.
- D'Bild
muss
e kloer formuleierten Numm hunn, fir datt et net verwiesselt oder iwwerschriwwe gett (zum Beispill "Marienkirche_Hintertupfing.jpg" amplaz "Bild 1.jpg").
Fir Biller eropzelueden, benotzt wgl. d'
Spezialsait Eroplueden
. Aert Bild ass dann an der
Billerlescht
ze fannen.
Fotoe sollten d'
JPEG
-Format hunn; Iconen, Zeechnungen, Kaarten, Fandelen d'
PNG
-Format.
GIF
-Biller sollten a PNG konverteiert ginn, ausser Animated GIFs.
Opgepasst:
- Fir e Bild emzebenennen, muss d'Bild nacheemol enner dem neien Numm eropgeluede ginn, an dei al Versioun muss vun engem Administrator gelascht ginn.
- Bei engem Bild wat et scho gett, gett dei al Versioun duerch dei nei, dei eropgeluede gett, ersat.
- Opgepasst bei den Nimm: Notre-dame.jpg ass net dat selwecht wei Notre-Dame.jpg. Passt op d'Grouss- a Klengschreiwung op.
Zu all Bild existeiert och eng Descriptiounssait, op dei ee kennt, wann een op e Bild an engem Artikel klickt. Do fannt der den Historique vum Bild an och eng Lescht mat de Saiten dei d'Bild benotzen.
Des Descriptioun soll follgendermoossen ausgesinn:
- Sujet:
(em wat d'Bild geet, wat drop ofgebilt ass - zum Beispill
Parkierch zu Bouneweeg
-, wann et geet, och den Datum, weini d'Bild gemaach gouf)
- Auteur:
(Are Benotzernumm, wann d'Foto vun Iech ass, oder den Numm vum Fotograf. Am leschte Fall muss och d'genee Source dostoen.)
- Source:
(wann d'Bild net vun Iech ass: wou der d'Bild hierhutt, mat geneeem Numm vum - a Link op de - Ficher.
- Lizenz:
(enner weienger Lizenz d'Bild steet: am Normalfall "Creative Commons BY-SA 3.0"(d.?h.: weidere Gebrauch ass erlaabt, soulaang d'Lizenz dei selwecht bleift an den Auteur genannt gett) oder
Domaine public
(am Fall vun historesche Fotoen oder vu Konschtwierker, wou den Auteur mei wei 70 Joer dout ass. Ass d'Bild vun engem aneren,
muss
d'Lizenz dei et huet, iwwerholl ginn (an natierlech zougelooss sinn). Am Menu, wann Dir eropluet, kennt der se eraussichen.)
Biller gi mat
[[Fichier:Numm|Beschreiwung]]
an den Artikel agebaut.
D'Bild gett dann an Originalgreisst op der lenkser Sait ugewisen. Well bei grousse Biller d'Saiten allerdengs laang luede mussen, ass et besser,
Thumbnails
ze benotzen.
Syntax
|
Resultat
|
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|Prisma]]
|
|
Zanter
MediaWiki 1.3
gett et d'Optioun "framed", z.?B.
[[Fichier:Numm|framed|Beschreiwung]]
. D'Bild behalt d'Originalgreisst, ma et gett agerummt.
Syntax
|
Resultat
|
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|framed|E [[Prisma]] an enger Rumm]]
|
|
Mediawiki kann och Thumbnails genereieren. Dofir musst dir
thumb
oder
thumbnail
tescht de Numm an d'Beschreiwung schreiwen, zum Beispill
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|thumb|Beschreiwung]]
.
Mat
[[Fichier:Prisma.png|thumb|100px|Beschreiwung]]
kann een d'Greisst vum Thumbnail op 100 Pixel festleeen (Standard, wann een naischt agett, sinn 180 Pixel).
D'Optioune
left
,
right
an
none
bestemmen op d'Bild lenks oder riets ugewise gi soll.
Syntax
|
Resultat
|
[[Fichier:Lachen.png|left|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass virun allem am Chat e
beleiften Emoticon.
|
E
Smiley
ass virun allem am Chat e beleiften Emoticon.
|
[[Fichier:Lachen.png|right|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass virun allem am Chat e
beleiften Emoticon.
|
E
Smiley
ass virun allem am Chat e beleiften Emoticon.
|
[[Fichier:Pilzkorb.jpg|thumb|center|100px|E Kuerf voller Champignonen]]
|
|
Luet wgl. nemme Biller erop dei entweder aus dem
Domaine public
sinn oder dei entweder enner der
GFDL
oder enger
Creative Commons
Lizenz stinn. Zu all Bild
muss
eng
Source
an eng
Lizenz
op der Descriptiounssait gespaichert sinn.
Wann dar selwer den Auteur vun enger eropgeluedener Foto sidd, da kennt der frai bestemmen, enner watfir eng Lizenz der aert Bild gare setzt. Generell setzen d'Wikipedianer hir Biller enner d'GFDL Lizenz, mee der kennt awer och en anere fraie Lizenztext opsetzen. Frai heescht an deem Kontext, datt ar Lizenz generell all Gebrauch vun arem Bild erlabe soll (e.?E. enner Oplage wei z.?B. d'Obligation fir iech als Auteur unzeginn) an net just den net-kommerzielle Gebrauch vun arem Bild (sou eng net-kommerziell Lizenz ass op der Wiki zwar net formell verbueden, mee trotzdeem ausdrecklech net erwenscht, an zwar aus
diverse Grenn
).
Dei engleschsproocheg Wikipedia verfiert dacks nom US-amerikanesche
Fair Use
-Prinzip. Heiansdo gesait een och op der letzebuergeschsproocheger Wikipedia Biller, dei no deem Prinzip behandelt ginn, obwuel dest Prinzip enner letzebuergeschem Recht guer net existeiert. Hei gouf dann argumenteiert, datt d'Server an den USA stinn an dofir US-amerikanescht Recht sech och op dei letzebuergeschsproocheg Wikipedia applizeiert. Aner Stemme gebrauchen dogeint als Rattachementscritere d'Lokalisatioun vum Public vun enger Wikipedia, wat enner Emstann zur Applikatioun vum letzebuergesche Recht feiere keint. Soulaang des Rechtsonsecherheet net vun engem letzebuergesche Geriicht definitiv a prinzipiell trancheiert gouf, gett dofir generell recommandeiert, keng Biller enner Fair use Lizenz op des Wikipedia eropzelueden. Liest heizou och den Artikel iwwer
Diskussioun: Copyright-Paranoia vermeiden (engl.)
an deen iwwer d'
Richtlinne fir d'Applikatioun vun der Ausnamsdoktrin
(EDP).
Wann dir garen e Bild geift abauen, ma dir hutt awer keent dat passt, luusst emol bei
Commons
.