Mir sinn de(n)
25. Mee 2024
, 04:18 UTC.
Des Sait muss ennerhale ginn, fir e Senn ze hunn. Si fellt sech net vum selwen. Fraiwelleg Mataarbechter si mei wei wellkomm.
Kuckt och:
2006
,
2007
,
2008
, asw. fir eng Iwwersiicht, wat Wichteges geschitt war.
|
- Dei hollannesch
ABN Amro
-Bank verleiert hir Onofhangegkeet: D'
Barclays
-Bank iwwerhelt hir Konkurrentin fir 70 Milliarden €. Dei nei
Hoding
waert
Barclays PLC
heeschen. Et "verschwannen" 12.800 Aarbechtsplazen.
- Dei letzebuergesch Motopoliziste gi mat schwaarze Liedercombinaisone mat orange Schellerstecker equipeiert, dei am Schwarzwald fabrizeiert ginn
- 13. August
: Den
David Fiegen
gewennt dei eischt Europameeschterschaft-Medail fir Letzebuerg. Mat enger Zait vun 1.46:59 gewennt hien eng Selwermedail am 800m hanner dem Hollanner Bram Som.
- 11. Mee
: Fir d'5. Keier gett zu Letzebuerg den
Girls' Day
organiseiert deem sain Zil et ass, am Senn vun der
Glaichberechtegung
de Meedercher mei technesch Beruffer mei no ze brengen. An
Daitschland
ass de Girl's Day de
27. Abrell
.
- 10. Mee
Glaich 5 gutt Neiegkeete koumen aus der an der Lescht dach staark gebeidelter letzebuergescher Wirtschaft. Den amerikaneschen Autozouliwwerer Delphi waert sai Wierk zu
Nidderkaerjeng
awer net zoumaachen. Obwuehl Delphi ugekoennegt huet weltwait eng Rei Wierker zou ze maachen, solle verschidden Aktiviteiten zu Letzebuerg ausgebaut ginn. 20 Nei Aarbechtsplaze solle sou geschaafe ginn. Wann d'
WSA
sech vu
Beetebuerg
zreckzitt waert dat eidelt Areal net laang eidel stoen. Wei de Wirtschaftsminister
Jeannot Krecke
matgedeelt huet, stinn eng Partie Projeten zur Diskussioun. D'Regierung preconiseiert eng Leisung am Logistik Beraich. An och zu Jonglenster get et ee Repreneur fir eng Firma dei hir Dieren zoumecht. Wann d'Firma
Cement
hei demnachst d'Luuten ausmecht waert den deitschen
Hela
Groupe kuerz duerno an de Startlacher stoe fir se nees unzeknipsen. 30 Aarbechtsplaze si vun der Fermeture vu Clement betraff. 60 bis 70 Aarbechtsplaze solle vun Hela nees nei geschaf gin. 2 Entreprisen dei viru Kuerzem nach a finanzielle Schwieregkeete waren, hunn haut hir Bilane vun 2005 respektiv vum 1. Quartal 2006 presenteiert. D'Mediegrupp
Saint-Paul
an de Logistikkonzern
Thiel
schreiwen nees schwaarz Zuelen.
- 0
9. Mee
: De
Groussherzog
Henri a seng Fra sinn haut vum
Poopst
zu
Roum
an
Audienz
empfaange ginn.
- 0
3. Mee
: Uganks des Joer ware
Geruchter
an Emlaf komm no deenen d'
Monopol-Geschafter
a finanzielle Schwieregkeete wieren. Nach den 18. Februar huet d'Generaldirektioun verkoennegt dat un dese Geruchter naischt dru wier, a si hu virun der
Presse
Entwarnung ginn wat eventuell
Entloossungen
geif ugoen. De
26. Abrell
dunn ass d'Nouvelle ageschloe wei eng Bomm. De Monopol ass um Enn an all seng 10 Geschaefter waerten nach dest Joer hir Dieren zoumaachen. 263 Mataarbechter stinn domat virun der Dier. Haut sinn d'Verhandlungen em e
Sozialplang
ugaangen, an et schengt wei wann den neien Modell vum
Maintien dans l'emploi
vun alle Bedeelegten geif preconiseiert ginn.
- 0
2. Mee
: De Premier
Jean-Claude Juncker
huet an der
Chamber
seng
Deklaratioun zur Lag vun der Natioun
gemaach.
- 22. Maerz
:
Weltwaasserdag
.
- 20. Maerz
:
Irak
.An der Editioun vum 20. Maerz publizeiert
Time
, wei et dozou koum datt den 19. November US-Marines, no enger Bommenattack, 15 onbewaffent irakesch Zivilleit (dorenner siwe Fraen an drai Kanner) an hiren Haiser erschoss hunn. (
http://www.time.com/time/world/printout/0,8816,1174649,00.html
)
- 19. Maerz
:
Waissrussland
.Bei enger Walbedeelegung vun 92,6?% a
Waissrussland
kritt den aktuelle President
Alexander Lukaschenko
no offiziellen Donneeen 82,6 Prozent vun de Stemmen. De SPIEGELonline schreift vu "Wahl-Farce" ", am Deutschlandradio-Kultur bezeechent den EU-Komminssiounsvizepresident
Gunter Verheugen
Waissrussalnd als dei "lescht wierklech Diktatur" an Europa. Den Delegatiounschef vun de 467 Walobservateure vun der
GUS
, de Wladimir Ruschailo, seet virun der Press, d'Wale wieren no de waissrussesche Gesetzer verlaf.
- 17.
-
19. Maerz
: Den
23e Festival des migrations des cultures et de la citoyennete
an der
Luxexpo
um Kierchbierg mat den Themen "Neit Gesetz zur Asylpolitik", "Illegal Immigratioun", "Wat fir eng Meiproochegkeet fir Letzebuerg?". Organiseiert gett de Festival vum
CLAE
.
- 16. Maerz
: An der Chamber zu Letzebuerg geet Rieds iwwer d'Kooperatioun an iwwer d'Annerung vun der Verfassung: d'Glaichsetzung vu Mann a Fra!
- 0
8. Maerz
: Den Internationale Fraendag ass ouni vill Gedausch iwwer d'Buhn gaangen. D'EU appelleiert un d'Manner un dar Aktioun deelzehuele geint Zwangsprostitution warend der WM-Foussballweltmeeeschterschaft, wou mat 1.000.000 den Dag un Agressiounen u Frae gerechent gett: Kaf vu Sex eng Menscherechtsverletzung.
- 0
3. Februar
: Honnerten
Indonesier
hunn haut mam Slogan "Loosst eis den daneschen Ambassadeur schluechten" dei danesch Botschaft gestiermt an alles kuerz a kleng gehaen. Ronn 100 Poliziste stoungen do fir deem Crime nozekucken ouni iergendeen ze verhaften oder anzegraifen. An der Nuecht si
palestinesesch
Al-Aksa-Brigaden an Hotellen agedronge fir no Europaer ze sichen dei embruecht oder entfouert solle ginn. Hannergrond vun deene Doten as d'Vereffentlechung vu satireschen Zeechnungen iwwer de
Mohammed
, dei zioer vun der danescher Zeitung
Jyllands-Posten
als Protest geint Selbstzensur a Beschrankung vun der Meenungsfraiheet vereffentlecht goufen, a mettlerweil vu villen europaeschen Zeitunge solidaresch nogedreckt goufen.
- 27. Januar
: Den indesche Milliardar
Lakshmi Mittal
huet haut de muere bekanntginn, datt sai Stolkonzern
Mittal Steel Company
welles huet, fir 18,6 Milliarden Euro d'
Arcelor
opzekafen. Mittal Steel ass am Moment a Saache Stol d'Nummer 1 op der Welt an d'Arcelor d'Nummer 2 - wann dese feindleche Coup op der Bourse duerchgoe geif, keint en neie Stolgigant entstoen, deem u Letzebuerg als Standuert a Gesellschaftssetz net onbedingt geleeen ass. D'Letzebuerger Vollek erwaart elo vu senger Regierung, datt se kloer Positioun bezitt a Moossname geint de Verloscht vun der greissten Entreprise aus dem Land helt. Obscho se elo net dei finanziell Moyenen huet fir hir Eegebedeelegung substantiell eropzesetzen, ka se emmer nach op eng Annerung vun de Statute vun der Arcelor poche fir datt en Investor mat mei wei 50?% vun den Aktien just nemme maximal 5?% vun den Droits de Vote ausube kann, oder se misst - grad wei Frankraich - kuerzfristeg Gesetzer huelen dei auslannesch Investitiounen a sensibel Beraicher u bestemmt Oploen a Garantie bennt (z.?B. Standuert a Gesellschaftssetz op d'mannst 15 Joer am Land ze loossen).
- 16. Januar
: An der
Tierkei
huet d'
Vullegripp
haut e veiert Doudesaffer gefuerdert. Op d'mannst 20 weider Persounen hu sech mam Erreger infizeiert. Et gett elo gefaart, datt de Virus H5N1 vun do mat Zuchvigel oder Menschen och an Europa komme keint.