한국   대만   중국   일본 
Weltraumfuerschung ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Weltraumfuerschung

Vu Wikipedia

Weltraumfuerschung (engl. space exploration ) ass d' erfuersche vum Weltraum entweeder duerch Observatioun, Sondeierung vun Himmelskierper oder duerch terrestresch (op der Aerd duerchgefouert) Experimenter , dei sech op Zoustann am Weltraum iwwerdroe loossen.

Am Ufank vum 21. Joerhonnert Fuerschungen am Weltraum si besonnesch

Raumfaart a Weltraumfuerschung ginn dacks verwiesselt, d'Weltraumfuerschung ass awer effektiv en Deel vun der Raumfaart: Si beschaftegt sech haaptsachlech mat der Fuerschung an der technescher Entwecklung, warend Raumfaart och den Transport vun z. B. Satellitten an den Orbit oder anlech Missiounen aschleisse kann.

Bemannt Weltraumfuerschung [ anneren | Quelltext anneren ]

Ufank 1961 [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Buzz Aldrin trett op de Mound.

Wei d' Sowjetunioun hiren eischte Kosmonaut Juri Gagarin op d'Aerdemlafbunn gescheckt hat, hat an der Sowjetunioun an an den USA dei bemannt Weltraumfuerschung , och als Wettlaf tescht de gesellschaftleche Systemer ugefaangen. Mat der Moundlandung vun den d'USA hat dei bemannt Weltraumfuerschung hiren eischten Heichpunkt erreecht. Dozou ziele virun allem d' Apollo-Flich , mat en ettleche Landungen um Mound.

Plang [ anneren | Quelltext anneren ]

An Zukunft keint d'Weltraumfuerschung d' Raumfuerer och op aner astronomesch Objete schecken, wei de Mars oder d' Jupitermounden , woubai d'Ineffizienz vun den Undriffer , d'Weltraumreesen zu langeren Operatiounen mecht. Glaichzaiteg si Ravitaillementsproblemer z'erwarden, wat Dreifstoff , Iessen , Loft , Waasser asw. ubelaangt. Ausserdeem gett fir Raumfuerer, dei sech wait baussenzeg vum Magneitfeld vun der Aerd beweegen, dei kosmesch Stralung zum Beispill bei Sonneneruptioune gefeierlech, dei bei mei laanger Aussetzungsdauer de Kribs -Risiko erheije kann. Soumat bleift d'bemannt Weltraumfuerschung op friemen Objeten, op d'mannst an den 2010er Joren, onwarscheinlech.

Nei wessenschaftlech Erkenntnesser aus der bemannter Weltraumfuerschung [ anneren | Quelltext anneren ]

Ennersicht ginn haaptsachlech d'Auswierkunge vun der Schweierlosegkeet op de Mensch , op d' Deieren an op d' Planzen .

Onbemannte Weltraumfuerschung [ anneren | Quelltext anneren ]

Voyager-Programm

Start an d'Weltraumzaitalter am Joer 1957 [ anneren | Quelltext anneren ]

De Sputnik 1 , den eischte kenschtleche Satellit am Oktober 1957 gestart, markeiert den Ufank vun der onbemannter Weltraumfuerschung. Am Laf vun de follgende Joerzengte koume vill Raumfluchkierper no, dei den aerdnoe Raum, Asteroiden, d'Recksait vum Aerdmound a souguer d'Uewerflach vum Mars wessenschaftlech erfuerscht hunn.

Hechstwarscheinlech gett och an Zukunft haaptsachlech Weltraumfuerschung mat automatesche Sonde gemaach, well des dei meescht erfuerdert Aufgaben och gutt oder souguer nach besser wei Menschen ausfeiere kennen, op hirem Fluch keng Ravitaillementsproblemer hunn, souwei weeder op e Reckfluch, nach op eng emfaassend Liewenserhalung u Bord ugewise sinn. Dat alles mecht si bedeitend mei genschteg a gett hinnen vill Virdeeler bei Asazmeiglechkeeten an Asazdauer. Den eenzegen Nodeel geigeniwwer der bemannter Weltraumfuerschung ass de Manktem vu Flexibiliteit vun de Sonden, dei nemmen dei programmeiert Aufgaben erfelle kennen.

Dei mat Ofstand langst onbemannt Fuerschungsmissiounen am Weltraum sinn dei beid am Joer 1977 gestart Sonden Voyager 1 a Voyager 2 , dei emmer nach opereieren an an der Teschenzait d' Sonnesystem verlooss hunn. Aner onbemannt Missiounen sinn Deep Impact oder dei beid Mars-Rover Spirit an Opportunity .

Spektakular wessenschaftlech Erkenntnesser aus der onbemannter Weltraumfuerschung [ anneren | Quelltext anneren ]

Vun de villen onerwaarte Raumsonderesultater ass hei noteiert: De Vulkanismus um Jupitermound Io , dei dicht Atmosphare vun der Venus , Geysiren um Neptunmound Triton , Methanseien um Saturnmound Titan .

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Weltraumfuerschung ? Biller, Videoen oder Audiodateien