De
Victor Ferrant
, gebuer de
4. Februar
1856
an der
Stad Letzebuerg
a gestuerwen de
27. September
1942
och do, war e
letzebuergeschen
Naturfuerscher a -moler.
De Victor Ferrant huet op Dirangele vu sengem Papp hin, dee wollt, datt hie sollt seng
Millen
d'
Ferrantsmillen
, dei haiteg
Auberge Thillsmillen
tescht
Mamer
a
Koplescht
, iwwerhuelen, Handels- an Industriewessenschaften zu
Parais
studeiert. Sain Haaptintressi war awer d'Natur. Zu Parais huet hien dei zwei letzebuergesch
Botaniker
Julien Vesque
a
Guillaume Capus
kennegeleiert.
1890
ass de Victor Ferrant an de
Service Agricole
agetrueden, wou en d'Charge hat, de
phytopathologesche
Service auszebauen. 1902 gouf e Chef vun deem Service.
1892
gouf e Konservator vun der naturwessenschaftlecher Ofdeelung vum
Staatsmusee
. Des Charge huet en och nach no senger Pensioneierung,
1924
, bis zu sengem Doud weidergefouert, well keen Nofollger ze fanne war. 1890 war hie Matgrenner vun der
Societe des naturalistes luxembourgeois
an huet veier Joer d'Presidentschaft vun der Gesellschaft iwwerholl (1890-1892 an och 1894).
Hie war e. a. Member vun der
Societe entomologique de Belgique
,
Membre correspondant
vum
Museum de Paris
a
Membre associe
vun der
Societe d'Anthropologie de Paris
.
An der Stad Letzebuerg an zu
Gonnereng
ass eng Strooss nom Victor Ferrant genannt.
- Faune des Mollusques terrestres et fluviatiles du Grand-Duche de Luxembourg
. 1902.
- Die schadlichen Insekten der Land- und der Forstwirtschaft, ihre Lebensweise und Bekampfung
. 1907-1911.
- Faune du Grand-Duche de Luxembourg. Poissons (1915). Amphibies et Reptiles (1922). Oiseaux (1926, 1931, 1933). Mammiferes
(1930, 1931).
- Die fluvioglazialen Schotterterrassen des Moseltals auf Luxemburger Seite und ihre Stellung im System
. 1933.
Eng ganz Retsch Deieren, virun allem
Kiewerleken
, goufen no him genannt, a kruten de wessenschaftlechen Numm
ferranti
. Och eng
Gattung
gouf no him genannt:
Ferrantia lujae
(Aartennumm nom
Edouard Luja
).
De
Naturmusee
huet eng wessenschaftlech Publikatiounsserie, dei den Titel
Ferrantia
dreit.
- Guinet, J.-M., 2002. Victor Ferrant (1856-1942).
Ferrantia. Travaux scientifiques du Musee national d'histoire naturelle
33: 1.
[1]
- Massard, J.A.
, 1990. Victor Ferrant (1856-1942). In:
Livre du Centenaire 1890-1990. Bulletin de la Societe des naturalistes luxembourgeois
91: 118-121.
[2]
- Massard, J.A., 2015.
La Societe des naturalistes luxembourgeois de 1890 a 2015.
Bulletin de la Societe des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302 [Biographie V. Ferrant: S. 23-29].
- ↑
1,0
1,1
1,2
1,3
Biographie vum Victor Ferrant
geschriwwe vum
Marcel Heuertz
op der Websait www.snl.lu Saiten:169 bis 176