Uniqlo Co., Ltd.
(
Japanesch
:
株式?社ユニクロ
, Kabushiki-gaisha Yunikuro) ass eng
japanesch
Firma dei salopp
Kleeder
designt, fabrizeiert a verkeeft. D'Firma dei ursprenglech a Japan gegrennt gouf, huet sech am
21. Joerhonnert
iwwer Japan eraus verbreet a gouf seier eng grouss Kleedermark, verglaichbar mat Firme wei
H&M
. Uniqlo hat 2023 mei wei 2.400 Geschafter weltwait.
[1]
Uniqlo gouf 1949 zu
Ube
(
Yamaguchi
) als en Deel vun der Firmegrupp
Fast Retailing Group
gegrennt
[2]
an am Joer 1984 ass en Unisex
casual
Kleedergeschaft mam Numm
Unique Clothing Warehouse
zu
Hiroshima
opgemaach ginn; mei speit gouf den Numm op
Uniqlo
gekierzt.
Uniqlo huet sain eischte Buttek baussent Japan 2001 zu
London
opgemaach an 2002 sain eischte Buttek zu
Shanghai
. 2005 huet dei eischt amerikanesch Uniqlo-Filial zu
New York
opgemaach.
[3]
Uniqlo beschaftegt den Ament
(2023)
mei wei 30.000 Leit a schafft a mei wei 25 Lanner. Et gett iwwer 800 Uniqlo Geschafter a
Japan
(dovun der iwwer 100 eleng zu
Tokio
) an iwwer 70 Geschafter an Europa.
[4]
Et gett sechs Uniqlo Geschafter am
Benelux
. D'Ouverture vun der eischter Filial an der
Belsch
war am Oktober 2015 an an
Holland
am September 2018. Zu
Letzebuerg
goung dat eischt Geschaft am Oktober 2023 op.
Zu Letzebuerg huet de 26. Oktober 2023 den eischten Uniqlo-Buttek an der
Groussgaass
an der
Stad
opgemaach. De Kaman Leung, COO vun Uniqlo Benelux, sot am Interview, datt Uniqlo an Holland an an der Belsch gutt opgeholl gett an et dofir Zait wier, eng Filial zu Letzebuerg opzemaachen.
Re.Uniqlo
, wou een d'Kleeder ka flecken a bitze loossen, ass och zu Letzebuerg disponibel. Fir d'Ouverture huet d'Letzebuerger Designerin
Lynn Cosyn
eng
Broderie
mat Letzebuerger Motiven entworf, dei een op eng Posch oder op d'Kleeder bitze kann.
D'Filial an der Stad ass 900 Quadratmeter grouss an huet 3 Stack.
[5]
- ↑
Group Outlets
(en)
- ↑
[1]
- ↑
FAST RETAILING CO., LTD. - Annual Report 2005
- ↑
Business
(en)
- ↑
Uniqlo opens in Luxembourg City
(en)